Haut ass den internationalen Dag vun der mënschlecher Solidaritéit

Leider ass Solidaritéit de Moment ee Wuert, wat vu ville Leit mat de Féiss getrëppelt gëtt. Mënsche kämpfen ëm a fir hiert Liewen, se kämpfen ëm d’Fräiheet. Eriwwer sinn déi Zäiten, wou d’Spidolspersonal ganz houfreg vum Balcon aus geklappt kritt huet.

Den 20. Dezember 2005 ass dësen Aktiounsdag vun der Generalversammlung vun der UN zum Weltdag erkläert ginn. En zielt nämlech – och wann et net ze gesinn ass, zu de fundamentaalsten a wichtegste Wäerter vun eiser Gesellschaft.

Dësen Dag soll d’Mënschen drun erënneren, datt et wichteg ass bei weltwäite Problemer gemeinsam ze reagéieren. Nëmmen esou kënnen Erausfuerderungen a Problemer gemeeschtert ginn. Wichteg dobäi ass, an den Entwécklungslänner d’Aarmut ze bekämpfen. Dëst Zil sollten sech all Natioune maachen – a sech géigesäiteg ënnerstëtzen.

Wien am meeschte profitéiert, soll deenen hëllefen, déi am dréngendsten Hëllef brauchen. Genee dat wär Solidaritéit an net dee Kuddelmuddel, deen de momentan op der Welt herrscht. A well dat esou ass, hëlt de Weltdag all Joer u Bedeitung zou – eng grouss an direkt Bedreeung ass de Klimawandel a seng Auswierkungen.

Och hei heescht et, nëmmen zesumme kann een eppes änneren. An den Entwécklungslänner gëtt dat proppert Drénkwaasser knapp. D’Naturkatastrophen heefen sech, d’Versuergung vun den Nierungsmëttel erschwéiert sech ëmmer méi. D’Mënsche komme mat der humanitärer Hëllef net no.

Honnertdausende Leit sinn an Nout a keen mécht eppes dogéint. Si sinn am mannsten drop virbereet a kënnen sech och am wéinegsten hëllefen. Hei mussen d’Regierungen an d’Politik hëllefen. Jo, et sinn grouss politesch Ziler, mee et kann een se erreechen. Zesummen.

Dernières nouvelles