Search

You may also like

Léisst sech d‘Jughurtsfabrick verhënneren?
Meenung Neiegkeeten

Léisst sech d‘Jughurtsfabrick verhënneren?

Wirtschaftswuesstem an Aarbechtsplaze sinn ee wichtege Sujet, besonnesch ugesiichts enger

Libyen… ee Land mat ville Gesiichter
Meenung Neiegkeeten

Libyen… ee Land mat ville Gesiichter

Et ass hire Job – dofir kréien d‘Männer vun der

Verdeele vun de Masken: Firwat nach waarden?
Meenung Neiegkeeten

Verdeele vun de Masken: Firwat nach waarden?

An deene leschten Deeg goufen och déi lescht vun deene

CSJ: D’Familljeministesch Corinne Cahen muss hirer Verantwortung endlech gerecht ginn!

CSJ: D’Familljeministesch Corinne Cahen muss hirer Verantwortung endlech gerecht ginn!

Säit bal engem Joer sëtzen eeler Leit eleng an hirem Doheem, isoléiert vun hire Léifsten, fir sech an anerer ze schützen. Dat selwecht gëllt awer och fir Leit aus Alters- a Fleegeheemer. Si all stellen sech vill Froen wéi zum Beispill: „Wéi geet et weider? Gesinn ech nach eemol meng Kanner, an Enkelkanner?“ Säit bal engem Joer ginn et Leit déi eleng stierwen ouni dass hier Léifsten hinne kënnen Äddi soen, fir ëmmer Äddi soen! Säit bal engem Joer si Leit déi ëmmer méi depressiv ginn, duerch d’Isolatioun, d’Angscht, d’Ongewëssheet.

All dat ass scho laang gewosst, a schonn oft ugeschwat ginn, a mir verstinn net wisou eis Familljeministesch säit engem Joer nokuckt an nach ëmmer näischt ënnerholl huet. Mir verstinn net wisou eis Grousselteren net ënnert d’Ärem gegraff kréie vum zoustännege Ministère.

Mir gesinn datt Scouten, Gemengen, an aner Organisatiounen hir Hëllef ubidden. Ervirhiewen kann een hei um Gemengenniveau zum Beispill eisen CSJ Buergermeeschter Vincent Reding zu Weiler-la-Tour wou Gemengeverantwortlech all Persoun iwwert 65 Joer perséinlech besicht hunn a ganz einfach gefrot hu wéi et hinne geet an ob se eppes brauchen an dëser schwiereger Zäit.

Wann all déi Acteuren sech responsabel fillen eppes ze ënnerhuelen a konkret Aktiounen ze starten, da kënne mir einfach net novollzéie firwat eis Familljeministesch Corinne Cahen hirem Rôle absolut net gerecht gëtt.

Eeler Leit déi eleng bei sech doheem wunnen, hunn immens Problemer mat der aktueller Situatioun eens ze ginn. Si gesinn einfach kee Liicht um Enn vum Tunnel. Mëttlerweil si se säit bal engem Joer isoléiert, wéi d’COPAS nach rezent an engem Communiqué matgedeelt huet. Et muss also och doriwwer geschwat ginn wéi d’Santé Mentale vun dëse Leit ka verbessert, a suivéiert ginn.

Et ass nach ëmmer net transparent wéi wat a wéi enger Struktur wéi gereegelt ass. Et kann net sinn datt eis Familljeministesch sech einfach hirer Verantwortung entzitt, a säit Ufank vun der Pandemie bei dëser wichteger Fro ënnerdaucht an Decisiounen den eenzelen Direktioune vun den Alters- a Fleegeheemer iwwerléisst.

Mir fuerderen dofir:

  • De Familljeministère soll sech bei all Persoun iwwer 70 Joer schrëftlech mellen, fir datt geziilt kann ermëttelt ginn wat déi individuell Besoinen vun dëse Leit sinn.
  • Dee vun der CSV schonn 3 mol gefuerderten Aktiounsplang fir eeler Leit soll endlech ausgeschafft ginn. Dëse Plang soll och elo schonn d’Fro beäntweren wéi eng Fräiheeten eeler Leit zréck kënne kréien déi scho geimpft gi sinn.
  • De Ministère soll kucke fir och d’eeler Leit prioritär ze impfen déi nach doheem wunnen. D’Impfung kéint och dëse Leit hier Isolatioun ophiewen.
  • Eis Familljeministesch soll endlech Verantwortung iwwerhuelen an ee Gesamtkonzept fir all eis Strukturen ausschaffen, esou datt d’Direktioune vun den eenzelen Etablissementer net méi alles individuell mussen entscheeden, an domadder déi héich Infektiounszuelen an dëse Strukturen endlech erofginn.

Ganz generell stellen mir och fest, datt et dëser Regierung an hirer Krisegestioun um néidegen Fangerspëtzegefill um Terrain feelt an ëmmer erëm Léit am Ree stoen gelooss ginn. Bis elo goufe vill ze vill Léit, jonk an al, esou wéi och eis Restaurateuren, Independanten oder Kulturschaffender, hirem Schicksal iwwerlooss well d’Regierung hirer Verantwortung net gerecht gouf. Mir hoffen, datt dës Regierung endlech ufänkt deene bäizestoen, déi mat am meeschten ënnert dëser Pandemie leiden.

Matgedeelt vum CSJ Nationalcomité

Hiren offizielle Communiqué fannt Dir HEI

Related topics Angscht, Corinne Cahen, CSJ, Eleng, Familljeministesch, Grousselteren, Initiativen, Isolatioun, Ongewëssheet, Pandemie
Next post Previous post