Search

You may also like

Gutt gefëllten Dagesuerdnung fir de Jean Asselborn beim EU-Ausseministerrot
International Neiegkeeten

Gutt gefëllten Dagesuerdnung fir de Jean Asselborn beim EU-Ausseministerrot

Um Méindeg huet de lëtzebuergeschen Ausseminister zu Bréissel um EU-Ausseministerrot

Lët’z go local: Vum Kichelchen bis bei de Moschter
International Neiegkeeten

Lët’z go local: Vum Kichelchen bis bei de Moschter

Mat enge Ronn 50 Stänn, déi lokal Produkter verkafen a

Bicherwoch am Biodiversum -Esou gëtt d’Fuesvakanz spannend gestalt!
International Neiegkeeten

Bicherwoch am Biodiversum -Esou gëtt d’Fuesvakanz spannend gestalt!

Bei der 4. Editioun vun der Bicherwoch, déi vun natur&ëmwelt

Däitschland: Eltere kloe géint Impfflicht

Däitschland: Eltere kloe géint Impfflicht

Säit e Sonndeg gëllt bei eisen däitschen Noperen Impfflicht géint Riedelen, dogéint ginn elo Eltere vu klenge Kanner beim Bundesverfassungsgeriicht vir. Interessant: dës Elteren erklären, dat si net per se géint Impfunge sinn, mee hir Klo virum Verfassungsgeriicht sech géint den „Zwang“ wennt, deen eng selbstbestëmmt Entscheedung op, no Fachgerechter an neutraler Informatioun, verhënnert.

Anescht ausgedréckt: hei gesinn d‘Kläger an hir Affekoten d‘Grondrecht op kierperlech Integritéit vun de Kanner, d‘Erzéiungsrecht vun den Elteren an d‘Gläichheetsgrondsätz verletzt. Hire Problem: Kanner déi net géint Riedele geimpft sinn, ginn net méi a Crèchen a Schoulen zougelooss. An Zwee Fäll geet awer d‘Elterecongé op en Enn, a hei sinn d‘Familljen op eng Crèche/Spillschoul ugewisen.

Nieft dësen „dréngenden Anträg“ ginn awer och nach weider „Reklamatioune“ virbereet. Dorënner Familljen, deen hir Krapperten eréischt am Summer an d‘Schoul kommen. Esouguer Pediater hunn sech fir eng Klo duerchgerongen, net well déi d‘Impfung géife fir iwwerflësseg halen, mee wëll mat dësem Gesetz de Staat an d‘Bezéiung tëscht Patient an Dokter agräift. Dat awer stëmmt esou net…

Gutt gestäipt léisst sech liicht streiden

D‘Kläger gi gutt ënnerstëtzt. Esou engersäits vun der „Initiativ fräi Impfentscheedung e.V.“ an anersäits vun „Doktere fir eng individuell Impfentscheedung e.V.“. Béid Veräiner stellen sech géint dat sougenannt „Riedele-Gesetz“, well Elteren déi sech fir ee spéideren Impfzäitpunkt oder ganz géint eng Impfung entscheeden, keen Zougang zu enger externer Kannerbetreiung méi hunn.

Et wier onverantwortlech den Zougang zu enger Crèche/Spillschoul un d‘Impfflicht ze knäppen, well et zu enger onverhältnesméisseger Belaaschtung komme géif. Ee vun den Affekote begrënnt säin Asaz domadder, datt Riedelen am Géigesaz zu Waasserpouke keng gréisser Bedreeung géifen Duerstellen, dat well et an Däitschland eng immens héich Impfquot gëtt. An dat ass deem Eescht…

Gestridde gëtt och iwwert de Fait, datt et an Däitschland keen „Eenzelimpfstoff“ géint d‘Riedele gëtt, mee nëmmen ee sougenannten „Poly-Impfstoff“. Hei behaapt sech en Affekot drop, datt et ënner dëse Viraussetzungen de Pharmakonzern ass, deen des „Impfstoff-Mëschung“ hierstellt, wou iwwert d‘Ausgestaltung vun der Impfflicht géif entscheeden. Dat ass mat den Hoer erbäigezunn.

Widderspréch déi engem geleeë kommen

Beim Argument, datt d‘Gesetz géint de Grondsaz vun der Gläichbehandlung verstéisst, kann een nees Versteesdemech hunn. Esou gëllt d‘Impfflicht nëmme fir Kanner déi „nei“ an d‘Crèche ginn, déi wou schonn do sinn hunn eng Iwwergangsfrist bis 2021 zougestane kritt. Onrecht ass et och, datt Kanner a Crèchen oder bei Dagesmamme musse geimpft sinn, déi wou doheem betreit ginn net.

Weise mir dann awer nach drop hinn, datt et 2019 eppes méi wéi 500 Fäll vu Riedele ginn huet an een domadder net den Uz maache sollt. Wien sech net un d‘Gesetz hält, deem dreet eng Geldstrof an Héicht vun 2.500 Euro. Zudeem mussen sech och d‘Léierpersonal an d‘Educateure, Leit aus de medezinesche Beruffer, d‘Bewunner an d‘Mataarbechter vun Asylënnerkënften impfe loossen.

D‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) warnt viru Falschinformatiounen. D‘Kate O‘Brian weist drop hinn, datt zanter d‘Scharlatanen déi sozial Netzwierker fir sech entdeckt hunn, an et ville Leit schwéier fält „ze denken“, ee Phenomen datt ee soss als marginal betruecht huet, ufänkt bedreelech ze ginn. A vill Länner géifen d‘Quote vun den Impfungen zréckgoen, wat extrem bedenklech ass.

Wien näischt weess muss alles gleewen

An Zäite wou et ëmmer méi Mënsche gëtt, déi sech dovunner iwwerzeege loossen, datt d‘Äerd eng Scheif ass, Gott de Schëpfer vun allem alles (Kreationismus) an Däitschland keng Natioun mee eng Entreprise ënnert amerikaneschem Management ass, huet et esouguer eng éierewäert Ariichtung wéi de Robert-Koch-Institut schwéier, d‘Fakten ze vermëttelen. An dat mécht engem och elo Angscht.

Hei gëtt wuel drun erënnert datt alles op Wierksamkeet a Verdréiglechkeet gepréift gëtt, an all déi Impfstoffer permanent kontrolléiert ginn, mee et well sech kee méi opkläre loossen, haut verléisst sech de Mënsch op den Internet. En Uert wou een endlech all déi Wourechte fënnt no deenen een schonn ëmmer gesicht huet, wann een se net esouguer selwer eropgelueden a verbreet huet.

An natierlech kann och eng Impfung net ausnamslos virun enger Erkrankung schützen. De Risk awer dee gëtt ëm bis 98% reduzéiert. Warnunge virun Autismus, Diabetis bis hin zu Multipel-Sklerose sinn d‘Geschäftsmodell vu Verbriecher a berouen op enger Thees aus den 90er, déi längst vu seriéise Wëssenschaftler widderluecht ass. Mee gutt, firwat sollt een elo grad eis dat gleewen?

mat indymedia/fkb

Illustratioun: Ria Sopala / Pixabay

Related topics Bundesverfassungsgeriicht, Däitschland, Impfflicht, Riedelen, Widdersproch
Next post Previous post