Search

You may also like

What the Fakt – Wéi aus perséinlechen Ëmstellungen „Changes“ vum David Bowie entstanen ass
Business Money Neiegkeeten

What the Fakt – Wéi aus perséinlechen Ëmstellungen „Changes“ vum David Bowie entstanen ass

De brittesche Sänger ass wuel ee vun den exzentreschste Mënschen

Schwéier Onwieder iwwer Guatemala
Business Money Neiegkeeten

Schwéier Onwieder iwwer Guatemala

Bei schwéieren Onwieder a Mëttelamerika sinn mindestens 200 Mënschen ëm

Editorial: Keng haseleg Schlëss zéien!
Business Money Neiegkeeten

Editorial: Keng haseleg Schlëss zéien!

E Freideg hunn d‘adr an d‘Piraten bekannt ginn, datt si

money

CSSF warnt virun drolege Gesellen

D‘Kommissioun zur Iwwerwaachung vum Finanzsecteur (CSSF) huet zwou Warnunge betreffend dubiéis „Entreprisen“ erausginn

CSSF warnt virun drolege Gesellen

Déi éischt Warnung hat d‘CSSF schonn ee Méindeg erausginn, an si betrëfft eng Firma mam Numm „Capital Global Markets“, déi virgëtt hire Sëtz um 46. Avenue John F. Kennedy ze hunn. Elo ergëtt et sech awer, datt dem Kontrollorgan vum Finanzsecteur esou ee Betrib net bekannt ass. D‘CSSF weist drop hinn, datt dës dubiéis Boîte keen Agreement huet fir am Land Investitiounen unzebidden.

Am Internet gëtt et wuel Zanter 2005 eng Säit, an och hei ass déi vun der CSSF genannten Adress als Siège mentionnéiert. Ënnert der Telefonsnummer déi op der Internetsäit uginn ass, gëtt et och tatsächlech ee Kontakt, dee sech mat Capital Global Markets mellt. Si wieren iwwerrascht iwwert eis Nofro, a behaapten sech drop en Agreement ze hunn. Also net si direkt, mee Oaklet SA mat Sëtz zu Mäertert/Waasserbëlleg hätt esou eppes. Oaklet SA wier zudeem och Member vun der AGDL.

Déi zweet Meldung betrëfft d‘Internetsäit www.radianinvestmentmanagement.com. D‘Websäit, esou den CSSF, hätt näischt mat Radian Investment Management SA ze dinn, déi offiziell um 2b Albert Borschette zu Lëtzebuerg hir Sëtz huet. Laut Linkedin ass de Chef vum Ganzen ee Kroat, deen eigentlech säi Goss mat Immobilienhandel mécht. Déi Anonym Gesellschaft ass zougelooss.

CSSF

Op hirem Internetsite, verkeeft sech „Radian“ als Broker an als féierend Entreprise am Secteur vun der Finanzberodung. Laut eegener Ausso um Site (mee dat muss näischt heeschen), wieren si déi genannte Firma mat Sëtz zu Lëtzebuerg, wat vun der Kommissioun zur Iwwerwaachung vum Finanzsecteur am Communiqué kategoresch zeréckgewise gëtt. Kléngt iergendwéi komplizéiert…

Illustratioun: © Nikhil Mitra / unsplash

Related topics CSSF, Finanzberodung, Finanzplaz Lëtzebuerg, Finanzsecteur, Investissement
Next post Previous post