Search

You may also like

What the Fakt – D’Adelshochzäit vum William a Kate virun 8 Joer!
Neiegkeeten

What the Fakt – D’Adelshochzäit vum William a Kate virun 8 Joer!

Et war d’Hochzäit vum Joerzéngt! Um 29. Abrëll 2011 hunn

Dispositiounen zum Notze vun Dronen am Kader vun de Festivitéiten zu Nationalfeierdag
Neiegkeeten

Dispositiounen zum Notze vun Dronen am Kader vun de Festivitéiten zu Nationalfeierdag

Am Kader vun de Feierlechkeeten zu Nationalfeierdag huet de Ministère

E staarkt Benevolat am Naturschutz – Kachékipp
Neiegkeeten

E staarkt Benevolat am Naturschutz – Kachékipp

Mat „Kachen a Brachen mat Äppel“ huet et ugefaangen. Mëttlerweil

CSJ: Deene jonken eng reell Chance bidden

CSJ: Deene jonken eng reell Chance bidden

De „Conseil Supérieur de la Jeunesse“ (CSJ) hat rezent dem Minister fir Bildung, Kandheet a Jugend dräi Avise virgeluecht. Avisen, déi sech op d‘Inklusioun vu jonke Leit bezitt, déi Affer vun Diskriminatioun kéinte ginn. Dat wéinst engem Handicap, dem generelle Problem am Logement fir jonker, an och d‘Bedeelegung vun de Jonken op kommunalem Niveau.

Als Institutioun ass d‘CSJ dat Organ, wat et der Jugend soll erlabe, gehéiert ze ginn an och um politesche Liewen deel ze huelen. Laut dem Gesetz ass d‘CSJ gehalen „op eegen Initiativ oder op Ufro vun der Regierung, all d‘Froen déi d‘Jugend betreffen ze analyséieren“.

Zanter engem Joer huet sech d‘Zesummesetzung vun der CSJ geännert, dat fir ee bessert Gläichgewiicht tëscht de Vertrieder vun de Jonken, de Verantwortlechen an de Jugendhaiser, an aner professionell Jugendberäicher ze erreechen. Esou ass d‘CSJ elo eng Aarbechtsplattform gi fir all d‘Acteuren, déi mat Jugendaarbecht ze dinn hunn.

An dësem éischte Joer no der Relance, huet d‘CSJ Aarbechtsgruppe gebilt, déi sech thematesch a verschidden Domänen ageschafft hunn. Esou d‘Bildung, de Logement, d‘Inklusioun an d‘Bedeelegung. 2018 wäert d‘CSJ da mat den zoustännege Ministère iwwert d‘Avisen an d‘Fuerderungen diskutéieren. Eng gereegelt Kommunikatioun vun de Fortschrëtter ass och virgesinn.

Inklusioun

Fir de Beräich vun der Inklusioun recommandéiert d‘CSJ eng Enquête ze maachen, aus där ee Schlëss kann zéien, wéi et aktuell mat der Lag vun de Jonke mat engem Handicap gedoen ass. D‘CSJ encouragéiert den zoustännege Ministère zur Fërderung vun: der Accessibilitéit zu allen Infrastrukturen an allen Aktivitéiten déi fir jonk Leit organiséiert ginn.

Eng Formatioun „Inklusioun“ sollt zudeem alle Membere vum Personal an de konventionéierte Strukturen ugebuede ginn.

Logement

Bei der CSJ bedauert een zudéifst de Mangel un Wunnengen, déi fir jonk Mënschen, déi doheem erauswëlle fir en onofhängegt d‘Liewen ze féieren. An deem Zesummenhang gëtt sech dann och iwwert déi héich Loyere beschwéiert. Dat bezitt sech och op déi ugebuede „Co-Locatioune“ am Privatsecteur.

D‘Regierung an d‘Gemenge ginn opgeruff zäitno innovativ Projeten auszeschaffen, fir dëser Situatioun ze begéinen. Aner Propositioune bezéien sech op d‘Informatioun zu alternative Wunnméiglechkeeten. D‘Beispiller aus der Praxis vun anere Länner, hei am Beräich vum soziale Logement oder dem Zesummeliewe vu verschiddene Generatiounen, sollte behäerzegt ginn.

Bedeelegung

Kappwéi schéngt ee bei der CSJ ze kréien, wann ee muss feststellen, datt an den 105 Gemengen hei am Land, ee beschtefalls punktuell Offeren am Beräich vun der „Bedeelegung“ mécht. Hei ass d‘CSJ dann och exigent a fuerdert net manner wéi d‘Entwécklung vu participative Plattformen op Gemengen- a Regionalniveau.

Esou soll et de jonken erméiglecht ginn sech laangfristeg sozial a politesch ze engagéieren. D‘Gemenge sinn hei besonnesch an der Flicht, aktiv ze ginn.

Related topics Conseil Supérieur de la Jeunesse, Jugend
Next post Previous post