Search

You may also like

Gemengeconseil vun der Stad Lëtzebuerg: d’Linda Gaasch gouf vereedegt
Geek Neiegkeeten

Gemengeconseil vun der Stad Lëtzebuerg: d’Linda Gaasch gouf vereedegt

Gëschter huet d’Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, d’Lydie Polfer, op

Feminine Generalstreik bei den Eedgenossen
Geek Neiegkeeten

Feminine Generalstreik bei den Eedgenossen

An der Schwäiz haten d‘Gewerkschaften d‘Fraen opgeruff um Punkt 15.24

Commemoratioun zur Ardenneschluecht viru 75 Joer (Galerie)
Geek Neiegkeeten

Commemoratioun zur Ardenneschluecht viru 75 Joer (Galerie)

De Groussherzog Henri an de Premierminister Xavier Bettel, déi kinneklech

geek

Dag vum internationalen Dateschutz

Dag vum internationalen Dateschutz

Den Dateschutz ass haut méi wichteg wéi jee. Mam Opkomme vun de modernen Technologie ginn ëmmer méi perséinlech Daten ausgetosch, gesammelt an traitéiert. Dat ouni datt dir iech dees ëmmer bewosst sidd, firwat, fir wéi en Zäitraum a mat wéi enge Konsequenzen; virun allen vu wiem, dës numeresch Operatiounen erfollegen.

Duerch är Kommunikatioun, administrativ Demarchen, ären Akaf, d‘Bezuelen oder einfach bei den Deplacementer… ëmmer hannerléisst een digital Spuren. Einfach Aktiounen, wéi d‘Publikatioun vu Biller a sozialen Netzwierker, d‘Benotze vun enger „Clientskaart“ am Geschäft, den einfache Klick op eng Internetsäit oder d‘Benotze vun enger Sichmaschinn… dat alles generéiert Informatiounen zur ärer Persoun, ärem Ëmfeld a Gewunnechten.

Dës Datesammlung gëtt verstäerkt, wann een sougenannt „Konnektéiert Apparater“ notzt, wéi zum Beispill eng Auer, Spillsaachen, digital Kameraen oder och nach „intelligent“ Maschinnen an/oder Gefierer. An eisen ultra-verknäppte Gesellschaften, ass d‘Gefor vun enger abusiver Notzung vun dësen Daten net ze ënnerschätzen. Sécherheetslücken, Date-Leaks, digital Attacken an de Mëssbrauch vun der Confidentialitéit si leider eng Realitéit.

Dir hutt Rechter

Ëmmer méi Leit erwaarden sech, méi Kontroll iwwert déi eegen Daten ze erhalen, d‘Privatsphär an eng gewëssen Anonymitéit zeréckzegewannen. Den Dag vum internationalen Dateschutz ass eng gutt Geleeënheet d‘Bierger drun ze erënneren, datt si sech net alles musse gefale loossen. Et gëtt ee Gesetz zum Dateschutz, dat hinne Rechter verléint, déi eng Kontroll vun der Datenotzung méiglech mécht.

Datt den 28. Januar als „Dag“ ausgewielt gouf, steet am Zesummenhang mat der Ënnerschrëft zur Konventioun 108 vum Europarot (28. Januar 1981). Dëst war dat éischt internationaalt Instrument, dat juristesch Contraignant Mesuren enthalen huet. Säit 40 Joer suergt dës Konventioun fir de Schutz vun de Leit géing abusiv Notzung vun den Daten si betreffend. Et gëtt eng Transparenz assuréiert, wat den Traitement vun de perséinlechen Date betrëfft.

D‘Konventioun 108 huet vill Afloss op déi bestoend Legislatioun zum Dateschutz gehat. Esou och d‘Schafe vum generelle Reglement zum Dateschutz (GDPR) 2006 huet den Europarot, mat der Ënnerstëtzung vun der EU-Kommissioun, offiziell den 28. Januar als Dag vum internationalen Dateschutz festgeluecht. Zil dovunner ass et d‘Bierger iwwert d‘Importenz vum Dateschutz ze informéieren an ze sensibiliséieren.

Am Kontext vum Dag vum internationalen Dateschutz, organiséiert déi National Kommissioun fir den Dateschutz (CNPD) eng virtuell Konferenz zum Thema „Schutz vum Privatliewe géintiwwer der Numeriséierung vun der Aarbecht“. Un der Konferenz kann een net deelhuelen, et gëtt awer opgeholl an esou sollt een se ab 17 Auer um Site vun der CNPD consultéieren. Doriwwer eraus hëlt d‘Dateschutz-Autoritéit um „Data Privacy Day“ deel, de vun der Fondatioun Restena an der Universitéit zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt.

matgedeelt vun der Nationaler Kommissioun fir den Dateschutz (CNPD) – fräi aus dem franséischen Iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Austin Distel / unsplash

Related topics CNPD, Dateschutz, Iwwerwaachung, Kontroll, Privatsphär
Next post Previous post