Search

You may also like

surprise
Hennes & Mauritz léist d‘Salariat fir de Covid19 opkommen
Neiegkeeten

Hennes & Mauritz léist d‘Salariat fir de Covid19 opkommen

Et ass sécher richteg, datt Hennes & Mauritz (H&M) wéi

Kowitschäck-Concert an der Kulturfabrik
Neiegkeeten

Kowitschäck-Concert an der Kulturfabrik

Virun engem Joer war e Concert ouni Mask an néidege

Tierkei – EU: Den Emmanuel Macron proposéiert e „Partenariat“
Neiegkeeten

Tierkei – EU: Den Emmanuel Macron proposéiert e „Partenariat“

Bei der Entrevue tëscht dem Emmanuel Macron an dem Recep

Däi Liewen, deng Entscheedung

Däi Liewen, deng Entscheedung

Am Kader vun enger Pressekonferenz huet de Justizminister Felix Braz ee Mëttwoch, termingerecht op den internationalen Dag géint Homo-, Bi- an Transphobie de Projet de Loi zur Ännerung vum Geschlecht an/oder dem Virnumm am Etat Civil, wéi d’Ännerung vum Code Civil virgestallt. Dëse Projet war vum Conseil de Gouvernement den 12.Mee ugeholl ginn.

D’Gesetz ziilt spezifesch op d’Verstäerke vun de Rechter vu Transidentitärer an Intersexpersoune mat der Schafung vun engem legale Kader an enger administrativer Prozedur déi et erlaabt d’Mentioun vum Sex beim Etat Civil an oder de korrelative Virnimm ze änneren, wann dës net an Adequatioun mat der Bezeechnung vum Gebuertsschäi sinn. De Projet de Loi huet als Objektiv déi juristesch Prozedur déi aktuell néideg ass, duerch eng schnell administrativ a méi accessibel am Interessi vun de concernéierte Persounen ze ersetzen.

Dëst Gesetz entsprécht de Recommandatiounen a Resolutioune vum Ministerrot an der parlamentarescher Assemblée vum Europarot a baséiert sech op „Depathologisatioun“ esou wéi dem Recht op Selbstbestëmmung vun der betraffener Persoun, déi domadder net méi muss medezinesch Zertifikater virleeë fir d’Demande ze justifizéieren.

An der folleg kënne motivéiert Demandë mat der Mentioun vum Sex an /oder de Virnimm, zesumme mat den am Gesetz virgesinnen Dokumenter beim Justizministère agereecht ginn. De Recours géint ministeriell Veruerdnungen oder de Refus falen an d’Kompetenz vum administrativen Tribunal.

Éischt Reaktiounen

Op de Projet de Loi reagéiert d’Piratepartei: „Mir begréissen et ausdrécklech, datt Lëtzebuerg mam Gesetzprojet iwwert e Changement vu Virnumm a Geschlecht am Etat civil weider konsequent un de Rechter fir transident an intersexuell Mënsche schafft“, esou de Jérôme Becker, Präsidiumsmember vun der Piratepartei. Allerdéngs gesi mir kee Grond, wisou den Interessent seng Demande fir d’Ännerung vum Geschlecht oder dem Virnumm muss motivéieren.”

D’Piratepartei ass der Iwwerzeegung, datt de Wonsch op e Changement vum Geschlecht oder dem Numm e perséinlechen an intime Choix ass, deen net begrënnt muss ginn. Iwwert eng éischter zaghaft, mee trotzdeem schrëttweis Stäerkung vun de LGBTI-Rechter eraus, déi Lëtzebuerg duerch d’Ënnerschrëft vun de IDAHOT-Declaratioune versprach huet, gëllt et awer och international fir d’Rechter vu LGBTI-Leit anzestoen.

Related topics IDAHOT, Lëtzebuerg, LGBT
Next post Previous post