Keng Kavalkad zu Schëffleng
D‘Asbl AAFC Folklorama hat ganz motivéiert am Oktober ugefaangen déi
D‘Asbl AAFC Folklorama hat ganz motivéiert am Oktober ugefaangen déi
Mat de Gewerkschafte vum ëffentlechen Déngscht léisst eigentlech ëmmer alles
D‘USA a China leien sech an den Hoer an eng
En ofwäertende Kommentar an de soziale Medien, eng schlecht Bewäertung ob der Internetsäit vun engem Restaurant oder d’Verbreedung vun Desinformatioun iwwer Prominenter am Netz – et gi vill alldeeglech Situatiounen, bei deenen ee sech freet, ob et sech ëm Cybermobbing handelt. Ass an deem Fall net all béist Wuert, vun enger rosener Persoun Cybermobbing? Ech weess et net. D’Grenz ass schmuel, bal net ze gräifen.
D’Welt vum Internet ass grouss an nawell léierräich. Ma, se kann awer och geféierlech sinn. Sech selwer an déi eege Kanner ze schütze ka schwiereg sinn. Et sief awer gesot, datt Cybermobbing feig ass. Sief et Beleidegung an Diskriminéierung am Internet, oder och Terror an de soziale Medien, de Schrecke kann iwwerall verbreet ginn a keen ass sécher!
Den Haaptproblem ass dacks d’Anonymitéit. D’Affer wëssen net wien se beleidegt. Et kann also och ee gudde Frënd sinn, deen sech dat an der realer Welt net traue géing. Si huele kee Blat virun de Mond. A genee dat ass geféierlech. Duerch dës Anonymitéit loossen sech Cybermobber*inne seele fannen, e Klick geet duer fir iwwerflächlech d’Beweiser ze läschen. Oder de ganzen Account. Bei verschidde Kommentare kënnt engem einfach d’Roserei an den Eekel an d’Mënschheet erop. Ma, firwat muss een esou respektlos mateneen ëmgoen?
Ob am realen oder am virtuelle Liewen si Beleidegungen an Diskriminéierung moralesch a mënschlech net an der Rei.
Am absoluten Eeschtfall bitt BEE-Secure an déi speziell ageriicht Stopline eng gutt Ënnerstëtzung.