Search

You may also like

ACL: D’Vignetten 2020 sinn do!
International Neiegkeeten

ACL: D’Vignetten 2020 sinn do!

Dir braucht eng nei Vignetten 2020, fir d’Schwäizer an d’Éisträicher

Wann der de Boxekueder opstoe bleift
International Neiegkeeten

Wann der de Boxekueder opstoe bleift

An Amerika gehéiert et zum gudden Toun, sech op oppener

E Gesetz fir Whistleblower a Journalisten ze bestrofen
International Neiegkeeten

E Gesetz fir Whistleblower a Journalisten ze bestrofen

Pressefräiheet, Meenungsfräiheet an d‘Recht op Ongerechtegkeeten hinzeweisen, jo esouguer ganz

Däitschland: Koalitiounsverhandlunge fanne keen Enn

Däitschland: Koalitiounsverhandlunge fanne keen Enn

Bei eisen däitschen Nopere stiechen déi als „Jamaika-Sondéierungsronn“ genannte Koalitiounsgespréicher an der Sakgaass. Et gëtt wuel vill an intensiv diskutéiert, mee op den Haaptpunkte schéngt een zu Berlin einfach net Amstand e Konsens ze fannen.

Verhandelt hunn d‘Vetrieder vu CDU, CSU, FDP an déi Gréng bis an de fréie Moien, ouni datt och nëmmen den Usaz vun engem Accord ze verspiere wier. Elo soll dann haut de Mëtteg weidervermëttelt ginn. Kee wëll vu senger Positioun ofrécken an esou lues dierf een sech dann och d‘Fro stellen, op déi Koalitioun iwwerhaapt gewollt ass.

No all Gespréichsronn trieden déi verschidde Spriecher oder Vertrieder vrun d‘Mikroen an d‘Kameraen a ginn sech zouversiichtlech. Tatsächlech awer kommen se kee Schratt virun, zumindest net bei deenen Themen déi fir deen een an deen aneren, jee no Standpunkt net „verhandelbar“ sinn. Esou beispillsweis ass den Zouzuch fir d‘Famillje vu Flüchtlingen e Sträitpunkt deen net ze léisen ass.

De FDP-Chef Christian Lindner huet géintiwwer der ARD betount, e Bündnis tëscht de véier Parteie wier méiglech an et dierft een net wéinst ee puer Stonnen „déi feelen“ d‘Bengele bei d‘Tromm geheien. Hien ass dann och iwwerzeegt dovunner, datt no laange Berodunge vill Gemeinsamkeeten tëscht de Parteie festgestallt gi wieren. Et géif just ënnerschiddlech Opfaassunge bei der Migratioun- a Finanzpolitik.

Bedauerlech dann awer, datt de Vizepresident vun de Liberalen, Wolfgang Kubicki, dat ganz anescht gesäit, an der Meenung ass et wier kee Vertrauen opgebaut ginn. Dogéint war d‘Kanzlerin Angela Merkel haut de Moie richteg entspaant an huet de Kameraen e geléist frëndlechen „Gudde Moien, haut de Mëtteg geet et weider“ entgéint geruff.

Däitschland

D‘Kanzlerin Angela Merkel de Moie kuerz no véier Auer. An ee puer Stonne soll weider verhandelt gi sot d‘Regierungscheffin, déi endlech hir Message konnt liesen. © Odd Andersen/AFP

Fir de Chef vum Kanzleramt Peter Altmaier (CDU), wier dat ganzt en Fro vum „gudde Wëllen“, an de Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen, Armin Laschet (CDU) sollt een all Chance notzen fir zu engem Resultat ze kommen. Et wier jo och eng Saach vun der Verantwortung géintiwwer dem Land an senge Bierger. „Et huet bei villen Themen e Verstoe ginn, awer keng Kompromësser. Dat ass schued“.

De Chef vun de Gréngen, Cem Özdemir, huet sech fir eng „Verlängerung“ ausgeschwat, woubäi säin Optimismus just fir d‘Kamerae geduecht ass. Déi Gréng misste schonn eng ganz Rëtsch u Prinzipien afferen, oder esou iwwerzeegend op déi aner dräi awierken, fir datt een hei vun engem „Konsens“ kéint ausgoen. Klimaschutz, Flüchtlingen, Solidaritéitszouschlag an net zu lescht d‘Finanze sinn alles Themen, déi d‘Parteien ausenaner awer net beienaner bréngt.

Wéi déi véier Parteien aus ënnerschiddlechen Opfaassungen eng politesch Grondlag wëlle schafen déi dann och véier Joer soll halen, dat dierft nach e Moment brauchen. De Moien um véier Auer haten se dat jiddefalls nach net hikritt.

Foto: De President vun der FDP, Christian Lindner, de Moien um véier Auer no 15 Stonne Koalitiounsgespréicher. Hie bleift zouversiichtlech, datt „een“ dat hikritt. © Odd Andersen/AFP

Related topics Angela Merkel, Cem Özdemir, Christian Lindner, Däitschland, Jamaika-Koalitioun
Next post Previous post