Patronat & Gewerkschaften: Et gëtt (nees) matenaner geschwat
Jee nodeems wéi ee Brëll een sech opgesat huet, konnten
Jee nodeems wéi ee Brëll een sech opgesat huet, konnten
[onionbuzz quiz-id=171][/onionbuzz] Den Theater kann zu Lëtzebuerg op eng laang
Nodeems am vergaangene Summer de Projet vun der ASTI, bei
Zu Bréissel huet d‘EU-Kommissioun ewell widderholl op eng Reguléierung a Besteierung vun de groussen Entreprisen aus dem Internet (an éischter Linn déi sougenannt GAFA) gepocht an ass un den USA gescheitert. Frankräich léisst awer net labber, an bréngt dëst kriddelegt Thema beim G20-Sommet a Japan nees an d‘Gespréich. D‘Amerikaner maachen een op „beleidegt“.
Beim Meeting vun den 20 wichtegsten Industrie- a Schwellelänner zu Fukuoka (Japan) huet de franséische Finanzminister, Bruno Le Maire, op e neits d‘Besteierung vun den Internetentreprise gefuerdert. An sollt méiglechst „zäitno“ ëmgesat ginn, woumatter eng Léisung nach an dësem Joer – zumindest wat eng Mindeststeier ugeet – soll fonnt ginn. Am Gespréich stinn dräi Prozent…
Wann de Fransous am Amerikaner en zolitte Géigner fonnt huet, esou si seng EU-Partner oder net wierklech hëllefräich. Eng EU-Digitalsteier ass mat deene ganzen Nationalisten an EU-Skeptiker net ze maachen, firwat Frankräich dënn „eegene Wee“ geet a vun den Internetentreprisen eng 3%-Steier verlaangt. Géif et en internationale Konsens, wier e bereet mat sech schwätzen ze loossen.
Elo huet de Bruno Le Maire vollkomme Recht vu Google, Amazon, Facebook an Apple (GAFA) fir déi stellvertriedend ze ernimmen, Steieren ze verlaangen. Wann et awer sollt zu engem international harmoniséierte Verfare sollt kommen, geet dat net ouni d‘Zoustëmmung vun den Amerikaner. Dat awer léisst dem Trump seng „America First“ Politik net zou an do läit d‘Kromm an der Heck.
De Steven Mnuchin, deen Digital esou bewandert, wéi den Donald Trump en diplomatescht Genie ass, huet de Fransous net gären a mat der Aart a Weis wéi de Bruno Le Maire d‘Saach ugeet kann hien net averstane sinn. Woubäi hien enger séierer Léisung net ofgeneigt ass, wann se vun him virgeluecht gëtt, woufir et allerdéngs och e Konsens brauch. An do steet fest: dee wäert et net ginn!
Et kënnt esoubal nach net zu enger Besteierung vun de GAFA. Dofir missten sech op mannst déi 7 wichtegst Industrienatiounen eens ginn, wat schonn aus geostrategeschen Iwwerleeungen net ze maachen an och mat der US-Aussepolitik verknäppt ass. Et wier awer héich Zäit elo endlech eppes an dëser Hisiicht ze ënnerhuelen. Och d‘GAFA hunn e faire Beitrag ze leeschten. Basta!
mat indymedia/fuk/par/was
Foto: © City of Fukuoka