Search

You may also like

Lëtzebuerger Covid19-Teststatiounen am Stress
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Covid19-Teststatiounen am Stress

Zanter enger Woch ass d‘Opreegung an de sozialen Netzwierker grouss,

Chantier op der A6 tëscht dem Zéissenger a Gaasperecher Kräiz!
Neiegkeeten

Chantier op der A6 tëscht dem Zéissenger a Gaasperecher Kräiz!

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt vu Freides, den 10. Mee géint

surprise
Brexit: Ausseminister Johnson sicht d‘Konfrontatioun mat der EU
Neiegkeeten

Brexit: Ausseminister Johnson sicht d‘Konfrontatioun mat der EU

Virum Parlament huet de briteschen Ausseminister gemengt, datt déi europäesch

D‘CSV ass enger Tracing-App net méi ofgeneigt

D‘CSV ass enger Tracing-App net méi ofgeneigt

Si ware vir d‘Motioun vun de Piraten an hu begréisst datt d‘Regierung sech kloer géint den Asaz vun enger Tracing-App ausgeschwat huet. De Premierminister hat sengerzäit just op gelooss, datt Lëtzebuerg sech enger europäescher Léisung kéint uschléissen, wann do gewësse Konditioune respektéiert ginn. Et gëtt dann och aktuell un engem Gesetz an dësem Sënn geschafft.

Gëschter dann am Cercle, den neie Standuert vun der Chamber, huet den CSV-Deputéierte Claude Wiseler fir eppes Onverständnis gesuergt. Hien huet sech tatsächlech fir eng Tracing-App staark gemaach a sech engersäits op den Avis vun der nationaler Ethikkommissioun (CNE) an anersäits op d‘Mesure vum däitsche Gesondheetsminister bezunn, dee säi Wëllen duerchgesat kritt huet.

D‘CSV wëll also den Debat ronderëm d‘Tracing-App relancéieren, wat beim Premierminister fir eppes Veriergerung gesuergt huet. Dat manner well sech de Claude Wiseler op de Saz „ Den Tracing mëttels Informatik soll net aus rengem Opportunismus ausgeschloss ginn“, bezunn huet, mee éischter vun der Aart a Weis, wéi d‘Argumentatioun an der Aktualitéitsstonn virbruecht ginn ass.

Hien huet den Deputéierten a senger Fraktioun an Erënnerung geruff, datt viru genee engem Mount, op der selwechter Plaz, déi vum Deputéierte Sven Clement (Piratepartei) agereechte Motioun, mat 53 géint 6 Stëmmen ugeholl gouf. D‘CSV-Fraktioun hat se eestëmmeg matgedroen an ënnerstëtzt. Domadder war jo u sech kloer, datt d‘Regierung sech géif op den analogen Tracing konzentréieren.

De Xavier Bettel huet dann nach emol däitlech gemaach, datt d‘Regierung dat ëmsetzt, wat hei am héijen Haus vun den Deputéierten entscheet gëtt. Wann awer elo all puer Woche sollen Decisiounen zeréckgeholl ginn, dréit dat net zu engem bessere Versteesdemech bei de Bierger bäi. Wann dann elo d‘Chamber nees op seng Motioun wëll zréckkommen, misst se dat och kloer kommunizéieren.

Fir de Claude Wiseler ass et awer elo esou, datt sech an de leschte véier Woche villes nees verännert huet, an een den Evolutioune soll dierfe Rechnung droen, firwat sech den Debat ëm eng Tracing-App géif opdrängen. Hien hält déi däitsch Tracing-App fir eng gutt Léisung. Op dem Jens Spahn (CDU) seng App awer gutt ass, muss sech nach erweisen. Déi kënnt fréistens déi nächst Woch.

Zumindest ass een sech bei der CSV – fir den Ament emol – nach eens doriwwer, datt esou eng APP just komplementar zum analogen Tracing soll agesat ginn, an dat och nëmmen op fräiwëlleger Basis a mat dezentraler Späicherung vun den Daten. Wann d‘Leit dann awer vun hirem Recht gebrauch maachen an d‘App net installéieren, kéint se séier Verflichtend ginn. Och mat der CSV…

Illustratioun: Déi vu SAP mat der Telekom entwéckelt App, gefält der CSV, firwat een sech dësem Instrument net méi verschléisse wëll. Si gëtt déi nächst Woch an Däitschland agefouert. © SAP

Related topics CDU, Chamber, Coronavirus, Covid19, CSV, Jens Spahn, Tracing-App
Next post Previous post