Eng zweet Chance fir Liewensmëttel: Äre Beitrag fir on.perfekt

Just „perfekt“ Produiten dierfen am Supermarché ugebuede ginn. Dobäi komme grouss Mëssverständnesser zum Begrëff „Mindesthalbarkeetsdatum“. D’Resultat: Pro Persoun landen all Joer ëm 180 kg Liewensmëttel an der Poubelle. Genee dëser Liewensmëttelverschwendung wëll d’Kooperativ on.perfekt entgéint wierken a braucht dofir elo Är Hëllef!

No engem Joer u Pop-Up-Mäert soll elo endlech eng richteg on.perfekt-Epicerie zu Lëtzebuerg entstoen, an deem déi Produiten ugebuede ginn, déi an de Supermarchée keng Chance kréien, well se beispillsweis ze kromm, ze kleng oder ze grouss sinn. Mat enger Crowdfunding-Kampagne solle 95.000 € zesummekommen, fir de Projet un d’Lafen ze kréien.

Dobäi gëllt de Prinzip „Alles oder näischt“: Kënnt d’Zomm ënnerhalb vun engem Mount net komplett zesummen, erhält d’Kooperativ keng Suen wärend d’Ënnerstëtzer hir Suen zeréck iwwerwise kréien.

Hei fannt Dir d’Kampagne: www.startnext.com/onperfekt-buttek

Dat eleite soll mat de Sue geschéien

„An eisem Geschäft wëlle mir de Mënschen den Zougang zu de Liewensmëttel vereinfachen, déi si soss net kafe kënnen. Dobäi si fir eis d’Gespréicher mat de Clienten wichteg, mee wat eis och um Häerze läit ass, datt d’Produite fir jidderee bezuelbar sinn“ erkläert d’Julia Gregor vun on.perfekt. Recommandatiounen zu de Präisser wäert et bei all Produit ginn, allerdéngs bezilt de Client wat ëm d’Wuere wäert sinn.

Zudeem ass geplangt en nohaltege Verkafskanal opzebauen, iwwert deen Abo-Geméis-Boxen ugebuede ginn. Zil ass et generell déi lokal a regional Produiten ze fërderen, och un der Recolte deelzehuelen an zum Thema Liewensmëttelverschwendung ze sensibiliséieren.

Crowdfunding fir on.perfekt
© on.perfekt

Esou ass der on.perfekt-Ekipp opgefall, datt de Mindesthalbarkeetsdatum nach ëmmer mat „absolut ongenéissbar ab …“ verwiesselt gëtt. Dobäi kënnt, datt laut der FAO all Joer weltwäit en Drëttel vun de produzéierte Liewensmëttel ewech gehait gëtt, obwuel d’Produiten genéissbar a verwäertbar wieren.

En éischte Schrëtt ass et schonn, säin eegene Konsum aschätzen ze kënnen an d’Liewensmëttel och richteg ze lageren.

„Wat geschitt mam kromme Geméis?“

Am leschte Joer huet on.perfekt de Concours „Äre Projet (m)am Naturpark gewonnen“, well si Liewensmëttel iwwert eng Epicerie a Pop-Up-Mäert eng zweet Chance bidde wëllen.

D’Kooperativ on.perfekt ass zanter Enn 2021 eng Société à impact social a verflicht sech domat, säi komplette Gewënn an d’Verwierklechung vun ekologeschen a sozialen Ziler vun der Kooperativ ze investéieren. Anescht wéi eng Asbl hu si och d’Recht Handel ze bedreiwen an e reegelméisseg Revenue ze kréien.

D’Societéit selwer gouf mat 10 Persoune gegrënnt. An der Ekipp si weider 20 Fräiwëlleger, déi um um Feld oder op de Mäert mathëllefen.

Dernières nouvelles