Search

You may also like

surprise
Grenzgänger mat neier Fiskalitéit konfrontéiert
Neiegkeeten

Grenzgänger mat neier Fiskalitéit konfrontéiert

Mat der Steierreform ännert sech net nëmme villes fir de

D‘Amerikaner ginn Afghanistan op
Neiegkeeten

D‘Amerikaner ginn Afghanistan op

Schonn am Mäerz zejoert, hat den US-Ausseminister Mike „Big Mike“

US-President verleet G7-Sommet an den Hiecht
Neiegkeeten

US-President verleet G7-Sommet an den Hiecht

Nodeems d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel, schonn eng physesch Participatioun um Sommet

Nationalen Dag vum Bam zu Schëffleng – Een Zeeche vun Hoffnung a Merci

Nationalen Dag vum Bam zu Schëffleng – Een Zeeche vun Hoffnung a Merci

De Freiden, den 13. November 2020 – also um nationalen Dag vum Bam – ass um 15.30 Auer e Bam an der Aloyse-Kayser-Strooss bei der Schëfflenger Gare geplanzt ginn. Et soll dëst een Zeeche vun Hoffnung an der sanitärer Kris sinn.

Gläichermoosse soll de Bam als Zeeche vu Merci gëlle fir all déi, déi wärend dem Confinement an och nach haut a muer mat vill Dévouement an Engagement hëllefen des Kris ze meeschteren an eist gesellschaftlech Liewen oprecht erhalen.

Dag vum Bam© Gemeng Schëffleng

E spezielle Merci geet un d’Leit aus dem Gesondheetssecteur an dem ziville Schutz. Mat der poetescher Form an dem Faarwespill vun engem Ahorn sollen d’Schéinheete vum Liewen zur Geltung kommen an nei Kraaft fir eis all schenken, esou de Buergermeeschter Paul Weimerskirch. De Bam soll och een Zeeche vu Courage sinn an als Stäip gëlle fir déi Matbierger, déi besonnesch haart vun der Pandemie getraff gi sinn.

Aus sanitärer Grënn ass dës Bamplanzaktioun am klenge Krees vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch an de Schäffen Albert Kalmes, Marc Spautz a Carlo Lecuit zesumme mat de Conseillers ofgehalen ginn.

Matgedeelt vun der Gemeng Schëffleng

Opmaacherbild: © Gemeng Schëffleng

Related topics Albert Kalmes, Aloyse-Kayser-Strooss, Bamplanzaktioun, Carlo Lecuit, Coronakris, Covid-19, Dag vum Bam, Gemeng Schëffleng, Hoffnung, Marc Spautz, Merci, Pandemie, Paul Weimerskirch, Sanitär Kris, Solidaritéit
Next post Previous post