Search

You may also like

Afghanistan – wat elo?
Neiegkeeten

Afghanistan – wat elo?

D’Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg (FSPL) ass zudéifst betraff vun deem

Kenns du d’Our gutt genuch, fir hei all Fro richteg ze beäntweren?
Neiegkeeten

Kenns du d’Our gutt genuch, fir hei all Fro richteg ze beäntweren?

[onionbuzz quiz-id=202][/onionbuzz] Och d’Our gehéiert zu de wichtegste Flëss vum

100 Deeg Joe Biden: „Finanzcharisma“
Neiegkeeten

100 Deeg Joe Biden: „Finanzcharisma“

Déi Vereente Staate vun Amerika sinn, no engem véierjärege Polit-Intermezzo,

CSV: Keng Festung Europa

CSV: Keng Festung Europa

Um 7. an 8. November war zu Helsinki de Kongress vun der Europäescher Vollekspartei (EVP). De Kongress beschäftegt sech mat de kommenden Europawahle vum Mee 2019, woubäi 758 Delegéierter an enger geheimer Wal eraus gesicht ginn. Hei entscheet sech, wien am Fréijoer als Spëtzekandidat vun den europäesche Chrëschtdemokraten, Chrëschtlech-Sozialen an Zentrumsparteie fir d’Tâche vum Kommissiounspresident untrëtt.

Den CSV-Parteipräsident Marc Spautz ënnersträicht, a senger Interventioun vun de Kongressdelegéierten, d’Noutwennegkeet fir dat soziaalt Europa virun ze dreiwen. D’EVP steet an der Flicht, déi gutt Viraarbecht vun der Kommissioun Juncker ze notzen a virun allem déi europäesch Saile vun de soziale Rechter opzebauen.

De Marc Spautz mëscht och däitlech, dass d’EVP sech ouni déi mannsten Ambivalenz fir de Schutz vu Minoritéiten, de Grondrechter vun Asylsichenden, enger fonctionnéierender Gewaltentrennung a Rechtsstaatlechkeet asetze muss. Hie weist sech besuergt iwwert d’Entwécklungen a Polen an, an Ungarn.

Gemeinsamkeeten tëschent de chrëschtlech-demokratesche Wäerter vun den EVP-Grënnungsmemberen zu deene vun der CSV erkennt de Partei-President keng. D’CSV, sou de Marc Spautz virun den EVP-Delegéierten, wëll keng Festung Europa.

„D’EVP muss eng oppen Debatt iwwert hir Grondwäerter féieren“, sou de Partei-President. Wa si weiderhin zouloossen, datt hir Wäerter vu bannen ënnergruef ginn, wäert den CSV-Parteipresident senger Partei virschloen, mat de Konsequenzen ze rechnen.

D’Delegatioun vun der CSV setzt sech zesummen aus dem Marc Spautz, dem Luc Frieden, dem Françoise Kemp, dem Kim Mosel, dem Christophe Origer, dem Ady Richard, dem Natalie Silva an dem Claude Wiseler. Den Éierepresident vun der Kommissioun Jacques Santer, sou wéi déi ehemooleg Europadeputéierten Astrid Lulling huelen, op perséinlech Aluedung vum EVP-President Joseph Daul, deel. Um Kongress sinn des weideren och de stëmmberechtegte Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, sou wéi déi CSV-Deputéiert Frank Engel, Christophe Hansen a Geroges Bach.

D’Ried vum CSV-Parteipresident Marc Spautz um Kongress vun der Europäescher Vollekspartei, EVP, zu Helsinki fannt Dir HEI.

Matgedeelt vun der CSV – Iwwersat vum Shari Pleimelding.

Related topics Europäesch Vollekspartei, Europawahlen 2019, EVP, Jean-Claude Juncker, Wahlen 2019
Next post Previous post