Search

You may also like

Editorial: Risegt NATO-Manöver soll de russesche Bier beandrocken
International Neiegkeeten

Editorial: Risegt NATO-Manöver soll de russesche Bier beandrocken

Haut fänken an Norwegen déi gréisste Militärmanöver zanter dem Enn

Covid19: D‘Lag ass esouwuel kritesch wéi stabil
International Neiegkeeten

Covid19: D‘Lag ass esouwuel kritesch wéi stabil

Ob bei den Neiinfektioun oder den Analyse vum Ofwaasser an

Saisonal a regional: D’FrëschKëscht begeeschtert e ganzt Land!
International Neiegkeeten

Saisonal a regional: D’FrëschKëscht begeeschtert e ganzt Land!

Wat am Lycée als Mini-Entreprise ugefaangen huet, ass mëttlerweil zu

Wéi Däitschland säi politescht Gesiicht verluer huet, erkläert

Wéi Däitschland säi politescht Gesiicht verluer huet, erkläert

Um Sonndeg waren eis Noperen opgeruff e neie Bundestag ze wielen. Dat hunn se gemaach an der grousser Koalitioun ganz kloer déi rout Kaart gewisen. Am ganzen huet d‘Koalitioun 14% u Stëmme géintiwwer 2013 verluer. Déi rietsradikal AfD zitt zweestelleg an als drëtt Kraaft an de Bundestag.

„Historesch“ war dann och gëschter op allen däitsche Sender dat wuel am meeschte gebrauchte Wuert. Historesch dat schlecht Ofschneide vun de Sozialdemokraten, historesch de Stëmmeverloscht vun der Union (CDU/CSU). Historesch och den erneiten Opstig vun der liberaler FDP an historesch den Anzuch vun enger rietsradikaler Partei an de Bundestag. Domatter sëtzen dann, an och dat ass „historesch“, elo sechs Fraktiounen am Bundestag.

Elo muss een awer bedenken, datt 84% vun de Bierger déi zur Wal gaange sinn, déi wirtschaftlech Lag esou wuel vum Land wéi och déi eegen, als positiv bewäerten. Et geet esouguer eng Majoritéit déi dovunner iwwerzeegt ass, datt d‘Demokratie an Däitschland gutt funktionéiert an de System gerecht wier. Dem géinteniwwer stinn 51% vun de Leit, déi mat der grousser Koalitioun (GroKo) zefridde sinn.

An dat huet seng Grënn, well trotz enger gudder wirtschaftlecher Situatioun, d‘Leit iwwerzeegt sinn, datt d‘GroKo d‘Suerge vun de Bierger net eescht geholl hunn. 70% vun eisen Nopere sinn esouguer iwwerzeegt datt d‘Gesellschaft weider ausenaner geet, ronn 60% fäerten datt d‘Kriminalitéit zouhëlt. Et sinn dann och nach 35% der Meenung, datt ze vill Friemer no Däitschland kommen, déi däitsch Sprooch géif verluer goen an d‘Land seng Kultur wäert verléieren.

Wie profitéiert, wie verléiert?

Vill vun dëse Suergen a well se allem Uschäin no net eescht geholl goufen, hunn enger friemefeindlecher a kloer islamophober Partei, der AfD, vill Zoulaf geséchert. Bal all zweete Wieler bescheinegt der AfD d‘Suerge vun de Bierger am beschte verstanen ze hunn. Hei profitéiert dann awer och d‘FDP, déi sech fir eng méi „streng“ Flüchtlingspolitik ausgeschwat huet.

Et sinn dann awer och nach aner Detailer déi Afloss op Wahlresultat haten. Bei allem wat Wirtschaft oder Sécherheet betrëfft, vertrauen d‘Wieler éischter der Union. Déi huet esouguer bei der Bausse-, Steier- a Bildungspolitik d‘Nues vir. Et ass awer eendeiteg d‘Angela Merkel déi no zwielef Joer als Kanzlerin de gréissten Zousproch kritt huet. Bei enger méiglecher Direktwahl hätten sech 52% vun den Däitsche fir d‘Merkel ausgeschwat.

Wann d‘Union vun de Konservativen och a Prozenter de gréisste Verloscht muss hinhuelen, esou sinn et awer d‘Sozialdemokraten déi de gréisste Präis ze bezuelen hunn. 59% vun de Wieler hunn d‘Politik vun der SPD an der GroKo als „lamentabel“ beschriwwen. Nach méi schlëmm fält d‘Uerteel aus, wann sech iwwert d‘Wahlcampagne geäussert gëtt. Als zentrale Virworf gëtt hei dann ugefouert, datt sech weder D‘Partei nach de Spëtzekandidat kloer géint d‘Kanzlerin positionéiert hunn.

Wou war de Programm kloer?

De Programm vun de Sozialdemokrate war wéineg iwwersiichtlech, esou zumindest d‘Aschätzung vun de Analysten. D‘Fuerderung no „méi sozialer Gerechtegkeet“ huet 80% vun de Wieler net ugeschwat, well d‘SPD net erkläert huet wat se konkret gewëllt sinn ze ënnerhuelen, fir dat Zil dann och ze erreechen. Beim Thema sozial Gerechtegkeet steet ganz kloer „die Linke“ am Fokus. Hinnen trauen déi meescht Wieler zou, dat och hinzekréien.

An trotzdeem ass et der AfD gelongen an allen Altersklassen a Volleksgruppen, hir Resultater mat zweestellegem Zouwuess – a Prozenter gesinn – ze ënnermaueren. Mat engem nationalisteschen, friemefeindlechen an islamophobe Programm huet d‘AfD méi wéi 20% vun den Aarbechter, Chômeuren an déi, déi mat hirer sozialer Situatioun onzefridde sinn, iwwerzeegt kritt. An de neie Bundeslänner sinn se esouguer zweetstäerkst Kraaft ginn.

D‘Feststellung, datt 59% vun den AfD-Wieler der Partei hir Stëmm wëllen aus Protest ginn hunn, seet dann och vill iwwert d‘Programmgestaltung aus. Kaum e Wieler dee sech engem Programm ugeholl hätt, dat well ze vill onlieserlech oder einfach onverständlech. Den Duerchschnëttsbierger huet sech just op d‘Sloganen an kuerz Medieberichter beruff, fir seng Entscheedung an der Kabinn zum Ausdrock ze bréngen.

Kann e Politik un enger Persoun festmaachen?

Wann et also elo esou ass, datt d‘AfD déi eenzeg Partei ass mat där de „rosene Bierger“ säi Protest géint déi virherrschend Politik kann ausdrécken, dann ass et bedenklech. Net ze vergiessen, datt 8% der AfD bescheinegen déi besser Flüchtlingspolitik ze maachen, an och 9% iwwerzeegt sinn, datt déi rietsradikal am beschten opgestallt sinn d‘Kriminalitéit ze bekämpfen.

Bei der liberaler FDP, déi mat 10,7% op déi véiert Plaz kommen, ass et d‘Kompetenz a Saache Wirtschaft-, Steier-, a Bildungspolitik déi den Ausschlag gëtt. Mee trotzdeem ginn 42% vun den FDP-Wieler un, datt se ouni de Christian Lindner d‘Partei net gewielt hätten. Et sinn der esouguer 70% déi der Meenung sinn, datt d‘FDP keng Chance ouni de Lindner gehat hätt. Am soziale Spektrum huet d‘FDP dann awer seng klassesch Clientèle getraff: Entrepreneuren, Beamten an d‘Wieler mat héijem Schoul- a Bildungsniveau.

Dat sinn – bis vläicht op d‘Entrepreneuren – déi selwecht Wieler déi vun de Gréngen ugeschwat gi sinn. Aus der éischter Analys ass dann ervirzehiewen, datt d‘Partei déi fir d‘Ëmwelt an d‘sozial Gerechtegkeet steet, besonnesch béi Fraen ënner 45 Joer de vollen Zousproch kritt huet. Hir Wieler sinn dann och mat 45% déi wou aus Iwwerzeegung der Partei hir Stëmm ginn hunn. Dat ass de beschte Wäert vun alle Parteien. Hei net ze vergiessen, datt de Spëtzekandidat Cem Özdemir mat 55% als zweetbeschte Politiker am Wahlkampf ugesi war.

Wéi definéiert ee Klassekampf?

Gewielt gi wéinst dem Programm awer ass – esou 75% vun de „lénks“ Wieler – déi Linke. Déi konnten hir Leit mat engem gudde Programm iwwerzeegen. Mat 9,2% (+0,5% zu 2013) stinn se dann och virun de Gréngen. Zwar knapp awer ëmmerhi stabil am Verglach zu de sougenannte Volleksparteien. Trotzdeem gesi 55% vun de Wieler „die Linke“ als ze Radikal a wëllen net dat se op Bundesniveau matregéiert.

Am krasse Géigesaz dozou, soen déi selwecht Wieler zu 81%, datt „die Linke“ d‘Saache wéinstens beim Numm nennt, och wann dat d‘Problemer net léist. D‘Partei muss sech dann och domatter offannen, datt 2 vu 5 Wieler, hinnen d‘Stëmm och aus Protest géint d‘Groko ginn huet. „die Linke“ huet allerdéngs och hire Profil verschäerft a gëtt vu gutt 50% vun de Wieler als déi Partei ugesinn, déi sech am stäerkste fir déi „schwaach“ asetzt. Si hunn dann och de gréisste Réckhalt bei den Aarbechter an de Chômeuren.

Quell: https://www.bundeswahlleiter.de/bundestagswahlen/2017/strukturdaten.html

Foto: Déi wierklech Gewënner vun der Wahl ass d‘AfD. Si hunn zwar keng Léisungen, si géint den Euro an Europa iwwerhaapt, mee konnten d‘Protestwieler bei d‘Urne bréngen. D‘AfD ass domatter déi drëttstäerkst politesch Kraaft an Däitschland. © John MacDougall/AFP

Related topics Bundestagswahlen 2017, Däitschland, GroKo
Next post Previous post