Search

You may also like

10 Joer ORT Musel: Mat Hoffnung an d’Joer 2021
International Neiegkeeten

10 Joer ORT Musel: Mat Hoffnung an d’Joer 2021

Am vergaangene Joer huet d’Pandemie d’Welt op d’Kopp gehäit. Trotz

Wien: Treffe vun den däitschsproochege Finanzminister
International Neiegkeeten

Wien: Treffe vun den däitschsproochege Finanzminister

Ufank dëser Woch war de Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna (DP)

Hëtztwell iwwer Lëtzebuerg – Et ass Virsiicht gebueden!
International Neiegkeeten

Hëtztwell iwwer Lëtzebuerg – Et ass Virsiicht gebueden!

Ugesiichts den aktuelle Wiederkonditiounen, befannen sech eis Waasserleef wäit ënner

Véier Froen un d’Crew vun der Sea-Watch 4

Véier Froen un d’Crew vun der Sea-Watch 4

D’Lucrezia ass als „Guest Coordinator“ u Bord vun der Sea-Watch 4. Wärend d’Schëff net auslafen dierf, hëlleft dës jonk Fra mat, alles an esou ze organiséieren, datt d’Rettungsschëff esou séier ewéi méiglech nees an den Asaz kann.

Firwat bass du u Bord vun der Sea-Watch 4?

Wann Europa net bereet ass, sech fir Mënsche verantwortlech ze fillen, musse mir selwer aktiv ginn. Wéi eng Wiel hunn mir dann?

Sea

Wat mëss du u Bord?

Ech hëllefen un Deck, wou ech kann. Vum Entraschten, bis zu Reparaturaarbechten oder dem Usträiche vum Schëff … Esou kënne mir dofir suergen, datt d’Schëff an engem nach besseren Zoustand ass, wa mir erëm dierfen an den Asaz fueren.

Wat bedeit Sea-Watch 4 fir dech?

D’Sea-Watch 4 ass e Symbol vun der Hoffnung an de Wäerter, déi mir an onsem Liewe vertrieden. Als europäesch Bierger*innen hunn mir eigentlech geléiert, datt jidderee Recht op e wierdegt Liewe sollt hunn. Well dës Wäerter fir d’EU ëmmer u Bedeitung verléieren, soll eis d’Schëff Hoffnung op een Europa maachen, an deem jiddereen d’Recht huet, liewen ze kënnen.

Sea

Wat erhoffs du dir vun der Zukunft?

D’Séinoutrettung eleng geet net duer. Wat mir erreeche mussen, ass eng Gesellschaft, an där mir Mënschen net nëmme retten, mä hinnen och eng fair Chance an ee Recht op Liewe ginn.

Mat der frëndlecher Geneemegung vu Sea-Watch, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Jessica Mersch

Foto: © MSF

Related topics Interview, Lucrezia, Mëttelmier, MSF, Sea-Watch, Séinoutrettung
Next post Previous post