Search

You may also like

Stroossentransport: Frankräich opposéiert sech den EU-Reformen
Neiegkeeten

Stroossentransport: Frankräich opposéiert sech den EU-Reformen

Den europäesche Projet „Mobilitéitspak“ ass e Freideg vun der franséischer

US-Ausseminister kritt am Vatikan déi kal Schëller gewisen
Neiegkeeten

US-Ausseminister kritt am Vatikan déi kal Schëller gewisen

De Vatikan setzt mat China op gutt Bezéiungen, d‘Amerika erkennen

SNPGL: „D‘Reform huet keng Verbesserung bruecht“
Neiegkeeten

SNPGL: „D‘Reform huet keng Verbesserung bruecht“

Et war nawell en zimlech genervte SNPGL-President, deen op der

No der Musel, elo och Cyanobakterien um Stauséi…

Nodeems Bloalgen am Stauséi festgestallt goufen, si bis op Weideres all Waasseraktivitéite ronderëm d‘Rommwiss ënnersot

No der Musel, elo och Cyanobakterien um Stauséi…

Am Kontext vun der reegelméisseger Iwwerwaachung vun der Waasserqualitéit, hunn d‘Autoritéite gëschter ee gréissert Opkomme vu Bloalgen (Cyanobakterien) am Stauséi ronderëm de Site vun der Rommwiss festgestallt. Well dës Bakterien toxesch fir Mënsch an Déier sinn, dierf een hei weder am Waasser schwammen nach soss Aktivitéiten um Waasser (Kayak, Seegelen, asw.) bedreiwen.

De Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaft an Technologie (LIST) ass beoptraagt ginn detailléiert Analysen ze maachen. Unhand dëse soll d‘Kompositioun an d‘Natur vun den Cyanobakterien, déi sech op der Héicht vun der Plage Rommwiss ausbreede festgestallt ginn. Geséchert wier bis ewell, datt et sech ëm d‘Spezies*: Anabaena, Microcystis a Woronichinia, déi Toxinne produzéieren.

De Verbuet bezitt sech aktuell nëmmen op déi bei Blaaschent geleeë Plage, well dës zimmlech vum Wand geschützt an d‘Waasser hei och net besonnesch déif ass. Dat begënschtegt d‘Entwécklung vu Bloalgen. Wat elo déi aner Plage ronderëm de Stauséi betrëfft – mee och de Séi zu Wäiswampech an de Baggerweier zu Rëmerschen – esou dierf een hei weider an d‘Waasser goen.

De Service vun der Waasserverwaltung weist nach emol dro hin, datt een déi aktuell Situatioun op hirem Site waasser.lu an Echtzäit verfollege kann.

Illustratioun: D‘Rommwiss bei Blaaschent, Uewersauer © Geoportail/Gouvernement

(*) Annex:

Blaualgen-Cyanobakterien erkläert (Land BW)

Toxinbildende Cyanobakterien (Blaualgen – Bay.)

Related topics Anabaena, Blaaschent, Bloalgen, Cyanobakterien, LIST, Microcystis, Rommwiss, Stauséi, Waasserverwaltung, Woronichinia
Next post Previous post