Search

You may also like

D’Europäescht Parlament stëmmt fir e Verbuet vu Bläimunitioun
Neiegkeeten

D’Europäescht Parlament stëmmt fir e Verbuet vu Bläimunitioun

D’Europäescht Parlament huet dofir gestëmmt, de Gebrauch vu Bläimunitioun a

Wafferou fir Idlib
Neiegkeeten

Wafferou fir Idlib

Um Mëtternuecht ass an der nordsyrescher Provënz Idlib eng weider

Tunesesch Küstewaach fëscht 72 Läichen aus dem Mëttelmier
Neiegkeeten

Tunesesch Küstewaach fëscht 72 Läichen aus dem Mëttelmier

Viru gutt enger Woch war schonn emol eng Nossschuel virun

CSV fuerdert konstruktiven Debat

Et géif Zäit d‘Aarbechtskonditiounen am Gesondheetswiesen ze verbesseren

CSV fuerdert konstruktiven Debat

Datt sech eppes zum Besseren am Gesondheetswiese muss veränneren, dorunner dierft et eigentlech och bannent der Regierung an der Koalitioun kaum Zweiwel ginn. An datt et an dësem Secteur laang net esou roseg ausgesäit, wéi d‘Gesondheetsministesch an hiren Adjoint, de Staatsminister, et eis ëmmer versichen duerzestellen ass leider net.

„Eise Gesondheetssystem steet a fält mam Gesondheetspersonal. Grad am Kampf géint de Coronavirus. Hei schafft d‘Personal ouni Paus mat virbildlecher Solidaritéit. Elo ass et un der Zäit dat unzëerkennen an och solidaresch ze handelen“, ënnersträichen d‘Martine Hansen (CSV-Fraktiounspresidentin) an de Claude Wiseler (CSV-Deputéierten). Si hunn sech virgeholl de Salariéeën aus dem Gesondheetssecteur déi Unerkennung an Aarbechtskonditiounen ze verschafen, déi hinne scho laang zousteet.

An et wier dann elo och genuch Zäit verschwent ginn, heescht am Communiqué vun der CSV-Fraktioun. Si huet elo mat engem Schreiwes un de President vun der Gesondheetskommissioun, Mars di Bartolomeo (LSAP) en Debat an der Chamber gefuerdert. Véier Punkte sollen op d‘Dagesuerdnung vun den nächste Kommissiounssëtzunge gesat ginn:

1) Virbereedung vun engem Orientéierungsdebat iwwert d‘Schlussfolgerunge vun der Covid19-Pandemie fir eise Gesondheetssystem, esou wéi d‘Ëmsetzung vum „virage Ambulatoire“ (Dozou gouf et de 26. Juli 2019 schonn eng Ufro, déi den 19. Mee 2020 nach emol nei formuléiert gouf);

2) Virbereedung an Organisatioun mat enger Unhéierung tëscht Vertrieder vum Kranken- a Fleegepersonal, verbonne mat enger Debatt iwwert eng Verbesserung vun der Unerkennung vun dëse Beruffer, enger besserer Formatioun, enger Verbesserung vun den Infrastrukturen an den Aarbechtskonditiounen (Resolutioun vum 25. November 2020);

3) Organisatioun vu reegelméissegen Treffen iwwert d‘Entwécklung beim Gesondheetsdësch;

4) Virbereedung an Organisatioun fir a sechs Méint ee Bilan zur Covid19-Pandemie ze zéien, esou wéi d‘Analys vu Piste fir ee Pandemiegesetz.

Dat ass vill gefuerdert, woubäi een unhand der Formuléierung schonn dierft erkennen, datt esou eppes esou néideg wéi sënnvoll ass, zumindest wann et dëser Regierung sollt eescht gemengt sinn, datt een d‘Gesondheetsberuffer besser valoriséiere sollt an de Beruff selwer méi attraktiv maache wëll.

Illustratioun: © Amirreza Jambi / unsplash

Related topics Claude Wiseler, CSV-Fraktioun, Gesondheetskommissioun, Mars di Bartolomeo, Martine Hansen
Next post Previous post