Search

You may also like

Luerenzweiler: Participatiivt Wunne fir Senioren
Kultur Neiegkeeten

Luerenzweiler: Participatiivt Wunne fir Senioren

Eng Ekipp u Pionéier ass dobäi, déi éischt participativ Ënnerkonft

Washington: Schëss virum Kapitol
Kultur Neiegkeeten

Washington: Schëss virum Kapitol

Um Freideg ass an der US-Haaptstad ee Mann mat sengem

Buchvirstellung: „Klima“ vum David Klass
Kultur Neiegkeeten

Buchvirstellung: „Klima“ vum David Klass

D’Wierk „Klima“ vum David Klass ass vill méi wéi nëmmen

CUEVA am Bâtiment 4: Eng Expo vun de Superlativer geet zu Enn

Wow, wat eng fantastescht Ausstellung huet dann do zu Esch-Uelzecht stattfonnt? Ganzer 108 Kënschtler haten d’Zëmmere vum fréieren Direktiounsgebai vun der ARBED – de sougenannte „Bâtiment 4“ – an een XXL-Meeschterwierk verwandelt.

An Zäite wou virun-d’Dier-kommen an eppes ze ënnerhuele scho keng Selbstverständlechkeet méi ass, zuelräich kulturell Evenementer ofgesot gi sinn an een ëmmer nees gerode kritt Doheem ze bleiwen, huet sech déi 6. Expo vum Kënschtlerkollektiv CUEVA wéi e Besuch an engem Fräizäitpark ugefillt!

Vum Keller bis erop op den zweete Stack gouf all Wénkel kreativ an Zeen gesat an huet mat originellen Iddien fir staunend Gesiichter gesuergt. Wärend an engem Zëmmer de Mooss vun engem Eck bis iwwert de Schreifdësch gewuchert huet, louch am Keller e risegt Gehir, hallef aus Kabelen, hallef aus Holz.

Graffitien hu sech vum Buedem bis erop op de Plafong gestreckt, d’Motiver op de den Toillen hunn hire Support verlooss an dotëscht hu Luucht, Klang an eenzegaarteg Konstellatiounen sech op eng dynamesch Aart a Weis ofgewiesselt, gläichzäiteg awer och mat de Sënner vun de Visiteure gespillt.

Datt 108 Artisten dës Erausfuerderung op genee esou vill ënnerschiddlech Manéieren ugaange sinn an hinnen dobäi keng Grenze gesat goufen, konnt souguer den Typ Mënsch „Ech-verstinn-dach-näischt-vu-Konscht“ begeeschteren.

Gëschter hunn nach emol honnerten Interesséierter déi lescht Méiglechkeet ergraff, fir sech d’Wierk an den Industriebroochen unzekucken. A well CUEVA dofir bekannt ass, ee Mol am Joer eng Ausstellung an engem ale Gebai ze organiséieren, dat ofgerappt oder restauréiert soll ginn, kann een elo schonns gespaant op déi 7. Editioun am nächste Joer waarden.

Wéi faarweg, villsäiteg an opreegend dës aussergewéinlech Expo vum Kënschtlerkollektiv CUEVA war, kënnt Dir uewen an eiser Billergalerie gesinn. Fotoen © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Alain Welter, ARBED, Ausstellung, Bâtiment 4, Direktiounsgebai, Esch-Uelzecht, Expo, Kënschtlerkollektiv, Michael Sanctobin, Sandra Biewers, Théid Johanns
Next post Previous post