Search

You may also like

dislike
Hell Opreegung nom nordkoreaneschen Atomtest
International Neiegkeeten

Hell Opreegung nom nordkoreaneschen Atomtest

Nodeems e Sonndeg Nordkorea fir sech de gelongen Test vun

Vill Theme goufen haart ugeschwat
International Neiegkeeten

Vill Theme goufen haart ugeschwat

D‘KPL ass net kleng ze kréien an si hëlt hire

Ass de Bettel dem Trump säi Kniecht?
International Neiegkeeten

Ass de Bettel dem Trump säi Kniecht?

Nom US-Ambassadeur zu Berlin, Richard Grenell, ass et elo deen

Däitschland tëscht Frust a Roserei

Däitschland tëscht Frust a Roserei

De konservative Gesondheetsminister huet gëschter eppes vun „Tage der Zuversicht“ gebraddelt, a begrënnt dat mat der Zouloossung vum Moderna-Vaccin géint de Covid19. Fir de Jens Spahn, deem seng Parteifrëndin an aktuell EU-Kommissiounspresidentin, Ursula vun der Leyen, jo ee Mëttwoch via Twitter annoncéiert huet, datt d‘Kommissioun den Impfstoff zougelooss huet, eng gutt Info…

Elo ass et jo generell den Job vun der Politiker eis Mutt an Hoffnung ze maachen, well d‘Wourecht kéint eis méiglecherweis „beonrouegen“. De Problem bei dëser Nonchalance berout dorobber, datt d‘Leit zwar net wierklech méi gescheit goufen, „dëser Politik“ awer och längst déi kal Schëller zouwennen. Bei eisen Noperen huet et den Ament méi Frust a Wut, wei Vertrauen an d‘Politik.

Däitschland

Datt ass net nëmmen de Populiste bannent der AfD an hiren „einfache Léisunge fir alles“ oder der Queeschdenker-Beweegung geschëlt, mee an éischter Linn dem Fait, datt sech néng Méint laang d‘Regierung mat 16 Bundeslänner huet missen erëmschloen, wat zu den abstruseste Moossname wärend der Covid19-Pandemie gefouert huet. Eist Gesetz ass dogéint direkt liicht verständlech.

Nee och de Springer(Stiefel)Verlag mat senger bewäerter, well ganz Aflossräicher „Bild“ Zeitung, stellt am Bezuch op d‘Impfcampagne ganz dréche fest: datt et bei dësem Tempo an Asaz bis 2038 daueren dierft, bis dee leschtem däitsche Bierger geimpft ass (duerno kommen dann d‘Auslänner drun, oder?). Eng bewosst awer profitorientéiert Provokatioun? Deels, well am Grondsaz net falsch.

Fortschrëtt war gëschter

Däitschland, déi digital Wüst an der europäescher Landschaft, huet eng Regierung déi vun der gréisster Kris zanter dem Enn vum selwer verschëlten an zum Gléck verluerenen 2. Weltkrich schwätzt. D‘Land vun den Dichter an Denker, dat bekanntlech Exportweltmeeschter a Virreider beim technologesche Fortschrëtt ass, féiert de Kampf géint de Covid19 mat Faxapparater.

Esou eppes ass nëmme lächerlech a blamabel, et ass d‘Bierger regelrecht veraarscht wann een no iwwer néng Méint sanitär Kris, nach ëmmer net d‘Kéier kritt huet an esou och elo nach ëmmer net an der Lag ass, no engem Weekend oder Feierdeeg korrekt Zuele virzeleeën. Bei „Bild“ heescht et zur Impfcampagne: „Wann d‘Krichsrhetorik stëmmt, sollt op Krichsproduktioun ëmgestallt ginn“.

Däitschland

Elo wëssen awer och alleguerten d‘Springer-Journalisten, datt de Problem u sech net bei deene vun der Kommissioun getätegt Bestellunge läit, mee et aktuell just net genuch Produktiounscapacitéiten huet. Sécher kann ee sech drop behaapten, datt wärend nom Vaccin gesicht gouf, een déi benéidegt Produktiounsstanduerter an d‘Logistik jo schonn emol hätt kënnen zur Verfügung stellen.

Vläicht kéint een esouguer zoustëmmen, wann do behaapt gëtt, datt fir all Impfstoffer gewësse Grondreegele fir d‘Produktioun bekannt sinn. Elo ass et awer net d‘Bundesregierung an och net de Jens Spahn, deen iwwer Produktiounsstanduerter, Bestellungen an aneres Entscheet. Hien huet der EU gesot wat d‘Land u Quantitéite brauch an déi huet et mat an déi grouss Commande opgeholl.

Optimismus oder just eng Ligen?

Leider ass den däitsche Gesondheetsminister och keen éierleche Mënsch, firwat ee Versteesdemech fir d‘Bild-Lieser kann hunn. Wann ee scho belu gëtt, datt soll ee wéinstens Spaass derbäi hunn a wann dann de Jens Spahn erzielt, datt bis Enn Summer all däitsche Bierger eng Impfoffer gemaach kritt, da sollt hien och erkläre wéi dat goe soll a wou hien déi Assurance zur dëser Ausso hierhëlt.

Dat geet leider net, well da géif dem däitsche Bierger eventuell opfalen, datt „Enn Summer“ ganz kuerz virun der Bundestagswahl ass, bei där bekanntlech de Friedrich Merz zum nächste Kanzler gewielt gëtt, nodeems den Armin Laschette jo op seng Kandidatur verzicht huet. An esou mécht d‘Bild-Zeitung d‘Kanzlerin fir alles verantwortlech a bezitt sech do op Bréiwer vum Jens Spahn.

Däitschland

An dat ass just déi „konservativ“ Säit, well eigentlech schéisst déi aner Säit der Musel jiddereen op a géint „alles“. Stellt sech d‘Fro – wann een emol vum finanzpoliteschen Interessi vu Springer ofgesäit – ob et opportun ass de Covid19 als Mëttel zur Beaflossung vun der Bundestagswal 2021 ze benotzen. Sozialpolitesch mat Sécherheet net, mee hei kann ee maximal Profit erausschloen.

Natierlech huet et bannent der Regierung – mee virun allem bannent de Bundeslänner – vill falsch oder ze spéit getraffe Mesure ginn, mam Resultat datt elo Däitschland ënner Hausarrest steet. Dofir brauch et ee schëllegen. Och bei eis sinn net all Mesuren ziilféierend oder verständlech, mee streng geholl ass engem éischter gehollef wann ee „matschafft“, wéi aus der zweeter Rei mat Steng gehäit.

mat indymedia/ber

Illustratioun: © Marek Studzinski / unsplash

Related topics Bild Zeitung, Covid19-Pandemie, Däitschland, Impfcampagne, Jens Spahn
Next post Previous post