Search

You may also like

Uecht gedoen: eng Gripp ass ënnerwee!
Neiegkeeten

Uecht gedoen: eng Gripp ass ënnerwee!

Eppes viraus: de Vire-Stamm vun der Gripp evoluéiert vu Joer

Hëtztwell 2019: d‘Stad Lëtzebuerg informéiert!
Neiegkeeten

Hëtztwell 2019: d‘Stad Lëtzebuerg informéiert!

D‘Stad Lëtzebuerg informéiert de Public, datt opgrond de besonnesch héijen

D’Europäesch Unioun erkläert – vum CGP Grey
Neiegkeeten

D’Europäesch Unioun erkläert – vum CGP Grey

Brauch d‘CSV eng nei Spëtzt?

Wann de 24. Abrëll d‘CSV seng Comitéen erneiert, wëll sech de President fir en zweet Mandat opstellen

Brauch d‘CSV eng nei Spëtzt?

A ronn sechs Wochen huet déi gréisste Vollekspartei am Land säin nationale Kongress, a nach ëmmer geet et ëm Erneierung. Un de Schlësselpositioune bannent der CSV wëll een allerdéngs nëmme marginal Verännerunge virhuelen, firwat et bei de Mandater: Generalsekretär a President kaum e Grond zur Spekulatioun gëtt.

Dat bestätegt sech zudeem, duerch ee Courrier, deen den CSV-President un d‘Parteimembere verschéckt huet. An dësem Schreiwes mam Titel „Mir d‘CSV. Mir zu Lëtzebuerg“, huet sech de Frank Engel nach emol däitlech als Kandidat fir de Poste vum Parteipresident presentéiert. Op ganze 16 Säiten, detailléiert de fréieren EU-Deputéierte vun der EPP, wéi hien d‘CSV-Famill vereenegen an zum Erfolleg bei den nächste Parlamentswahle féiere wëll.

Eng verständlech Approche, wa jo gewosst ass, datt déi „nei“ Ekipp déi de 24. Abrëll um CSV-Nationalkongress gewielt gëtt, de Walkampf vun 2023 bestreide muss. Elo ass et allerdéngs esou, datt de Frank Engel säi Clibbche wärend ëm éischte Mandat net wierklech zesummegeschweesst huet. Hien ass, wéi soll ee soen, eppes „ëmstridden“. Anersäits wëllen se alleguerten an der CSV nees Regierungsverantwortung iwwerhuelen. Seng Chancë stinn esou schlecht net.

Fir dann awer nees eppes Rou an dat Ganzt ze bréngen, muss de CSV-President sech awer elo och nees mat der Chamber-Fraktioun op eng gemeinsam Linn verstännegt kréien. Do hat et bekanntlech eppes Schnëssstécker ginn, wéi hie sech vum Walprogramm 2018 – dee fir d‘Fraktioun nach ëmmer d‘Referenz ass – distanzéiert huet. Hie wollt – a bezitt seng Argumentatioun op de Kontext vun der Pandemie – net méi un eppes festhalen, dat de Realitéiten net entsprécht.

Eng iwwersiichtlech Strategie?

Wat d‘Saache méi einfach gehalen a méi liicht verständlech sinn, wat et méi einfach ass d‘Leit an der Partei vun de gudden Absichten ze iwwerzeegen. Aus dësem Grond wëll de Frank Engel, de Parteimemberen d‘Partei zeréckginn. Et wieren dës Parteizaldoten, wou d‘Bierger „politesch“ als éischt géife wouerhuelen, et wieren si deenen d‘Wieler géife vertrauen. Dofir misst een dann och hire Wëlle behäerzegen, wann engem u Regéiere geleeë wier.

An de Frank Engel huet d‘Covid19-Kris genotzt, fir grouss gesellschaftlech Analysen ze maachen. Aus den heibäi entstanenen Erkenntnisser, huet de fréieren EU-Deputéierten erkannt, datt eist Land besonnesch am Gesondheetssecteur, immens vun den Nopeschlänner ofhängeg ass. Dëse Secteur ze stäerken an him déi noutwenneg Moyenen zouzegestoen, misst déi Prioritéit sinn. Woubäi et ufänkt enk um ieweschten Träpplek vum Podium ze ginn.

Sécher kann een d‘Urgence am Gesondheetssecteur als „Prioritéit“ presentéieren, a kee wäert sech dohinner stellen an dat kontestéieren. Woubäi där „Prioritéiten“ déi op éischter Plaz stinn, gëtt et masseg: de Logement (hei huet d‘CSV als Regierungspartei iwwer Joerzéngten ewech versot), d‘Verfassung (hei wëll d‘CSV de Bierger ausschléissen), de Klimawandel (dorëms sollen sech déi aner këmmeren) an d‘Pandemie (do sinn der CSV d‘Hänn gebonnen).

Randnotiz:

Aus den Aussoen am Schreiwes un d‘Parteimemberen (Säit 9,10) léisst sech ee liichten Touch u Populismus erkennen, woumatter zumindest geséchert ass, datt hien och wierklech en EPP-Eurodeputéierte war. Hie freet sech nämlech ganz am Eescht, op et sënnvoll ass datt all Joer 10.000 Leit déi Lëtzebuerger Nationalitéit kréien. „30 Leit den Dag gi Lëtzebuerger dacks nodeems se an iergendengem Cours d’Method fir den Examen an eiser Sprooch bäibruecht kréien, ouni d’Sprooch selwer an iergend enger Form ze léieren“, esou den CSV-President. Och hei dierf drun erënnert ginn, datt et net dës Regierung war, déi d‘Jalone geluecht huet, mee dat d‘CSV-Politik gemaach hat.

Nodeems an der CSV ni wierklech eeschthaft un der Sproch vum Land festgehale gouf – si ass jo eréischt rezent am Schoulprogramm enthalen, an dat ouni se wierklech seriö ze huelen – heescht et: „D’Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Staatsbiergerschaft muss u méi stringent Critèrë vu Beherrschung vun der Sprooch a Wëssen iwwert d’Land a seng Wäerter gebonne ginn, well Integratioun zu engem gudden Deel iwwert d’Sprooch funktionéiert.“ schreift den CSV-President. Esou Aussoe ware bis heihinner eigentlech der ADR virbehalen… Mee wéi eescht ass et gemengt?

An et huet nach méi „Sprengstoff“ säi Wee an dem Frank Engel säi Schreiwes fonnt. Et dierf een elo gespaant op d‘Reaktiounen, esouwuel aus der Partei selwer, wéi och vun de méigleche Partner fir déi zukünfteg Koalitioun waarden. National Verbonnenheet demonstréieren ouni sech als Nationalist duerch d‘Duerf joen ze loossen, dat verlaangt vill diplomatescht Geschéck. Mam Bréif jiddefalls, kann ee sech elo awer schonn emol Virstellen, a wéi eng Richtung de Walprogramm 2023 soll tendéieren. Flott dogéint de Revirement beim wirtschaftleche Wuesstem: hei soll sech d‘Land kënfteg esou opstellen, datt genuch nei Aarbechtsplaze gëtt, awer ouni nei Problemer ze schafen.

Illustratioun: © Luca Bravo / unsplash

Related topics CSV, CSV-Fraktioun, CSV-President, Frank Engel, Nationalkongress
Next post Previous post