Search

You may also like

Koordinéiert Police-Douane Operatioun „Hazeldonk“
International Neiegkeeten

Koordinéiert Police-Douane Operatioun „Hazeldonk“

Am Kontext vun der Drogebekämpfung, hu Police an Douane un

Däitschland: Eng Veruerdnung soll méi Tester erméiglechen
International Neiegkeeten

Däitschland: Eng Veruerdnung soll méi Tester erméiglechen

Dat mat der Fräiwëllegkeet ass net esou einfach. Dat kennt

Héich Infektiounszuele beonrouegen d‘Hotellerie
International Neiegkeeten

Héich Infektiounszuele beonrouegen d‘Hotellerie

Well sech an de leschte Wochen d‘Zuele vun den Neiinfektiounen

Däitschland am Walkampfmodus

D‘GroKo war erzwongen, d‘Bezéiung ugespaant an elo platzen d‘Kniet een nom aneren...

Däitschland am Walkampfmodus

An engem Land wou de konservative Kandidat Armin Laschet, sech vum Tanit Koch der fréier Chef-Redaktesch vu „Bild“ am Walkampf berode léisst, d‘Sozialisten sech fir Staatstrojaner am Gesetz zur Upassung vum Verfassungsschutzrecht ausschwätzen an d‘AfD weider mat iwwer 20% Zoustëmmung kreditéiert gëtt, fänkt et u krätzeg ze ginn…

Et vergeet keen Dag ouni datt vun iergendenger Säit „Geheimnisser“ vu politeschen Helden an der Ëffentlechkeet ausgebreet ginn. Déi suergen awer héchstperséinlech fir Ugrëffsfläch, fir emol als Beispill de Liewenslaf vun der Kanzlerkandidatin Annalena Baerbock ze ernimmen. De leschte Skandal betrëfft dann awer nees d‘GroKo, wéi déi grouss Koalitioun an Däitschland genannt gëtt.

Walkampf BRD

Den Ament ass et dann nees un de konservative, de Kapp mussen duerzehalen. Esou steet de Jens Spahn, senges Zeeche Gesondheetsminister a perséinlechen Adjoint vum Armin Laschet. De CDU-Gesondheetsminister, kritt elo net nëmme méi virgeworf, honnerte Millioune „Maske“ bestallt ze hunn (wou et jo eng Affär huet) mee déi wieren ze deier an net emol vun der EU zertifiéiert.

Sträitkultur à la Bundestag

Eigentlech keen Drama fir all déi wou do mengen „et ass besser wéi näischt“, just datt de Jens Spahn, ganz nom haitege chrëschtleche Selbstverständnes, all déi Maske wou et „Bedenken“ hat, net konnt duerch den Uewe joen, firwat déi dann u Bierger zweeter Klass (Mënschen an de Fleegeheemer, Mënsche mat Behënnerung an Obdachloser) sollte verdeelt ginn. Mécht Sënn oder?

Datt et net derzou komm ass, huet domadder ze dinn, datt den SPD-gefouerten Aarbechtsministère, dat verhënnert huet. Am Bundestag hunn d‘Sozialisten d‘Demissioun vum Jens Spahn gefuerdert, déi liberal (FDP) wëllen eng Enquête. D‘Oppositioun huet hirersäits zweiwelhaft Verträg an ei offiziell vum Gesondheetsministère selwer ausgeschafften Testresultater ëffentlech gemaach.

Wéi een esou wëll virukommen, a wat et bedeite kann? Jee no Expert – well déi jo och d‘Recht op eng politesch Meenung hunn – ass dat Gestreits ënnert de Koalitiounspartner weder nei, nach sinn d‘Mëttel déi agesat ginn iwwerzunn. Dat wier zanter der Ära Schröder éischter d‘Normalitéit. Et géif jo ëmmer nees versicht „seng“ Politik duerchzesetzen, mee d‘Walverhalen huet sech verännert.

Walkampf BRD

Bei der Bundestagswal 2021 sollt een dann emol besser vu gewëssen Iwwerraschungen ausgoen, an déi dierfte wéineg Positives mat sech bréngen. Wann se nämlech esou weidermaache wéi bis ewell, da gëtt d‘Nazi-Partei AfD déi zweetstäerkste politesch Kraaft am Land. Wien am Nopeschland nach eenegermoosse bei Verstand ass, sollt sech bei der Wal géint Vetternwirtschaft a Faschismus stellen.

mat indymedia/ber/fra/muc/ham

Related topics Bedruch, Bundestagswal, Däitschland, GroKo, Vetternwirtschaft, Walkampf
Next post Previous post