Search

You may also like

Mëttelmier: Operatioun Sophia gëtt ëm 6 Méint verlängert
Meenung Neiegkeeten

Mëttelmier: Operatioun Sophia gëtt ëm 6 Méint verlängert

Als Ausseminister vun der Koalitiounsregierung huet de Jean Asselborn (LSAP)

Aarbechtsaccident op der Zuchstreck Lëtzebuerg-Diddenuewen
Meenung Neiegkeeten

Aarbechtsaccident op der Zuchstreck Lëtzebuerg-Diddenuewen

Wéi d‘Police de Moie matgedeelt huet, ass et op der

Spärung vun der Opfaart a Sortie Echangeur Helfenterbréck
Meenung Neiegkeeten

Spärung vun der Opfaart a Sortie Echangeur Helfenterbréck

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt muer mam Reamenagement vun der N34

Kannergeld: E fest Recht vun all Kand

Kannergeld: E fest Recht vun all Kand

Fir d’CSV muss d’Kannergeld e Recht vun all Kand bleiwen. Dofir kënne mir déi rezent Reformvirschléi zur Neifaassung vun de Begënschtegungen net matdroen, well si eent de Kanner zougewisent Recht ofschafen an op d’Employéen iwwerdroen.

Dat bedeit, dass verschidde Persounen, déi bis ewell Usproch haten, keng Zoulage méi kréien. D’CSV huet 2016 d’Kannergeldreform bewosst ofgeleent, well mir net mat den Ännerungen averstane waren. Well et ee Paradigmewiessel duerstellt.

Famillje mat zwee oder méi Kanner kruten am „neie System“ manner. Fir eis stellt dës Reform vun der Ministesch Corinne Cahen eng eendeiteg Verschlechterung duer.

D’CSV hat scho Motiounen, Ännerungsufroen a Gesetzesvirschléi abruecht. Mee dës goufen ofgeleent. D’Reform vun 2016 ass no der Interpretatioun vum Europäesche Geriichtshaff vum 2. Abrëll 2020 och zu Laaschte vun de Grenzgänger gaangen.

„Bei der ugekënnegter Indexéierung vum Kannergeld ginn d’Familljen an d’Gewerkschaften op d’Enn vun der Legislaturperiod vertréischt. Mir fuerderen dogéint en direkt Handelen am Interessi vun alle Familljen“, sou den CSV-Deputéierte Marc Spautz am Virfeld vun der Sitzung um kommende Mëttwoch vum Familljenausschoss vum Parlament, wou ënnert anerem familljepolitesch Gesetzesvirschléi vun der CSV op der Dagesuerdnung stinn.

D’CSV bleift der Grondopfaassung trei, datt Familljen d’Fundament vun eiser Gesellschaft sinn. All Famillen.

Matgedeelt vun der CSV-Fraktioun

Den offizielle Communiqué fannt Dir HEI.

Opmaacherbild: © Jessica Rockowitz / Unsplash

Related topics Corinne Cahen, CSV-Fraktioun, Gesetzesvirschléi, Indexéierung, Kannergeld, Recht, Verschlechterung
Next post Previous post