Search

You may also like

D’Natur freet sech… net: Streeën als Preparatioun a Preventioun
International Neiegkeeten Stories

D’Natur freet sech… net: Streeën als Preparatioun a Preventioun

Fir sech op déi wanterlech Saison 20/21 virzebereeden, huet d’Stroossebauverwaltung

Den Ausseministère informéiert zur Arees a Groussbritannien
International Neiegkeeten Stories

Den Ausseministère informéiert zur Arees a Groussbritannien

Duerch déi aktuell Entwécklung vun den Infektiounszuelen huet Groussbritannien eng

Déi zéng beschte Mafiafilmer
International Neiegkeeten Stories

Déi zéng beschte Mafiafilmer

De Mafiafilm ass een eemolege Genre vum Kino, e bleift

Dänemark kappt d‘Asylrecht

Dänemark kappt d‘Asylrecht

Bannent der EU ass d‘Stëmmung am Kontext vun de Migranten/Flüchtlingen änlech schlecht wéi d‘Situatioun bei der Konfliktgestaltung erfreelech ass. An esou verwonnert et net, datt d‘Dänemark eng stramm Migratiounspolitik verfollegt. Haut soll zu Kopenhagen ee Gesetz gestëmmt ginn, mat deem et Flüchtlingen ënnersot wier an d‘Land ze kommen.

Kléngt no nationalistescher bis populistescher Politik, ass awer eng Initiativ vum Jean Asselborn senge politeschen Alliéierten, der sozialdemokratescher Regierung vum Mette Frederiksen. Si trëtt offiziell, wéi eisen Ausseminister och, fir méi Gerechtegkeet am Kontext vun der dänescher, der europäescher an internationaler Flüchtlingspolitik an. Dat soll de Gesetzprojet elo erméiglechen.

Wéi gesäit déi sozialdemokratesch Gerechtegkeet an Dänemark aus? Ma et léisst ee kee méi an d‘Land eran, also eigentlech net emol méi an d‘EU. Laut dem Text, wann en dann ugeholl gëtt a géif ëmgesat ginn, sollen d‘Asylanträg an de méigleche Schutzusproch an Drëttlänner baussent der Europäescher Unioun verlagert ginn. D‘Argumentatioun ass däitlech a huet eppes vun „Déjà-vu“.

Zumindest ass et kloer

De Minister fir Auslänner a Migratioun, Mattias Tesfaye, selbstverständlech ee Sozialdemokrat, erkläert d‘Hannergrënn:

„Mir wëllen net méi datt weiderhin an Dänemark an an der EU massiv Ressourcen opgewannt ginn, fir d‘Beaarbechtung vun den honnertdausenden Asylanträg ze erméiglechen. Gutt d‘Hallschent vun den Demandeuren si keng Flüchtlingen, wou et gläichzäiteg Millioune Mënsche gëtt, déi kee Geld fir Mënscheschmuggler hunn, déi se eriwwerbréngen“.

Eng Ausso, déi beim faschistoide Matteo Salvini (Italien, Lega Nord) dierft zu engem virzäitege Som-Ergoss gefouert hunn, wärend de Victor Orban sech wonnert, firwat et grad Sozialdemokrate sinn, déi elo d‘Fidesz Politik ëmsetzen, ouni vun de Lëtzebuerger Juriste vum EuGH belaangt ze ginn. Op där aner Säit, muss een emol kucke wat Dänemark an der Flüchtlingskris geleescht huet.

2015/16 waren et ronn 20.000 Mënschen déi opgeholl goufen. Anscheinend wieren déi meescht nach ëmmer do, a besonnesch de Syrer wëll ee lassginn, well de Krich eriwwer an de Baschar al-Assad ee sympathesche Sozialist ass, dee kierzlech mat 95,1% nees als President a sengem Amt bestätegt ginn ass. D‘Syrer an Dänemark ginn ermontert, dem al-Assad bei Opbau ze hëllefen.

Am Pandemiejoer 2020, waren et nach eng 1.500 Mënschen déi an Dänemark ëm Asyl an/oder internationale Schutz gebueden hunn. D‘Zil dat sech de Mattias Tesfaye gesat huet: guer keng Asyl-Demandeure méi. Et géif ze vill Geld a Mënschen investéiert ginn, déi guer kee Schutz brauchen, an 40.000 Euro d‘Joer a pro Persoun, wier eng onméiglech Belaaschtung vun der Staatskeess.

Wouhinner mat de Leit?

Sech dem mënschleche „Misär“ entleedegen ass net ganz esou einfach, an och bei Ausweisunge gëllt et d‘Rechtsstaatlechkeet anzehalen. Gutt datt ass an der Unioun elo och eppes komplizéiert, firwat jo Dänemark en eegene Wee geet. Wouhinner si d‘Leit verdreiwe wëllen, respektiv mat wéi enge Partner an zu wéi engem Präis d‘Dänen d‘Gesetz ëm- an duerchsetze wëllen ass net kloer.

Sécher, et huet déi üblech Rumeuren, an d‘Kolleege vu Jyllands-Posten (konservativ-populistesch) verweisen op Gespréicher mat den nordafrikanesche Länner Egypten an Tunesien. Et soll awer mat Ethiopien an dem Ruanda Verhandlunge ginn hunn. Dat léist sech esou weder novollzéien, mee et gëtt och keen Dementi vun der sozialdemokratescher Regierung. Et huet Interpretatiounsspillraum.

Wéi séier sech dann elo dat ominéist Gesetz uwenne léisst, ass eng ganz aner Saach, well emol ofgesinn datt méiglecherweis awer den EuGH muss en Avis derzou ofginn, brauch et jo emol déi Partner, déi d‘Leit „ophuele“ sollen. Dëst Gesetz awer huet den Avantage, eis en neit, ee méi éierlecht Bild vun der Sozialdemokratie ze bidden. Ob eis LSAP sech dat esou och zoutraue géif?

D‘Däne sinn am Begrëff eng vun de radikaalste Verännerunge a punkto Migratiounspolitik bannent der Unioun virzehuelen, a si dierfte ganz vill Ënnerstëtzung bannent der Unioun (27 Länner) wéi och dem Europarot (47 Länner) hunn. Besonnesch déi kathoulesch ausgeriichten EPP (europäesch Vollekspartei) vum Manfred Weber, déi vun den Däne riets iwwerholl gëtt, wäert dat matdroen.

mat indymedia/cph

Illustratioun: © Matteo Paganelli / unsplash

Related topics Asyl-Gesetz, Dänemark, Europa, Populismus, Sozialdemokratie
Next post Previous post