Search

You may also like

Dat grousst Geschäft
Neiegkeeten

Dat grousst Geschäft

Dem Donald Trump steet den Toupet zu Bierg an de

D’Saison vun den Harespelen – Enn oder Héichpunkt?
Neiegkeeten

D’Saison vun den Harespelen – Enn oder Héichpunkt?

Den Héichsummer bedeit fir munch Harespelzorten den Ufank vum Enn

Gaascht-Editorial: Gedanken op Chrëschtdag…
Neiegkeeten

Gaascht-Editorial: Gedanken op Chrëschtdag…

Keen huet mer gesot, datt haut Chrëschtdag ass. Wann ech

Cuvée Schueberfouer: Feierlech Scheckiwwerreechung am klenge Krees

D‘Asbl Daaflux ass de gléckleche Beneficiaire vum Don

Cuvée Schueberfouer: Feierlech Scheckiwwerreechung am klenge Krees

Säit 8 Joer gëtt et fir d‘Schueberfouer en dediéierte Cremant, dee vun der Stad Lëtzebuerg an enker Kooperatioun mat der Kellerei Bernard-Massard, als Spezial-Cuvée a limitéierter Stéckzuel dem interesséierte Public ugebuede gëtt. An net nëmmen datt de „Contenu“ engem d‘Waasser am Mond zesummelafen deet, nee och de „Contenant“, also d‘Fläsch, huet eng eenzegaarteg Etikett.

Op der Etikett vun der Cuvée 2018, ass d‘Motiv dat d‘Carole Stoltz fir déi 678. Editioun vun der Schueberfouer entworf huet. Vum Erléis geet dann och ëmmer en Deel un eng Vereenegung. Dëst Joer ass de Beneficiaire vum Don, deen d‘Kellerei Bernard-Massard ëmmer fir e gudden Zweck asetzt, d‘Asbl Daaflux, e Veräi fir daf a schwéierhéierend Mënschen zu Lëtzebuerg.

Hire Virstand war dann och héchstperséinlech an d‘Stadhaus zu Lëtzebuerg komm, wou si vun der Buergermeeschtesch, Lydie Polfer (DP), zesumme mat der Schäffin Isabel Wiseler-Lima (CSV), an dem Madeleine, dat sech fir d‘Associatioun agesat hat, ganz häerzlech empfaange gi sinn. D‘Lydie Polfer war richteg Frou, datt se all Zäit haten, an huet och eng helle Wull u Froe fir si gehat.

D‘Geld gëtt gutt investéiert

D‘Asbl Daaflux, déi ronn 90 Memberen huet, setzt sech an fir d‘Interesse vu Mënschen déi daf oder schwéierhéierend sinn. Dat fir eng Verbesserung vun der Situatioun vun de Mënschen, déi schlecht oder guer näischt héieren, ob am berufflechen, wéi am ausserberuffleche Beräich. Gefërdert gëtt och d‘Zesummeliewen ënnert betraffene Persounen, an den Austausch mat Netbehënnerten.

An d‘Suen, déi hinnen iwwerreecht gi sinn, sollen am Kommunikatiounszenter Verwendung fannen. Op elo fir en Atelier, eng Diskussiounsronn oder eng aner Aktivitéit, datt konnt eis d‘Presidentin Nicole Sibenaler, aus dem Stand elo net direkt soen. Gewosst ass awer, datt egal wéi, déi 1.000 Euro an de richtegen Hänn gelant sinn, an sënngeméiss wäerte verwennt ginn.

Wierder déi de Vertrieder vun der Kellerei Bernard-Massard, Eric Wissink, mat groussem Interessi verfollegt huet. Hien huet dann och nach emol ënnerstrach, datt Bernard-Massard iwwert dës Kooperatioun mat der Stad Lëtzebuerg ganz frou ass. Et ass wuel eng gutt Reklamm an eegener Saach, mee dat wichtegst bleift de Don. Hien ass iwwerzeegt, datt d‘Sue gutt genotzt ginn.

Matenaner kommunizéieren

Nom eigentleche Festakt, ass sech nach weider ënnerhale ginn. D‘Lydie Polfer an Isabel Wiseler-Lima hunn, grad wéi den Eric Wissink, zolidd zur Diskussioun bäigedroen. Interessant, war eng Bemierkung vum Nicole Sibenaler, déi gemengt huet – an dat war goldrichteg bemierkt – datt den Dolmetscher an Gebäerdesprooch, eigentlech méi wichteg sinn fir déi wou héieren…

Datt erlaabt et op ee puer kleng Detailer hinzeweisen. De Begrëff „Daf-Stomm“ ass net nëmme grondsätzlech falsch, mee kann zuweile beleidegend wierken. Eng Persoun déi näischt oder ganz schlecht héiert ass net stomm. Si kënnen zudeem alles wat Leit mat „Gehéier“ kënnen och, just eppes anescht. Et ass wuel eng Behënnerung, mee et ass d‘Gesellschaft déi d‘Barrièren opstellt.

Et ass dann och absolut kee Problem sech ze verstännegen, zemools ënner Berécksiichtegung, datt mat eppes guddem Wëllem an Interessi, ee sech ëmmer ënnerhale kann. Vläicht ass et awer och der Zäit geschëlt – d‘Leit hu kaum Gedold, oder Zäit – datt d‘Kommunikatioun schwiereg ass. Dobäi hunn se genau esouvill ze erziele wéi all anere Mënsch och. Mir sinn all d‘selwecht an anescht…

Foto: © Charles Soubry/Photothèque Ville de Luxembourg

Related topics Cuvée Bernard-Massard, Daaflux, Lydia Mutsch, Nicole Sibenaler, Schueberfouer, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post