Search

You may also like

Flex Carsharing: mat neier Tarifstruktur zu méi Benotzerfrëndlechkeet
Neiegkeeten

Flex Carsharing: mat neier Tarifstruktur zu méi Benotzerfrëndlechkeet

Lëtzebuerg, den 22. Mee 2019. “Flex – Carsharing by CFL

Tacheles: 34. Chaos Communication Congress – Mekka fir Hacker
Neiegkeeten

Tacheles: 34. Chaos Communication Congress – Mekka fir Hacker

Am Dezember ass et erëm esouwäit. De 34ten Chaos Communication

Neiegkeeten

Galerie: Steeseler Youngtimer an Oldtimer Dag

Fir d’Aartevillfalt, géint d’Zerstéierung: Haut ass den Dag vun den Tropebëscher

Fir d’Aartevillfalt, géint d’Zerstéierung: Haut ass den Dag vun den Tropebëscher

De 14. September ass den Dag vun den Tropebëscher. E gouf am Joer 1989 vun der WWF an d’Liewe geruff a bezitt sech op de Gebuertsdag vum bekannten Dschungel-Fuerscher Alexander von Humboldt.

D’Zil vun dësem Dag ass et, d’Mënsche waakreg ze rëselen, andeems op d’Zerstéierung vun den Tropebëscher opmierksam gemaach gëtt. Dës sinn nämlech d’Longe vun der Äerd, duerch Bëschbränn, illegal Ofholzung oder einfache Stroossebau verléiere mir iwwerliewenswichtege Sauerstoff.

Ma, dat ass allerdéngs net deen eenzege Problem, deen eis Tropebëscher bedreet. Och déi biologesch Villfalt verklengert sech drastesch. Vermuttlech si well Dausenden Aarten aus der Planzen- an Déierewelt verluer gaangen. Dat ass e grousse Verloscht – mir missten eis gréng Long besser behandelen. Mat Respekt a Léift.

Zesumme mat sämtleche Beem weltwäit déngen d’Bëscher als Kuelestoffspäicher a sinn domat essentiell fir de Klimaschutz. Et hänkt also alles zesummen. Souguer fir d’Wësseschaftler sinn d’Tropebëscher vu grousser Bedeitung. Wann e bedenkt, wat et nach alles ze erfuerschen oder ze entdecke gëtt…

Et ass alles eng Saach vun Aktioun a Reaktioun

An den tropesche Bëscher liewen déi ënnerschiddlechst Déieren. Ronn 2 Drëttel vun alle bekannten Déieren- a Planzenaarte fillen sech an dëse Bëscher doheem. Et ass bal onvirstellbar, datt dat just 12 % vun der Landfläch sinn. Op engem Hektar Tropebësch befannen sech ongeféier 280 verschidden Aarte vu Beem an 18.000 Déieren- a Planzenaarten.

Et ass also e klengt Wonner vun der Natur a muss beschtméiglechst versuergt ginn. Net nëmme fir eis. Mee och fir all zukünfteg Generatioun. An dat an der Hoffnung, datt si nach laang vun den Tropebëscher profitéiere kënnen. Si spillen nämlech eng Schlësselroll bei der Stabiliséierung vum Klimaschutz. A genee dësen huet allerhéchste Prioritéit. Ongeféier 11 Prozent vun de Mënsche verursaache CO2-Emissiounen, déi zum Klimawandel féieren. Een Ëmdenke muss kommen, ier et ze spéit ass.

Eigentlech kéinten Tropebëscher eis nach sou munches iwwert d’Liewe léieren, mee mir lauschteren net no. Gesinn se nëmme brennen. Ma mir kënnen eis all fir d’Erhalung vun den Tropebëscher asetzen. Dofir muss e mol net onbedéngt Member an engem Veräi sinn – konkret Entscheedunge beim Akafe sinn eng Alternativ.

An de Butteker sinn dacks Produkter disponibel, déi als nohalteg gekennzeechent sinn. Droe si en offizielle Label, esou ass een sech scho mol sécher, datt net den Tropebësch dru gleewen huet missen. Mir mussen eist Konsumverhale nämlech onbedéngt reforméieren – an dat net eréischt muer!

Opmaacherbild: © Mark Addy / Unsplash

Related topics Alexander von Humboldt, Bësch, Biodiversitéit, CO2-Späicher, Dag vun den Tropebëscher, Long vum Planéit, Sauerstoff, Wëssenschaft, WWF, Zerstéierung
Next post Previous post