Search

You may also like

Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat
Kultur Neiegkeeten

Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat

Wat wat dat nees e gäile Weekend an der Schongfabrick

Gemeng Biwer – Avis fir de Public: Urbanismus
Kultur Neiegkeeten

Gemeng Biwer – Avis fir de Public: Urbanismus

A senger Sëtzung vum 18. Mäerz 2019, huet de Gemengerot

Hansen, OGBL an LCGB ënnerschreiwen den Accord zum Kollektivvertrag
Kultur Neiegkeeten

Hansen, OGBL an LCGB ënnerschreiwen den Accord zum Kollektivvertrag

Gëschter hunn de Marc Hansen, Minister fir d’Fonction Publique, de

De Cycle 4 zu Besuch am Palais

Vum 8. bis den 12. Juli hate 555 Schüler vum Cycle 4 aus der Grondschoul d’Chance, de groussherzogleche Palais ze besichen. A Kollaboratioun mam Luxembourg City Tourist Office (LCTO) ginn all Joer dës Visitten organiséiert.

Zum Schluss vum Schouljoer konnte 35 Schoulklassen aus 23 verschiddene Schoulen aus dem ganze Land nach virun der offizieller Erëffnung fir d’Ëffentlechkeet de Palais vu Banne gesinn. Dës Initiativ huet als Haaptzil, datt déi Jonk dëst historescht Gebai kucke kënnen, an deem offiziell Aktivitéite vum Grand-Duché oflafen.

Fir déi grouss Ëffentlechkeet

Vum 13. Juli bis de 5. September 2019 mëscht de Palais jiddwerengem d’Dieren op, deen un guidéierte Visitten deelhuele wëll. Dës Aktivitéite gëtt a verschiddene Sproochen ugebueden. D’Ticketen dofir kritt een exklusiv am LCTO um Knuedler, sou wéi op der Internetsäit.

Een Deel vum Benefice geet dobäi un d’Fondatioun vum Groussherzog an der Groussherzogin.

Related topics Cycle 4, LCTO, Palais, Visitt
Next post Previous post