Search

You may also like

money
Panama Papers: Den Ament gëtt emol analyséiert
Meenung Neiegkeeten

Panama Papers: Den Ament gëtt emol analyséiert

Nodeems den Deputéierte Mars di Bartolomeo (LSAP) am September matkritt

Washington mécht Drock op Ankara
Meenung Neiegkeeten

Washington mécht Drock op Ankara

Et ass net keen einfache Job deen den Donald Trump

Baaschtnech dekoréiert sech mat groussen a klenge K-Dolls
Meenung Neiegkeeten

Baaschtnech dekoréiert sech mat groussen a klenge K-Dolls

Vum 1. Abrëll bis den 28. Mee 2021 wäerten am

D’Landwirtschaft grad elo besser a méi geziilt ënnerstëtzen

D'CSV reecht 14 Ännerungspropositiounen zum neien Agrargesetz an

D’Landwirtschaft grad elo besser a méi geziilt ënnerstëtzen

„D’Liewensmëttelsécherheet ass vun zentraler Bedeitung fir d’Mënschen an d’Landwirtschaft ass definitiv systemrelevant. Dat sinn zwou wichteg Erkenntnissen aus der Coronakris. Elo musse mir och entspriechend politesch handelen an d’Landwirtschaft grad elo besser a méi geziilt ënnerstëtzen.

Dat maache mir als CSV mat 14 Verbesserungsvirschléi zum neien Agrargesetz“, sou d’Martine Hansen an d’Octavie Modert am Virfeld vum Agrarausschoss vun haut.

Konkret schléit d’CSV 14 Propositioune vir, déi sech a folgende 5 Punkten zesummefaasse loossen:

  1. administrativ Vereinfachung vum neien Agrargesetz;
  2. geziilt Fërderung vun Diversifizéierung (z.B. Biogasanlagen) an Innovatioun;
  3. geziilt Fërderung vum Déieren- an Ëmweltschutz;
  4. Erhéijung vun der Uewergrenz fir Bäihëllef, sou wéi Erhéijung vun de Bäihëllefen fir Investitiounen an Waasserschutz, Klimaschutz, Ëmweltschutz, Déiereschutz, Prezisioun Farming an Digitaliséierung;
  5. Ënnerstëtzung och vu méi klengen Investitiounen.

„Et geet nämlech net duer, sech ambitionéiert Ziler beim Klimaschutz ze setzen. D’landwirtschaftlech Betriber mussen dann och um Terrain mat den noutwennegen Mëttel konsequent ënnerstëtzt ginn“, hunn d’Martine Hansen an d’Octavie Modert ofschléissend betount.

Déi detailléiert Ännerungsvirschléi fannt Dir HEI.

Matgedeelt vun der CSV-Fraktioun

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics Agrargesetz, Ännerungsvirschléi, CSV-Fraktioun, Ëmweltschutz, Innovatioun, Klimaschutz, Landwirtschaft, Martine Hansen, Octavie Modert
Next post Previous post