Search

You may also like

Et gëtt méi soziaalt Engagement vun der Jugend gefuerdert
Kultur Neiegkeeten

Et gëtt méi soziaalt Engagement vun der Jugend gefuerdert

Sech sozial engagéieren, datt ass fir vill jonk Mënschen eng

Katalanescht Parlament fuerdert Ofschafe vun der Monarchie
Kultur Neiegkeeten

Katalanescht Parlament fuerdert Ofschafe vun der Monarchie

Nom scheitere vun den Onofhängegkeetsbestriewungen, war et eppes méi roueg

GEWËNNSPILL 2020: De Lëtzebuerger Béier-Adventskalenner
Kultur Neiegkeeten

GEWËNNSPILL 2020: De Lëtzebuerger Béier-Adventskalenner

Keng Loscht op den typeschen Adventskalenner mat séisse Leckereien? Wann

Dag vum Weltkulturierwen: D’Aktivitéiten zu Lëtzebuerg

Dag vum Weltkulturierwen: D’Aktivitéiten zu Lëtzebuerg

Zënter 2005 gëtt den Dag vum Weltkulturierwen gefeiert. An dësem Joer hëlt och Lëtzebuerg fir eng éischte Kéier um Aktiounsdag deel. Zuelräich Aktivitéite si geplangt.

Organiséiert gëtt den Dag vum Weltkulturierwe vun der däitscher Kommissioun an Zesummenaarbecht mat der UNESCO. Am Kader vu 25. Joer Lëtzebuerger Weltkulturierwen „Lëtzebuerg, seng al Quartieren a seng Festungsanlag“ huet de Kulturministère ee räichhaltege Programm u Manifestatiounen a Visitten um Sonndeg, de 7. Juni 2020 op d’Been gestallt. Heibäi gëllt et awer, d’Hygiènes- a Sécherheetsmoossnamen ze respektéieren.

Wat ass geplangt?

De Film Luxembourg#yourworldheritage wäert op Youtube an www.unesco.lu een Abléck an déi schéinst Entdeckungen wärend dësem Dag ginn.

Donieft kann een vun den 3 UNESCO-Parcoursen an der Zon vun den ale Quartieren an der Festungsanlag individuell oder mat engem Audioguide profitéieren. Iwwert d’Applikatioun izi.travel ginn esou einfach iwwert de Smartphone erklärend Informatiounen a 4 Sproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Hollännesch) matgedeelt a mat Bild- an Tounmaterial ofgerënnt.

Zu den 3 Parcoursen zielen:

  • D’UNESCO Promenad: Iwwert déi 2,5 Kilometer vum Trëppeltour gesäit een déi schéinst Plaze vun der Alstad.
  • Den UNESCO Bike Tour: Den Tour vun 9,5 Kilometer kann ee mam eegene Vëlo, oder och mat engem Drotiesel vu Vel’Oh! befueren. Heibäi entdeckt een de Péitrussdall, de Gronn, Clause, de Pafendall an d’Parke vun der Uewerstad. Aplange kann een och e klenge Schlänker bei der „Arche de Palmyre“ am Haff vum neimënster. Speziell fir de 25. Gebuertsdag vum Lëtzebuerger Weltkulturierwe gouf dëst Wierk installéiert.
  • UNESCO-Visite fir jiddwereen: De Parcours huet eng Längt vun 1,9 Kilometer an ass extra fir Visiteuren mat Poussette, physeschem Handicap oder visuellen Defiziter geduecht. Hei bitt d’Applikatioun izi.travel eng vereinfacht Versioun un.

Dobäi kënnt am Park 3 Eechelen dat neit Wierk „L‘ordre présent est le désordre du futur“ vum Ian Hamilton.

Och de Lëtzebuerg City Museum huet nees op. Dir sidd häerzlech agelueden den UNESCO Visitor Center (14, rue du Saint-Esprit, L-1475 Lëtzebuerg, Sonndes vun 10 bis 18 Auer op. Tel.: (+352) 4796-4500.ze besichen.

Op der Plattform www.patrimoinemondial.lu fannt Dir e Katalog mat 365 ale Postkaarten mat de fantasteschsten Vuen vun der Stad Lëtzebuerg.

D’Ausstellung „The Family of man“ vum Edward Steichen ass 2003 vun der UNESCO als Patrimoine „Erënnerungen aus der ganzer Welt“ registréiert ginn. D’Kollektioun weist 503 Fotoe vun 273 Fotografen aus 68 verschidde Länner. Am Schlass zu Klierf kann een e Sonndeg vun 12 bis 18 Auer d’Expo besichtegen. Den Entrée ass gratis.

Fir d’Lëtzebuerger Traditiounen och wärend der Pandemie ausliewen ze kënnen, baut een dëst Joer op virtuell Evenementer. Esou gëtt och d’Sprangprëssessioun, déi 2010 vun der UNESCO als immateriellt Kulturierwen erkläert ginn ass, um Internet gefeiert. An dësem Kader ass an der Iechternacher Basilika ee Visiteurszenter opgeriicht ginn, dee fir jiddwereen zougänglech ass.

Sprangprëssessioun

© Willibrordus-Bauverein / Facebook

Unhand vun Tafelen, Biller an Texter, sou wéi Filmprojektiounen an historesch Kaarten gëtt dem Visiteur d’Geschicht, d’Evolutioun an d’Traditioun méi no bruecht. Et ass op vun 9 bis 19 Auer.

An der aler Abtei befënnt sech och ee Musée, deem seng Kollektioun aus dem Mëttelalter e Sonndeg vun 10 bis 12 Auer a vun 14 bis 17 Auer ka bewonnert ginn.

Weider Informatiounen zum immaterielle Kulturierwen vu Lëtzebuerg fannt Dir op www.iki.lu.

Vergiesst net Är schéinst Momenter festzehalen an um Concours deelzehuelen. Bis den 31. Juli 2020 kënnt Dir Är Opnamen op Instagram mam Hashtag #luxembourgyourworldheritage dekoréieren an huelt soumat automatesch um Gewënnspill deel. Déi 3 schéinst Wierker gi mat engem Buch vu Fotograf Christof Weber belount. Dräi weider Laureate kréien de Präis fir de kulturelle Charakter.

Opmaacherbild: © Cedric Letsch / Unsplash

Related topics Basilika, Bike Tour, Concours, Dag vum Weltkulturierwen, Iechternach, Instagram, Lëtzebuerg City Museum, Promenad, Sprangprëssessioun, The Family of Man, UNESCO
Next post Previous post