Search

You may also like

CGFP & FGFC widdersetzen sech enger verkierzter Ausbildung
International Neiegkeeten

CGFP & FGFC widdersetzen sech enger verkierzter Ausbildung

Zanter bal 20 Joer setzen d‘CGFP an d‘Fédération Génerale de

Drastesch bestëmmt, noutwenneg ganz sécher
International Neiegkeeten

Drastesch bestëmmt, noutwenneg ganz sécher

Et war keen einfache Regierungsrot deen d‘Kris um Sonndeg zesummegefouert

82 Minutte mam US-President: vun Hippches op Haapches
International Neiegkeeten

82 Minutte mam US-President: vun Hippches op Haapches

„Wat eng Welt, woaw!“ Den Donald Trump betrëtt d‘Zeen, installéiert

Däitschland zitt Diplomaten aus Nordkorea of

Däitschland zitt Diplomaten aus Nordkorea of

Bei sengem Besuch zu Washington, huet den däitschen Ausseminister matgedeelt, dat säi Land déi diplomatesch Presenz a Nordkorea reduzéiere wäert. Domatter wëll Däitschland den Drock op Pyongyang erhéijen a kënnt gläichzäiteg enger amerikanescher Fuerderung no.

„Mir hu schonn Zuel vun den Employéeë vun eiser Ambassade a Nordkorea reduzéiert a mir wäerten et erëm maachen“, esou de Sigmar Gabriel no enger Entrevue mat sengem US-Homolog Rex Tillerson. Berlin huet zwee Diplomaten zréck beuerdert an bereet sech fir dat och mat engem drëtten ze maachen. Däitschland kéint dës Mesure an Ofsprooch mat den aneren EU-Länner nach verschäerfen.

Den däitschen Ausseminister huet och erwähnt, datt Pyongyang zudeem gebuede ginn ass säi Personal zu Berlin entspriechend ze reduzéieren. „Mir erhéijen den diplomateschen Drock, mee et muss virun allem alles dru gesat ginn, déi Sanktiounen déi bestinn och ëmzesetzen“, esou de Gabriel.

Gefrot? Geroden? Wou läit den Ënnerscheet?

D‘USA maachen Drock op all d‘Länner fir datt déi hir Verbindungen zu Nordkorea ofbriechen. Der Form halber huet de Sigmar Gabriel dann och betount, datt de Rex Tillerson seng däitsch Frënn net gefrot hätt déi annoncéiert Mesure ze huelen. Och d‘Spriecherin vum US-Ausseministère, Heather Nauert, huet bestätegt datt et bei der Entrevue keng esou eng Demande ginn huet.

Aussoen, déi am krasse Géigesaz zum „Message“, deen nach e Mëttwoch vum Heather Nauer virun der Presse, un den däitsche Gaascht an un d‘Welt erausgaangen ass. Do hat Spriecherin nach ganz däitlech formuléiert: „D‘USA froen Däitschland an all déi aner Länner op der Welt, hiren Ambassadeur aus Nordkorea zréck ze huelen an och d‘Gréisst vun de nordkoreanesche Missiounen am Ausland ze verréngeren“.

Amerikanesch Interessen

Deem hat sech och d‘US-Ambassadrice bei de Vereenten Natiounen, Nikki Haley, ugeschloss an carrement déi ganz Welt opgefuerdert, hir diplomatesch Bezéiunge mat Pyongyang ofzebriechen.

Fir d‘Heather Nauer vum US-Ausseministère ass d‘Ukënnegung vun den Däitschen „ee Succès“, ouni awer der Welt d‘Bedeitung vun esou enger Mesure ze erklären. Sollt een zu Pyongyang zu der Iwwerzeegung kommen, datt all déi auslännesch Diplomaten (mat Ausnam vu China a Russland) vu Washington kontrolléiert ginn, kéint een op déi Bezéiungen tatsächlech verzichten.

An deem Sënn muss dann awer drun erënnert ginn, datt nach am September, d‘Kanzlerin Angela Merkel däitlech gemaach huet, net mam Donald Trump senge stännege Menacen averstanen ze sinn. De Milliardär aus dem Wäissen Haus, dee stänneg mat der militärescher Optioun fuchtelt ass um Enn net manner geféierlech wéi de béise Jong vu Pyongyang.

Nach e Mëttwoch hat d‘Nikki Haley domatter gedréit, datt d‘USA Nordkorea voll a ganz géifen zerstéieren, falls et zum Konflikt kënnt. Wieder déi a Südkorea an a Japan bestëmmt Zoustëmmung fannen, mee ze verstoe ginn, datt déi „Alliéiert“ vun den USA sollen „agebonne“ ginn.

mat AFP

Foto: Den däitschen Ausseminister Sigmar Gabriel (l) mam US-Ausseminister Rex Tillerson 8r) haten sech fir bilaterale Gespréicher zu Washington getraff. © Mandel Ngan/AFP

Related topics Däitschland, Nordkorea, Rex Tillerson, Sigmar Gabriel, USA
Next post Previous post