Search

You may also like

Peking befiercht eng nei Epidemie, mee ass et dee selwechte Virus?
International Neiegkeeten

Peking befiercht eng nei Epidemie, mee ass et dee selwechte Virus?

Dosenden Neiinfektiounen a China hunn déi lokal Autoritéiten an Zochzwang

Tierkei bereet Militäroffensiv géint Syrien vir
International Neiegkeeten

Tierkei bereet Militäroffensiv géint Syrien vir

Bei enger Sëtzung mat senge Parteimemberen zu Ankara huet den

Tschechien: Gëtt et eng Zukunft fir den Andrej Babis?
International Neiegkeeten

Tschechien: Gëtt et eng Zukunft fir den Andrej Babis?

Scho fir déi véiert konsekutiv Woch, hunn sech dausenden Tscheche

Däitschland stellt neie Rekord op

Et ass een trauregen Héchstwäert deen den RKI gëschter gemellt huet: 1.244 Covid19-Affer banne 24 Stonnen

Däitschland stellt neie Rekord op

Déi un de Robert-Koch-Institut (RKI) gemellten Zuelen – et gëtt alles per Fax iwwermëttelt, firwat net mat Bestëmmtheet gesot ka ginn, datt se akurat wieren – maachen däitlech, datt déi aner Säit der Musel d‘Zuel vun den Neiinfektioune weider stabil héich bleift. Mat 1.244 Stierffäll bannent engem Dag, gouf zudeem an Däitschland en neie Rekord opgestallt.

Aus dem RKI heescht et allerdéngs och, datt et weiderhin aus de bekannte Grënn net méiglech ass, eng geséchert Interpretatioun vun de virleienden Daten ze maachen. Däitschland, wou ëmmer gäre getéint gëtt datt een un der Spëtzt vun der EU steet, ass faktesch een digitaalt Entwécklungsland an dee katastrophalen Informatiounsaustausch léisst keng kloer verwäertbar Auswäertung zou.

Esou mécht et wéineg Sënn sech op déi eenzel Date pro Bundesland ze bezéien, woubäi och wann déi dem RKI virleiend Date wéineg akurat sinn, déi grouss Ënnerscheeder tëscht den eenzele Bundeslänner géifen d‘Experten da schonn nach noweise kënnen. Dat erlaabt et den ament awer net en Trend an déi eng oder aner Richtung virzeleeën. Dofir bréicht et nach ee puer Deeg gedold.

Däitschland

De Referenzwäert (R) huet laut dem Bericht vun ee Mëttwoch bei 1,02 geleeën. Um Virdag huet dësen nach 1,07 bedroen. Fir nees vun „Ëffnungen“ an/oder „Erliichterungen“ schwätzen ze kënne misst dësen ënner 1 leien. Duerno geséich et grad net aus, an eigentlech ginn och déi aktuell Moossnamen den Experte vum RKI net duer. Et bréicht elo direkt weider contraignant Mesuren.

„Et muss un alle Schrauwen, déi Kontakter reduzéieren oder ausschléissen, gedréint ginn“, mengt den Dirk Brockmann, Physiker a Projektgruppeleeder um RKI. Hien ass der Meenung, datt déi bis elo applizéiert Mesure wäit net déi Resultater brénge wéi den totale Confinement am Fréijoer. A wann do näischt géif verännert ginn, kéint sech och d‘Lag un der Covid19-Front net änneren.

Wann net emol Impfen hëlleft

An Däitschland huet et den Ament eng ganz Rei Grënn, firwat et duerchaus berechtegt ass, datt e sech beim RKI de Kapp zerbrécht. Zum enge sinn es d‘Leit midd, et huet vill ze laang gebraucht bis sech d‘Länner op eng Linn (an och nach net an alle Beräicher) verstännegt hunn an och déi ass weiderhin net kloer. An de Covid19-Leegner an anere „Géigner“ hir Lige sinn och net hëllefräich.

Wou ee sech dann awer selwer sollt Froe stellen, ass wann „den Expert“ sech dohinner stellt an do behaapt, dat bei den aktuellen Zuelen an der Tendenz déi dësen unhänglech ass, Impfen net wäert derzou bäidroen, datt d‘Infektiounszuelen zeréckginn. Kee Wonner, wa wéi zu Schwerin 600 Leit den Dag sollte geimpft ginn, et awer grad emol 600 Dose/Woch gëtt, déi ee verofreeche kann.

Däitschland

De RKI-President Lothar Wieler appelléiert un Industrie a Wirtschaft, iwwerall do wou et sech technesch realiséiere léist an d‘Leit och derzou bereet sinn, op den Télétravail zeréckzegräifen. Hie bedauert datt et nach ëmmer an de meeschten Entreprisen, wou den Homeoffice grondsätzlech méiglech wier an ass, d‘Patronen ee grousst Mësstraue géintiwwer hire Leit un den Dag leeën.

Hei ginn d‘Gewerkschaften ze bedenken, datt dëse Manktem u Vertraue wuel ganz reell ass, den RKI awer och sollt bedenken, datt ausser a vun der Politik privilegiéiert Regiounen, den Zougang zum weltwäiten Netz „eppes beschränkt“ ass. Och dat géif géint d‘Uwennung vum Télétravail schwätzen, heescht et do. Et bleift also wierklech nëmmen d‘Kontaktbegrenzung als Léisung…

mat indymedia/ber

Illustratioun: © RKI

Related topics Covid19-Pandemie, Däitschland, Kontaktbeschränkung, Robert-Koch-Institut, Télétravail
Next post Previous post