Search

You may also like

E Bësch voller Hoffnung: Verloscht an Trauer iwwerwannen
Kultur Neiegkeeten

E Bësch voller Hoffnung: Verloscht an Trauer iwwerwannen

Wann een sech de Buchcover vun Die wunderbare Mission des

Metal fir ze danzen – Khroma begeeschtert bei der Europa-Tour!
Kultur Neiegkeeten

Metal fir ze danzen – Khroma begeeschtert bei der Europa-Tour!

Metal gehéiert zu de skandinavesche Länner, wéi de Kachkéis zu

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Juli
Kultur Neiegkeeten

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Juli

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt

Culture.lu am neien Design mat Podcast, Playlists an Artikelen

Culture.lu am neien Design mat Podcast, Playlists an Artikelen

D’Lëtzebuerger Plattform culture.lu presentéiert sech an engem neie, méi moderne Liicht, stellt national Kreateuren vir an informéiert Kultur-interesséiert Persounen. Domat sollen déi verschidde Facette vun der Kultur fir jiddereen méi accessibel ginn.

Mam frëschen Design bleift ee gären méi laang op culture.lu an duerch seng verschidde Beräicher gëtt de kulturelle Secteur nach méi ervirgehuewen, gefërdert an no baussen hin gewisen. Nieft Appellen, déi sech un d’Artiste riichten, an Erklärungen zu de finanziellen Hëllefen hei am Land, hält de Blog Iech ëmmer um neiste Stand.

culture.lu

Zousätzlech zu den Artikelen, déi d’artistesch Kreatioun an hir Entwécklung am Ausland an de Fokus stellen, gëtt et elo och de Podcast „KulturPur“, deen zwee Mol de Mount a Form vun Interviewen d’Acteuren aus dem Secteur virstellt. Dës Initiative gëtt erméiglecht duerch d’Partnerschaft mam Radio ARA. Domat awer nach net genuch: All Mount gëtt an Zesummenaarbecht mam Radio 100,7 eng Playlist mat Musek „made in Luxembourg“ verëffentlecht.

Kucke, liesen a lauschteren ass also ugesot! Mam Newsletter verpasst Dir keng Neiegkeeten. An och op Facebook an Instagram huet culture.lu säin Ausgesinn gepasst.

Am Joer 2013 huet de Kulturministère d’Initiative ergraff dës informativ Säit ze lancéieren. Ëm d’Gestioun këmmert sech zënterhier d’Lëtzebuerger Agence fir kulturell Aktioun ALAC. Ëm den neie Grafikdesign huet sech d’Agence Cropmark gekëmmert, bei der informatescher Ëmsetzung gouf op d’Agence mesh.lu zeréckgegraff.

Opmaacherbild: culture.lu / Facebook

Related topics ALAC, culture.lu, KulturPur, Made in Luxembourg, Musek, Playlist, Podcast, Radio 100.7, Radio ARA
Next post Previous post