Search

You may also like

Leider keng Seelenheet: Véier Schof vun Hënn gerass
International Neiegkeeten

Leider keng Seelenheet: Véier Schof vun Hënn gerass

Gëschter huet ee Bauer traureg misse feststellen, datt op senger

Russesch Kontakter vun der Trump Equipp loossen sech net méi vun der Hand weisen
International Neiegkeeten

Russesch Kontakter vun der Trump Equipp loossen sech net méi vun der Hand weisen

„Nee, nee keng Persoun déi ech kennen“: am Februar 2017

Youth For Climate: D’Long vum Planéit an Äschen
International Neiegkeeten

Youth For Climate: D’Long vum Planéit an Äschen

„An dësem Moment zerstéiere Bëschbränn – déi sech méi schnell

Däitschland ’89: Duerch e Mëssverständnes zum Mauerfall

Däitschland ’89: Duerch e Mëssverständnes zum Mauerfall

D’Berliner Mauer gëllt als historescht Monument, representéiert gläichzäiteg awer och een vun de meeschtgehaasste Bauwierker. Den 9. November 1989 markéiert de Mauerfall, deen net nëmmen eng logesch Konsequenz vun der wirtschaftlech schlechter Lag vun der DDR an der Onzefriddenheet vu senge Bierger war, mee och d’Resultat vun engem onfräiwëllege Malheur säitens dem Günter Schabowski.

Nodeems am September 1989 mat de sougenannten „Montagsdemonstrationen“ friddlech fir méi Fräiheet protestéiert ginn ass an et Mëtt Oktober zum Muechtwiessel an der Däitscher Demokratescher Republik komm ass, sollt um 9. November bei enger Pressekonferenz dat neit Reesgesetz presentéiert ginn. Offiziell war et nach net a Kraaft getrueden. Eigentlech war virgesinn, datt d’Ausrees vun DDR-Bierger an de Westen eréischt no schrëftlecher Demande bei den Autoritéiten an hirer Geneemegung ab engem bestëmmten Zäitpunkt méiglech wier. Kuerz virun 19:00 Auer koum et dunn zum Mëssverständnes.

Mat de Wierder „dat gëllt ab elo, direkt“ hat de Spriecher vum Politbüro, de Günter Schabowski d’Bevëlkerung an Opreegung versat. Dës Noriicht, déi jo net esou gemengt war, huet sech rasant bei den Däitsche verbreet. A Massen sinn si bei d’Mauer gestiermt a well d’Grenzpolizisten op der Plaz keng kloer Uweisungen erhalen hunn, hu si schliisslech dem Drock vun de Leit noginn an „d’Paarten opgemaach“.

Mir sinn d’Vollek!

D’Bierger vun Ost a West louche sech an den Äerm, hu gefeiert no all deene Joren nees beienee kënnen ze sinn. Scho kuerz no Mëtternuecht waren d’Grenziwwergäng an der däitscher Haaptstad op. Virun allem d’Biller aus der Bornholmer Strooss vun den op der Mauer danzende Bierger sinn an d’Geschichtsbicher agaangen.

Ab dem 1. Juli 1990 ware sämtlech Grenzkontrollen ofgeschaaft an um 3. Oktober 1990 duerft Däitschland offiziell d’Vereenegung vu senge béide Staate feieren. Och haut nach gëtt dëst Ereegnis als „Dag vun der däitscher Eenheet“ zelebréiert.

Mauerfall© Tomas Val / Unsplash

Iwwer 40 Joer stoung déi tëscht 3,5 a 4 Meter héich Mauer. D’Gesamtlängt duerch Däitschland bedréit ëm 1.400 km, mat zirka 155 km déi Ost- a Westberlin getrennt hunn, an dovunner bal 44 km, déi direkt duerch d’Mëtt vun der däitscher Haaptstad verlaf sinn. Zuelräich Doudesaffer huet d’Konstruktioun gefuerdert, Flüchtlingen déi vun enger Säit op déi Aner wollten.

Haut erënnert beispillweis d’East Side Gallery mam längsten nach erhalenen Deelstéck un d’Berliner Mauer.

An hei nach eppes Klenges fir ze laachen:

Opmaacherbild: © Jeison Higuita / Unsplash

Related topics Dag vun der däitscher Eenheet, DDR, Günter Schabowski, kale Krich, Mauerfall, Montagsdemonstrationen, Ostdäitschland, Sowjetunioun, UdSSR, Zweete Weltkrich
Next post Previous post