Search

You may also like

Schwammunterrecht: Wann de Minister Meisch d‘Sécherheet vun de Schoulkanner vergësst
Neiegkeeten

Schwammunterrecht: Wann de Minister Meisch d‘Sécherheet vun de Schoulkanner vergësst

E Gesetz iwwert d‘Schoul vergësst all Dispositiounen iwwert d‘Sécherheet vun

Biologesch ofbaubar Fläschen aus Plastik kéinte méi Problemer mat sech bréngen, wéi se der léisen
Neiegkeeten

Biologesch ofbaubar Fläschen aus Plastik kéinte méi Problemer mat sech bréngen, wéi se der léisen

Et gi gläich e puer Initiativen, déi der Plastiksfläsch wëllen

FREYA RIDINGS den 27. Januar am Atelier!
Neiegkeeten

FREYA RIDINGS den 27. Januar am Atelier!

Fir Groussbritannien ass dës Sängerin ee vun de gréissten opbléienden

Haut ass den Dag vum Häerz – Passt gutt drop op!

Haut ass den Dag vum Häerz – Passt gutt drop op!

All Joer fannen sech d’World Heart Federation an déi Lëtzebuergesch Vereenegung vun der Kardiologie zesumme fir den Weltdag vum Häerz ze feieren. Ziel ass et d’Gesellschaft iwwert kardiovaskuläre Krankheeten an hir Risikofacteuren ze informéieren.

Häerzkrankheete stinn op éischter Platz vun de weltwäiten Doudesursaachen. Et gëtt geschat, datt ongeféier 17,7 Millioune Stierffäll op eng Krankheet um Häerz zréck ze féieren ass. Dëst mëscht 31% vun de weltwäiten Doudesfäll pro Joer aus.

Och zu Lëtzebuerg weist d’Statistik vun de Stierffäll vun 2016 mat 38,1%, datt kardiovaskulär Krankheeten nach ëmmer op éischter Platz leien, trotz enger signifikativer Verréngerung säit 1998.

D’Resultater vun der Etüd Oriscav (2007-2008), déi vum LIH(Luxembourg Institute for Health) geleet ginn ass, wéist ee beonrouegend Profil vu Risikofacteure vun Häerzkrankheete bei Erwuessenen zu Lëtzebuerg. Méi wéi 80% vun eiser Populatioun weisen op mannst ee Risikofacteur op, den vermeit kéint ginn.

Männer sinn méi oft betraff wéi Fraen

Jee no Alter a Geschlecht kann deen nämlech änneren. Insgesamt leiden 4,4% vun eiser Populatioun un Diabetis, d’Ausbreedung vu Stoffwiesselkrankheeten ass bei 25% mat engem groussem Ënnerscheed tëschent de Geschlechter. Eng Fettstoffwiesselstéierung (Dyslipädemie) ass mat 69,9% de risikoräich Facteur fir Mann a Fra, egal wéi een Alter.

Zu Lëtzebuerg hunn ongeféier 31% vun de Leit tëschent 25 a 65 Joer Blutthéichdrock. Domadder ass dat een vun deenen héchste Wäerter an Europa. Gutt 2/3 vun den iwwer 60 Järege sinn concernéiert. Eng vun zwou Persounen ignoréiert, datt se un dëser lueser Krankheet leit!“, äussert d’Gesondheetsministesch, Lydia Mutsch besuergt.

D’Halschent vun deenen, déi hire schlechte Bluttdrock kennen, loossen en net genuch Kontrolléieren oder behandelen. Genau dowéinst setzt den weltwäiten Dag vum Häerz op d’Preventioun an d’Kontrolle vun all Eenzelem géint gesondheetlech Problemer vun engem vun eise wichtegsten Organer.

Eng Verännerung vun der Liewensweis kann ee positiven Effekt op kardiovaskulär Krankheeten hunn. D’Ophale mam fëmmen, eng gesond Ernierung an kierperlech Aktivitéite vun op mannst 150 Minutte pro Woch kennen een virzäitegen Dout duerch beispillsweis Häerzinfarkt em 80% erof setzen.

Beugt Häerzkrankheeten duerch eng gesond Liewensweis fir!

  • Kontrolléiert reegelméisseg ären Zocker: Een ze héijen Zockerspigel am Blutt kann een Zeeche fir Diabetis sinn. Ronn 60% vun de Stierffäll vun Häerzkranken haten des Zockerkrankheet.
  • Kuckt no ärem Bluttdrock: Ze héije Bluttdrock ass den Haaptfacteur vun Häerzkrankheeten. Blutthéichdrock gëtt och nach den „luesen Dout“ genannt, well en oft keng Symptomer opweist an ze spéit entdeckt gëtt.
  • Sidd Iech äre Resultater bewosst: Huelt ee Rendez-vous bei engem Dokter fir de Cholesterol, äert Gewiicht, de BMI, de Bluttdrock an ären Zockerwäert ze moossen.
  • Erkennt d’Zeechen a Symptomer vun engem Häerzinfarkt: 70% vun allen Häerzinfarkter geschéien doheem, wann ee Familljemember present ass a rechtzäiteg hëllefe kéint. Huelt also och un engem éischt Hëllef Cours deel, wou dir och d’Reanimatioun léiert.

Een Dag fir besser iwwert Risikofacteur Bescheed ze wëssen

Fir den Dag vum Häerz organiséiert Société luxembourgeoise de cardiologie (SLC) zësumme mam Gesondheetsministère an anere Partnerorganisatiounen een Dag fir Sensibiliséierung fir Häerzkrankheeten. Hei gëtt iwwert Risikofacteur an Méiglechkeete fir se ze bekämpfen oder ze verhënneren opgekläert.

Dësen Dag ass e Mëttwoch, de 26. September 2018 vun 10:00 bis 16:00 Auer op der Place d’Armes an der Stad Lëtzebuerg.

Folgend Informatiounsstänn ginn ugebueden:

  • Moossname géint Risikofacteure vu Blutthéichdrock an Zocker
  • Informatiounsvideo zum Blutthéichdrock, Sport an Häerz, Diabetis an Preventioun
  • Léierräiche Parcours iwwert Häerzstëllstand, Virhaffflëmmeren, Tubak, Diabetis, asw.
  • D’Fanfare FUN-BRASS suergt fir ee flotte musikalesche Kader. Um 15:00 Auer ginn Häerzballonen mat Wonschkaarten fléie gelooss.

Affiche vum Dag vum Häerz 2018

 

Related topics Cardiologie, Dag vum Häerz, Dout, Häerz, Häerzkrankheeten, Preventioun
Next post Previous post