Search

You may also like

Schéisserei zu Jersey-City war offensichtlech eng geziilt Attack géint jiddescht Geschäft
International Kultur Neiegkeeten

Schéisserei zu Jersey-City war offensichtlech eng geziilt Attack géint jiddescht Geschäft

Bei enger Schéisserei zu Jersey-City hu sechs Mënschen hiert Liewe

Neies vun der Aarbechtsfront: de Chômage klëmmt
International Kultur Neiegkeeten

Neies vun der Aarbechtsfront: de Chômage klëmmt

Et ass es de schlechten Noriichten iwwerdrësseg. De Klimaplang, d‘Erhéijung

De LCGB fuerdert d‘Weiderféierung vun Tripartite-Accord fir déi Lëtzebuerger Siderurgie
International Kultur Neiegkeeten

De LCGB fuerdert d‘Weiderféierung vun Tripartite-Accord fir déi Lëtzebuerger Siderurgie

Ugesiichts der Ukënnegung vun ArcelorMittal Lëtzebuerg, sech engem Transformatiounsplang vun

CSD Berlin 2021 mat 65.000 Mënschen – Hinnen huet d’Opléisung gedreet

Gréissten Demo an der Coronakris

Zu Berlin si leschte Samschdeg zéngdausende Mënschen um Christopher Street Day durch déi mat Reeboufahnen dekoréiert däitsch Haaptstad gezunn. D’Evenement mat, sou huet d’Police et uginn, 65.000 Leit, huet tëschenduerch gedreet opgeléist ze ginn. Déi am viraus kloer opgestallten Sécherheetsmesuren, wéi z.B. d’Maskenflicht goufen deelweis net respektéiert.

Am Virfeld gouf e fest Hygièns- an Ofstandskonzept opgestallt: Generell sozial Distanz halen, Mask droen, keen Alkohol an eng Parade déi aus zeg verschiddenen Mënschegruppen mat méiglechst genuch Ofstand vun eneen besteet. Ëmmer erëm goufen déi Reegelen vun den Organisateur*Innen via Lautsprecher de Leit un d’Häerz geluecht.

„Save our community – save our pride“ war de Motto vum 43. Christopher Street Day, den och e bëssi soen wollt: „Et gëtt eis LGBTQIA-Mënschen nach!“

Gutt gelaunt a faarweg verkleet haten sech zu Berlin-Mitte en Samschdeg Zéngdausenden Mënschen fir den CSD versammelt. Trotz Alkoholverbuet a relativ  strengen Sécherheetsoplagen hunn d’Leit zu Techno-Bäss vun e puer verschiddenen Ëmzuchsween gefeiert, gedanzt a fir d’ Rechter vu Lesben, Schwulen, Bisexuellen, Transsexuellen an Intersexuellen demonstréiert.

D’Parade huet sech am fréien Samschdegnoochmetteg an der Leipziger Straße a Beweegung gesat an ass Richtung Potsdamer Platz gezunn. De Parcours ass laanscht d’Brandenburger Tor an Direktioun Siegessäule gaangen an huet bei der Urania zu Berlin-Schöneberg en Enn fonnt. 

Iwwregens ass d’CSD-Parade op en Evenement am Juni 1969 an New York zeréckzeféieren: D’Police huet deemools zu Manhattan déi Homosexuellen-Bar „Stonewall Inn“ an der Christopher Street gestiermt an domadder en Opstand vun Schwulen, Lesben an Transsexuellen géint willkürlech Kontrollen an Schikanen ausgeléist.

D’Berliner Stadtreinigung (BSR) ass direkt hannert der Parade gefuer, vir dat d’Stroosse méiglechst schnell erëm fir den Verkéier fräi ze maachen. Ma, och d’BSR huet hier Solidaritéit fir d’LGBTQ+ Gemeinschaft gewisen an deem d’Ugestallten speziell fir den CSD entworfen T-Shirten gedroen hunn an 30 vun den Aasazween mat dem Reebou-Symbol gerëscht waren. Mee si sinn net déi eenzeg: D’BVG huet den U-Bahnhof um Alexanderplatz duerch Reebousträifen um Buedem fir den CSD verschéinert. Zousätzlech fiert d’U2 nach fir den ganzen Summer am Reebou-Look.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie © Kelly Scholtes/moien.lu

Related topics Alexanderplatz, Berlin, Berliner Stadtreinigung, Christopher Street Day, Coronavirus, CSD 2021, LGBTQI-Communautéit, Moossnamen, Pride, Rechter, Reebou, Sécherheetskonzept, Siegessäule, Stolz
Next post Previous post