Search

You may also like

USA: 25% Douanestaxen op Importwueren aus China
Money Neiegkeeten

USA: 25% Douanestaxen op Importwueren aus China

De Locataire gëtt keng Rou an schéngt sech virgeholl ze

Doudeg Schof am Raum Nidderaanwen: Et war e Wollef!
Money Neiegkeeten

Doudeg Schof am Raum Nidderaanwen: Et war e Wollef!

Viru gutt zwou Wochen sinn op enger Wiss am Raum

Éischte Coronavirus-Doudegen an Italien
Money Neiegkeeten

Éischte Coronavirus-Doudegen an Italien

D‘Leit stierwen net nëmmen an Asien un dësem Coronavirus (Covid19)

money

Cuvée „Schueberfouer“ 2017: E gutt Sammlerstéck

Cuvée „Schueberfouer“ 2017: E gutt Sammlerstéck

Fir déi siwente Kéier, gëtt et eng „cuvée spéciale“ fir d‘Schueberfouer. D‘Kollaboratioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an der Kellerei Bernard-Massard mécht et méiglech.

Dat läit net zu gudder Läscht un der Tatsaach, datt zanter 2011 dat spruddelegt Gedrénks vun der Musel e wierklech notabele Succès huet. Et ass engersäits e ganz gudde Schampes, anersäits e Sammlerstéck. Dat Kritt een dann och exklusiv op der Schueberfouer.

Fir e gudden Zweck

Op 1.500 Fläsche limitéiert, mam Lynn Cosyn sengem Design– et ass d‘Artistin, déi d‘Affiche vun dësem Joer gemoolt huet – heescht et dann och sech bäi maachen. Zudeem geet en Deel vum Verkafspräis un e gudden Zweck.

D‘Associatioun „Passerell“ ass dëst Joer de Beneficiaire. Si ass täteg am Beräich vun der Integratioun, notamment vu Persounen déi Asyl ugefrot hunn, mee och den installéierte Refugiéë gräift d‘Passerell ënnert d‘Äerm. Si suergen och fir de Kontakt tëscht de Bierger vu Lëtzebuerg an der Groussregioun mat eben de betraffene Mënschen.

Vun all verkaafte Fläsch ginn esou 50 Cent un d‘Associatioun. Eng gutt Initiative engersäits, eng fair Reklamm anersäits. Ugesicht dem Succès, misst een och esou lues dovunner ausgoen, datt dës gutt Zesummenaarbecht um beschte Wee ass Traditioun ze ginn.

Foto: D‘Fläsch vun der Cuvée „Schueberfouer“ fir datt dir iech ee Bild kënnt maachen. Et muss een sech wéi gesot scho bäi maache wann een interesséiert ass. Se verkeeft sech wéi waarm Bréidercher, a wien en huet gëtt se och net méi hir. (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Related topics Bernard-Massard, Lëtzebuerg Stad, Schueberfouer
Next post Previous post