Search

You may also like

Wat eng aussergewéinlech Begéinung!
Neiegkeeten Stories

Wat eng aussergewéinlech Begéinung!

Haut de Moie sinn d’MataarbechterInne vum naturmusée op e seelene

Op de Philippinnen hu se d‘Pressefräiheet ofgeschaaft
Neiegkeeten Stories

Op de Philippinnen hu se d‘Pressefräiheet ofgeschaaft

Kritesche Medien de Stecker zéien ass net nëmmen de fiichten

Asiatesch Äiszäit erlieft politesche Klimawandel
Neiegkeeten Stories

Asiatesch Äiszäit erlieft politesche Klimawandel

Taiwan, ass eng Insel déi dat kommunistescht China fir sech

Déi däischter Säit vun der Justiz

Déi däischter Säit vun der Justiz

Wa Mënschen hir Strof géintiwwer der Gesellschaft verbéisst hunn an aus dem Prisong entlooss ginn, sollt et am Interessi vun eben dëser Gesellschaft sinn, datt dës Mënschen net an eng Lag versat ginn, nei Schold op sech ze lueden. Leider schéngt awer genee dat bei eis „Programm“ ze sinn. Zumindest kann een dat unhand der parlamentarescher Fro 3963, esou ënnerstellen.

A senger Fro un d‘Familljeministesch huet de Paul Galles ee Problem opgewisen, dee weder nei nach onléisbar misst sinn. Mee mat kriminellen Elementer hunn all Regierungen op der Welt esou hir Problemer. Esou Leit ze hëllefen ass net populär, a generell hunn déi politesch Acteure wéineg Empathie fir entloossen Häftlingen. Fir si gëtt sech net bei der Sich no enger Wunneng agesat.

De CSV Deputéierte verweist op de Reportage vum 23. Mäerz (Bertelsmann/RTL) an deem Rieds gaangen ass, datt zënter Juni 2020, drësseg Persounen aus der Haft entlooss goufen. Eelef dovunner hätten sech illegal am Land opgehalen an hunn den Uerder kritt d‘Land ze verloossen, déi aner 19 sollen d‘Iwwernuechtungsoffere vum SCAS an dem Service Psycho-Edukativ refuséiert.

Am Reportage huet déi vun de gesellschaftleche Realitéiten ofgetrennte Justizministesch erkläert, datt d‘ex-Häftlinge vu Schraasseg jo d‘Méiglechkeet hunn, iwwergangsweis zu Giwenech „ënner dach“ ze kommen. Vum Prisong an de Prisong, wann och ënner gelackerte Konditiounen? Et ass déi gréng Denkweis, bei dësem Problem bewosst, eng fir déi Betraffen inakzeptabel Offer ze maachen.

D‘Asbl „eran, eraus, an elo?“ fuerdert zanter laangem, datt et hei „Transitiounshaiser“ brauch, an esouguer d‘Caritas hat scho viru Jore versicht esou ee Projet op d‘Been ze stellen. Dat ass bis ewell awer ëmmer um politesche Wëlle gescheitert, an am Kontext vun der Logementskris, gëtt dann elo mat den „Disponibilitéite“ – déi et erwisenermoossen net gëtt an esoubal net wäert ginn – gespillt.

Keen Encadrement bedeit Réckfall

Wann et schonn an normalen Zäiten éischter d‘Reegel war, datt en Häftling no senger Entloossung „einfach virun d‘Dier“ gesat gouf, do awer nach zumindest d‘Hoffnung konnt hunn iwwert engem Bistro oder soss engem desolaten Zëmmer ënner ze kommen, esou ass dat längst net méi de Fall. Zum enge gëtt et net emol méi gesondheetsschiedleche Wunnraum, an och hei ginn se ofgewisen.

De Paul Galles wëll vum Corinne Cahen elo wësse wéi vill vun den 19 leit eng „Offer“ refuséiert hunn a firwat. Hie wëll zudeem wëssen, wéi et am Allgemenge mam Suivi ausgesäit, a firwat ee Mënschen onvirbereet aus der Haft entléisst. D‘Äntwert dierft interessant sinn, manner bezunn op den Inhalt wéi déi genotzten Argumenter. Wéi gesot, ex-Häftlingen hu keng Lobby an ee „Ruff“.

Am genannte Reportage huet d‘Sam Tanson nach emol drop higewisen, datt de Probatioun-Service vum SCAS wéi de „sozialen Acteuren nofreet op si Plaz an hire Strukturen hätten“. Esou „Plaze“ gëtt et zanter Joren net, an déi gläich der Ministesch vun der Realitéit deconnectéiert „Agente“ vum SCAS, froen nach just no wëll se derzou verflicht sinn. Intern gëtt et als verlueren Zäit bewäert.

Et dierf och ugefouert ginn, datt d‘Vertraue vun de méiglechen Demandeuren an dëse Service net wierklech ginn ass. An et sinn manner d‘Zwäng, déi hei de wierkleche Problem sinn, wéi dann den Ëmgang mat der Persoun. Wat engem do säitens fréieren Häftlinge bericht gëtt, ass net erfreelech. Méiglech ass elo awer och, datt d‘Mataarbechter vun hirer Hierarchie dozou ugehale ginn.

Wat et bréicht

Wann esou en Transitiounshaus mat Gewëssheet och net der Wourecht leschte Schluss ass, esou ass de Projet, deen d‘Caritas 2019 – trotz Etüden an der Ënnerstëtzung vun Experten – refuséiert krut awer ee Bléck wäert. Esou en Transitiounshaus ass am Caritas-Projet eng kleng Wunneenheet mat individuellen Zëmmer a Gemeinschaftsraim. Sënn an Zweck ass et de Leit hei Perspektiven ze ginn.

Sollt dat mat der Perspektiv éischter ee perséinleche Problem sinn, esou huet et ganz vill Saachen, déi an d‘Zoustännegkeet vum Staat falen. Leit aus der Haft ze entloossen, wa genee gewosst ass, datt d‘Persoun keng Wunneng, keng Schaff an nach net emol Sozialhëllef (Revis) huet, ass falsch. Woubäi wann d‘Intentioun déi ass, d‘Stroffällegkeet vum ex-Häftling erbäizeféieren, geet et op…

An dann ass do och nach de mentale Gesondheetszoustand vum ex-Häftling. Psychologesch Hëllef gëtt et streng theoretesch an d‘Ausnamen déi op e psychologesche Suivi verweise kënne bestätegen d‘Reegel. Och dat ass normal, zum enge feelt et zu Lëtzebuerg u Psychologen, zum anere muss et och ee ginn deen dat finanzéiert. Et schéngt méi wirtschaftlech ze sinn, d‘Leit nees anzespären.

Bleift nach festzehalen, datt et anscheinend säitens der Famill & Justiz en eegene Projet betreffend Transitiounshaiser gëtt. Dee soll esouguer Zäitno dem Regierungsrot virgeluecht ginn. Wann dëse „Projet“ mat der selwechter Akribie a Berécksiichtegung vun „Interessen“ ugaange gëtt, wéi eis Regierung dat mat der Impfstrategie hikritt, sinn d‘Leit am Prisong wuel besser opgehuewen.

Illustratioun: © Maria Ten / unsplash

Related topics ex-Häftling, Familljeministesch, Justizministesch, Obdachlos, Prisong, Réckfälleg, SCAS
Next post Previous post