Search

You may also like

Reform vun de Gesondheetsberuffer: Bachelor un der Uni.lu geschwënn méiglech
Neiegkeeten

Reform vun de Gesondheetsberuffer: Bachelor un der Uni.lu geschwënn méiglech

Scho virun der sanitärer Kris huet Lëtzebuerg e Manktem u

Tschechien an Nout!
Neiegkeeten

Tschechien an Nout!

An Tschechien sinn d‘Spideeler zanter Deeg iwwerlaascht. D‘Land huet déi

Beachdref 2018: do muss ech onbedéngt hin…
Neiegkeeten

Beachdref 2018: do muss ech onbedéngt hin…

Säit dem 11. Juli (an nach bis de 5. August)

Den Dan Kersch beim Lëtzebuerger Rout Kräiz

Den Dan Kersch beim Lëtzebuerger Rout Kräiz

Haut de mueren huet de Minister fir Aarbecht, Beschäftegung, Sozial- a Solidarwirtschaft, den Dan Kersch d’Direktiounsmembere vum Lëtzebuerger Rout Kräiz getraff.

D’Diskussiounen hu sech virun allem op d’Integratioun vun den Demandeure fir internationale Schutz (DPI) an d’Empfänger vum internationale Schutz (BPI) um Aarbechtsmarché bezunn. De Minister an d’Representante vum Roude Kräiz kruten hei verschidde Pistë virgeschloen, déi d’Beschäftegung vun den DPI’en a BPI’en vereinfachen a fërdere géif.

Heibäi muss virun allem Wäert op d’Unerkennung vum Diplom an gesammelten Erfarunge mat abezu ginn. Eng Méiglechkeet wier eng Kollaboratioun mat lokale kulturellen a sportlechen Associatioune fir wichteg Evenementer ze organiséieren. Ee weideren essentielle Schrëtt ass d’Léiere vun den offizielle Landessproochen, fir esou verschiddene Barrièrë vermeiden ze kënnen.

De Minister Dan Kersch, souwéi d’Lëtzebuerger Rout Kräiz hunn zouginn, datt nach vill Aarbecht komme wäert a méi staark Beméiungen noutwenneg sinn, fir dësen Domaine, zesumme mat de concernéierte Partner ze verbesseren.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Gilles Dhamen, Direkter vun der Solidaritéit vum Lëtzebuerger Rout Kräiz; Dan Kersch, Minister fir Aarbecht, Beschäftegung, Sozial- a Solidarwirtschaft; Marc Crochet, Generaldirekter vum Lëtzebuerger Rout Kräiz © MTEESS

Related topics BPI, Dan Kersch, DPI, Gilles Dhamen, Marc Crochet, Rout Kräiz
Next post Previous post