Search

You may also like

Kanada: Dem Premierminister seng Korruptiounsaffär huet Folgen
Neiegkeeten

Kanada: Dem Premierminister seng Korruptiounsaffär huet Folgen

Hie war de Pop-Star vun der nordamerikanescher Polit-Zeen, hat de

Den Donnie an d‘Melania a Quarantaine
Neiegkeeten

Den Donnie an d‘Melania a Quarantaine

Zwou Stonnen nodeems offiziell bekannt gouf, datt d‘Conseillère Hope Charlotte

Covid19-Flächentest elo och an Däitschland?
Neiegkeeten

Covid19-Flächentest elo och an Däitschland?

Nodeems Lëtzebuerg sech scho virun e puer Wochen, fir ee

D’CSV zum Klimaschutz: Courage fir déi richteg Schrëtt

D’CSV zum Klimaschutz: Courage fir déi richteg Schrëtt

Fir Lëtzebuerg fällt den Earth Overshoot Day viraussiichtlech op de 16. Februar 2020. Earth Overshoot Day bedeit, datt all natierlech Ressourcen, déi am Laf vum Joer nowuessen, verbraucht sinn. Just Katar huet weltwäit eng méi schlecht Ekobilanz.

Fir déi schlecht Placéierung ass virun allem déi national CO2-Bilanz verantwortlech, déi duerch de Verkaf vun Diesel un auslännesch Camionen am Transitverkéier an d’Héicht gedriwwe gëtt. Säit Joren ass Lëtzebuerg a Saache Klimaschutz faktesch kee Schrëtt virukomm.

Den Dieselverkaf un auslännesch Camionen neutraliséiert all Beméiungen an anere Secteuren. Och am Entworf vum Energie- a Klimaplang, dee vun der Regierung viru wéinegen Deeg presentéiert ginn ass, fënnt keng Léisung dozou.

Just un der Präisschrauf ze dréien, geet net duer. Domat ginn eigentlech just regional Verkéiersparticipanten belaascht, déi oft keng Alternativ zum eegene Gefier hunn. Klimaschutzpolitik op Käschte vu Geréng- an Normalverdénger leent d’CSV kloer of.

Fir den Dieselverkaf un auslännesch Camionen ze reduzéieren, sollt dofir gepréift ginn, wéi den Transitverkéier begrenzt ka ginn. Et gëtt an Europa Beispiller fir esou Begrenzungen. Dobäi geet et och ëm Verkéierssécherheet. Eist Stroossen- an Autobunnsnetz ass fir de wuessende Camion-Verkéier a seng Ëmweeër net ausgeluecht. Eng Situatioun, déi vëlleg ausser Kontroll ze geroden dréit, wann an de kommende Méint mat ëmfangräichen Aarbechten um Autobunnsnetz ugefaange gëtt.

D’Eko- a Klimabilanz vun eisem Land muss drastesch verbessert ginn, d’Sécherheet op eise Stroosse kann eis net egal sinn. Mir brauche Courage fir déi richteg Schrëtt.

Matgedeelt vum CSV-Generalsekretariat – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics CO2-Bilanz, CSV, Diesel, Earth Overshoot Day, Klimaschutz, Klimawandel, Tanken
Next post Previous post