Search

You may also like

dislike
Scheiteren op héijem Niveau: SPD, eng Partei virum Ofgrond
Neiegkeeten

Scheiteren op héijem Niveau: SPD, eng Partei virum Ofgrond

Nach virun engem Joer war de Martin Schulz als „Retter

Vereedegung vum Ana Correia da Veiga (déi Lénk)
Neiegkeeten

Vereedegung vum Ana Correia da Veiga (déi Lénk)

Gëschter huet d’Lydie Polfer, Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg d’Ana

Nei Areesbestëmmunge fir Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Nei Areesbestëmmunge fir Lëtzebuerg

Den Ausseministère léisst matdeelen, datt sech Lëtzebuerg der Recommandatioun (EU)

CSV: dynamesch Ënnerstëtzung am internationale Beräich

CSV: dynamesch Ënnerstëtzung am internationale Beräich

Um Mëttwoch Owend ass eng nei Presidentin fir déi international Sektioun vun der CSV gewielt ginn. Stolz verkënnegen si, datt d’Clara Moraru, Firmecheffin mat rumänesche Wuerzelen a säit laanger Zäit wunnhaft zu Lëtzebuerg, elo fir dës Tâche responsabel ass.

Mat grousse Visiounen trëtt si hire Posten un. Esou wëll d’Clara Moraru scho fréi net-Lëtzebuergesch Kandidate fir déi verschidde Gemenge bei de Wahle preparéieren. Dofir wëll déi nei Presidentin ee Programm mat Mentoren op d’Been setzen, déi esou een Echange vun de verschiddene politeschen Erfarungen erméiglecht. Dës weidere soll och d’Entwécklung am perséinleche Reseau vun de Membere mat Erfarung, an den Neiukömmlingen, déi nach vill ze léieren hunn, gesteigert ginn.

D’CSV International huet wëlles, seng Presence an de verschiddene Gemengen ze verstäerken, fir esou och auslännesche Bierger wichteg politesch Informatioune matzedeelen an si generell an der Politik vum Grand-Duché anzebannen.

Mat Éiergäiz gi si un d’Saach: d’Europawahlen am Mee sinn déi nächst grouss Méiglechkeet, fir auslännesch Residenten d’Chance ze gi vum Wahlrecht Gebrauch ze maachen. D’CSV International, déi vun de Belsch, iwwert d’Brasilianer, bis hin zu de Schweden eng grouss Zuel un Nationalitéite regruppéiert, ass elo scho beméit, seng Zieler ze erfëllen.

Foto: © CSV International

Related topics Auslänner, Clara Moraru, CSV, Europawahlen 2019, Wahlrecht
Next post Previous post