Search

You may also like

Exit-Covid19: Dänemark versicht et
Neiegkeeten

Exit-Covid19: Dänemark versicht et

Den Ëmgang mat der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus

What the Fakt – 100 Joer Demokratie fir d’Fraen!
Neiegkeeten

What the Fakt – 100 Joer Demokratie fir d’Fraen!

Haut ziele mir schonn 100 Joer, datt och d’Fraen d’Walrecht

BisScène – Wann d’Sonn um Owend opgeet!
Neiegkeeten

BisScène – Wann d’Sonn um Owend opgeet!

An dësem Joer huet sech d’Biissener Kulturkommissioun mam BisScène een

De CSJ-Walkongress 2021

De CSJ-Walkongress 2021

Och de Walkongress vun der CSV-Jugend (CSJ) gouf am virtuelle Raum ofgehalen. Hei ass een der Usiicht, datt et an de Mammepartei nees eppes méi Zesummenhalt a manner Gestreits brauch. Et sollen sech op een däitlechen Neiufank konzentréiert ginn, ouni dofir mussen op d‘Erfarung vun den alen Huesen ze verzichten.

A senger Ried huet de President Alex Donnersbach folgend Messagen ënnerstrach:

Zu der CSV:

“Politik ass dobäi näischt anescht wéi d’Konscht vum Zesummeliewen. An dat geet net vum selwen. Dat hu mer och bei der CSV iwwer déi lescht zwou Wochen an iwwerhaapt iwwer déi lescht zwee Joer mat vill Péng a Frustratioun misse feststellen. Mir hunn an de leschten zwee Joer erlieft a gesi wat mat enger staarker a stolzer Partei geschitt, wann op dem héchsten Niveau ëffentlechen Dauersträit a Mësstrauen herrscht.

[…]

Ze oft ass den Androck entstane mir wiere méi mat eis selwer beschäftegt wéi mat de Problemer vun de Leit. Net nëmme kréie mer esou d’Leit dobaussen net dovun iwwerzeegt, datt mir éierlech a gutt Politik am Interesse vum Land ubidden, mee och eis eege Memberen, sief et an den Sektiounen oder bei eis Jonken, sinn enttäuscht mat der aktueller Situatioun.

An zu Recht. Mir all däerfen eis vum Leadership vun dëser Partei méi erwaarden. Musse méi erwaarde kënnen. Esou kann an däerf et net méi weider goen. Mir brauchen elo ganz kloer e Neiufank fir des Partei. Nach zwee esou Joer an mir kënnen och den Usproch vergiessen als eng Vollekspartei ugesinn ze ginn.

Mir brauchen eng gëeenten Ekipp, net nëmme mat neie Gesichter an Iddien, mee och mat méi erfuerene Leit. Eng Ekipp mat Gesiichter déi eis Partei no bausse representéieren, déi zesummen elo d’Erausfuerderungen hei uginn an eis Partei no vir bréngen .An der Press liesen ech ëmmer erëm d’Fro: wien ass dee staarke Mann oder déi staark Fra, déi CSV dann elo rette kann? Déi d’CSV endlech erem zréck an Regierungsverantwortung féiere kann?

Ma ech kann Iech soen: DEEN Wäisse Ritter, MANN ODER FRA, GËTT ET NET. Eng eenzel Persoun wäert dat do net schaffen. Mir brauchen en Team-Effort! Mir hunn de Choix: alleguer eenzel verleieren oder zesumme gewannen. Mir brauchen also eng Equipe, wou jiddereen dee Verantwortung um nationale Plang dréit, seng eegen Intressen a säin Ego op d’Säit stelle kann a sech, am Interêt vun der Partei freet, wat hien oder si elo ka maachen, fir des Partei erëm op d’Schinn ze kréien. Mir brauche Läit dei den Ball spillen…“.

Zu der Regierungspolitik:

“Gëschter war et d’Horrornouvelle, datt d’Präisser um Immobiliëmarché em ganzer 16% vum véierten Trimester 2019 op d’véiert Trimester 2020 geklomme sinn, an dat trotz Covid19-Kris.

E méi e groussen Echec wéi dat geet bal net an der Regierungspolitik! An de lëschten 8 Joer hunn sech Wunnengspräisser hei zu Lëtzebuerg praktesch verduebelt. Esou Zuelen erschrecken. Si sinn net normal. An si weisen op erschreckend Aart a Weis wéi d’Regierung an deem wichtegen Thema einfach komplett verseet. Do géif ee mengen dat dëst zu eng enger absoluter Prioritéit vun dëser Regierung misst erkläert ginn, mat engem wäitreechende Programm fir de Jonken an de Leit mat engem méi klenge Portmonni an dëser schwiereger Zäit ze hëllefen.

Wann een dat geduecht huet, dann ass een elo richteg enttäuscht. An den leschten 8 Joer gouf genau een eenzegt Gesetz vun dëser Regierung agereecht, fir DEEN DOTE Problem och nëmmen usazweis unzegoen. An dat Gesetz ass nach ëmmer net gestëmmt. 1 Gesetz! An der selwechter Zäit si mir an där Regierung am Beräich Wunnengsbau bei der 2. Partei a beim 4. Minister ukomm! Fir eng Kéier ze illustréiere wéi dramatesch sech d’Situatioun iwwert déi nächst 5-10 Joer zouspëtze wäert, hunn mir folgenden Zeenario eng Kéier ausgerechent:

E Student, deen haut op d’Uni geet; deen sech haut schon d’Fro stellt, wéi hie jee 750.000€ fir en Appartement zesumme kréie soll, dee muss a 5 Joer, wann en vun der Uni zréck kënnt, schonn iwwert 1 Millioun fir dat selwecht Appartement berappen, an nach weider 5 Joer drop, bal 1,5 Milliounen.

Hei laafen mir als Gesellschaft säit Jore riicht an Mauer! Mir brauchen dowéinst endlech couragéiert Schrëtt fir d’Offer vun de Wunnenge substantiell an Luucht ze setzen an d’Präisentwécklung ze bremsen. Als CSJ proposéiere mir säit Joeren elo schon eng ganz Réi Mesure vu Spekulatiounstaxen op eidel stoende Wunnengen an Terrainen am Bauperimeter, esou wéi méi e verstäerkt Ausweise vu Logementszonen duerch Landesplanung”.

Zu der CSJ:

“Mat bal 100 Jonke ware mir deemools ugetrueden an ech war stolz dorobber dat mir als CSJ haut méi jonk Mandatsdréier an de Gemengen hunn wéi all déi aner Jugendparteien zesummen! Mir zielen iwwer 33 jonk Gewielte CSJler an eise Reien, dovun 5 Schäffen an 2 Buergermeeschter, déi haut schon Verantwortung iwwerhuelen an déi an Zukunft besser agebonne solle ginn.

2023 ass e Schlësseljoer. Bei de Gemengen an de Chamberwale muss d’CSV mat enger klorer Reformagenda fir Lëtzebuerg untrieden. Eist Zil ass et 150 jonk Kandidate bei deene Walen opzestelle fir Lëtzebuerg erëm no vir ze bréngen.

[…]

Mir wäerten d’Regierung weiderhi kritesch awer konstruktiv begleeden a kommentéieren. Iwwer déi lëscht zwee Joer hunn mer mat enger Panoplie vu Communiquéen a Posten an de sozialen Netzwierker, wéi och an Interviewen op d’Problemer an d’Ufuerderunge vun de Jonken opmierksam gemaach. Mir wäerten ons weider mat Éiergäiz an Energie asetzen, datt all Jonken an dëser Gesellschaft eng Stëmm huet an datt all Jonken, och muer nach, een liewenswäert an attraktiivt Land virfënnt. Um Kongress goufe weiderhin 4 Resolutiounen ugeholl déi dir an der Annexe noliese kënnt:

  • Fir méi Lëtzebuergesch an der Schoul
  • De Wee aus der Kris; wou bleift d’Strategie zu Lëtzebuerg?
  • Ass mental Gesondheet kee Grondbedierfness?
  • Lëtzebuerg an der Logementskris

Um éischten digitale CSJ Nationalkongress ass och en neie Comité gewielt ginn. Den Alex Donnersbach an de Basile Dell si mat 98% an hire Posten als President a Generalsekretär bestätegt ginn.

Den neie Comité setzt sech zesummen aus:

  • 1. Vizepresident: Martine Kemp
  • 2. Vizepresident: Marc Ury

An de Comité goufe gewielt:

Vic Flesch, Philippe Frieden, Bob Morbach, Luc Theisen, Kimi Mosel, Felix Thill, MettySteinmetz, Lynn Zovilé, Kief Albers, Anne Steichen, Charles Bichler an Emilie Beneké.

Deel vum Nationalcomité sinn donieft och nach déi neigewielte Presidente vun de Bezierker a vun de Schüler a Studenten:

  • President vun de Schüler a Studenten: Ben Farschon
  • President vum Bezirk Zentrum: Kim Felten
  • President vum Bezirk Süden: Françoise Kemp
  • President vum Bezirk Norden: Sascha Epp
  • President vum Bezirk Osten: Ricardo Marques

matgedeelt vun der CSJ

Related topics Alex Donnersbach, CSJ, CSV, Erneierung, Walkongress 2021
Next post Previous post