Dag vum Videorekorder

Den haitegen Dag ass fir d’Nostalgiker ënnert eis. De 7. Juni gouf op der Consumer Electronics Show (CES) zu Chicago een aussergewéinlechen Apparat virgestallt. Mir schwätzen hei natierlech vum Videorekorder, deen sou munch Stuff an ee Kino verwandelt huet.

Zanterdeems ass dësen Dag een inoffizielle Feierdag. Am Englesche gëtt en och « VCR Day » genannt. Dobäi weess wéinstens déi eeler Generatioun, datt VCR fir « Video Cassette Recorder » steet.

Videokassetten zum Ophuelen – oder kucken, gi bal net méi benotzt. Aner Techniken hunn d’Muecht iwwerholl. Mee sou munche Nostalgiker wäert nach al Kassetten a sengem Keller leien hunn. A wie weess, villäicht wëll hien se och erëm ofspillen.

Ma villäicht ass haut de richtegen Dag dozou.

Dernières nouvelles