Search

You may also like

Kanada verschäerft säi Waffegesetz
Meenung Neiegkeeten

Kanada verschäerft säi Waffegesetz

De Premierminister Justin Trudeau hat et am Wahlkampf ugekënnegt a

Transition Days Festival 2021: Mat Bewosstsinn a Freed no vir
Meenung Neiegkeeten

Transition Days Festival 2021: Mat Bewosstsinn a Freed no vir

9 Méint, 9 Zëmmeren, zuelräich Aktivitéiten. Gesäit een eise Planéit

UN-Klimasommet: Et dierf nees gelu ginn (eng kommentéiert Analys)
Meenung Neiegkeeten

UN-Klimasommet: Et dierf nees gelu ginn (eng kommentéiert Analys)

Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres huet déi uwiesend Elite vun der

CSV: Wëssenschaftlech Fakten-Basis fir Covid-Gesetzer oppeleeën

CSV: Wëssenschaftlech Fakten-Basis fir Covid-Gesetzer oppeleeën

D’CSV fuerdert d’Oppeleeën vun de wëssenschaftlecher Fakten-Basis fir d’Ofstëmmung vun den Covid-Gesetzer. Eng entspriechend Motioun vun der CSV-Fraktioun gouf um Dënschdeg Nomëtteg am Parlament agereecht.

„Mir fuerderen dës Oppeleeung säit Wochen. Bis ewell ouni Erfolleg. D’Regierung argumentéiert ëmmer erëm mat wëssenschaftleche Modelléierungen. Dës Simulatioun vu verschidden Zeenarien mat de jeeweils geplangte Moossnamen an hire Konsequenze mussen och dem Parlament an der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach ginn. Just esou kënnen d’Deputéiert nom beschte Wëssen a Gewëssen decidéieren. Just esou kann och d’Ëffentlechkeet sech e komplett Bild maachen“, sou d’CSV-Fraktiounsvirsëtzend Martine Hansen.

Fir d’CSV musse wichteg Gesetzer mat engem Ausmooss wéi d’Covid-Virlagen eng belaaschtbar an novollzéibar Basis hunn. „Eng Politik vum Bauchgefill geet hei net duer.“

Matgedeelt vun der CSV-Fraktioun

Opmaacherbild: © United Nations COVID-19 Response / Unsplash

Related topics Basis, Covid-19-Gesetz, CSV-Fraktioun, Fakten, Martine Hansen, Regierung, Wëssenschaft
Next post Previous post