Wien näischt mécht, deen näischt brécht
Eigentlech war dem Inneminister Dan Kersch (LSAP), säi Gesiichtsausdrock wéi
Eigentlech war dem Inneminister Dan Kersch (LSAP), säi Gesiichtsausdrock wéi
Um Samschdeg huet d‘CSV zu Zolwer säin Nationalkongress ofgehalen, an
Fënnef ONG’en hunn, a Presenz vum Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an
Dänemark ass ee vun de gréissten Näerz-Pelz-Produzente weltwäit an exportéiert de Groussdeel vum Pelz u China an Hong Kong. Déi dänesch Autoritéiten hunn haut matgedeelt, datt de Statens Serum Institut bei sengen neisten Etüden eng nei Covid-19-Mutatioun fonnt huet.
Den dänesche Minister fir Ernierung a Fëscherei, Mogens Jensen, erkläert, datt ee sech an der gréisster Gesondheetskris befënnt, déi mir jeemools erlieft hunn. „Déi dänesch Regierung an ech sinn eis leider bewosst, wat dat fir déi dänesch Näerz-Farme bedeit, déi elo hire Liewensënnerhalt a verschiddener e ganzt Liewenswierk verléieren. Mee et ass de richtege Wee an dëser Situatioun wou de Vaccin, deen aktuell d’Liicht um Enn vum däischteren Tunnel bedeit, a Gefor ass.“
Wärenddeem ënnersträicht d’Premierministesch Mette Frederiksen, datt een eng grouss Responsabilitéit géigeniwwer der Bevëlkerung dréit. Doduerch datt een dës Mutatioun elo fonnt huet, ass dës Responsabilitéit géigeniwwer der ganzer Welt gewuess.
Scho Mëtt Juni sinn zuelräich Ziichter am Nörderjütland um Virus infizéiert, an de Covid-19 huet sech zënterhier op 207 Farmen am Norde vum Land ausgebreet (Stand 4. November 2020).No den Erkenntnisser vum Institut an op Recommandatioun vun der Veterinärsverwaltung an dem Gesondheetsamt gouf um 1. Oktober 2020 schliisslech decidéiert all infizéiert Déieren, sou wéi d’Näerzer an engem Radius vu 7,8 Kilometer ëmzebréngen.
D’Regierung huet geplangt, datt d’Pelzfarmen fir all doudegt Déier 20 dänesch Krounen (ëmgerechent 2,69 €) kréie sollen, wa si déi ganz Population ënnerhalb vun 10 Deeg schluechten. Fir Farmen mat manner wéi 7.500 Déieren si 5 Deeg festgeluecht. Et ass ugekënnegt, datt d’Police an d’Arméi d’Ëmsetzung kontrolléieren.
Wärend d’Autoritéiten op hirer offizieller Internetsäit keng Ugaben zur genauer Unzuel un Déiere maachen, déi ëmbruecht solle ginn, ass an de Medien vun enger Zuel tëscht 15 a 17 Milliounen Näerzer riets.
Net nëmmen an Dänemark handelt een esou bluddeg konsequent. An den USA hunn d’Farmen zu Utah ëm 10.000 Näerzer missen ëmbréngen, a Spuenien sollen et am Juli souguer bal 100.000 gewiescht sinn – doriwwer ass allerdéngs net esou vill bericht ginn, wéi am Fall vun Dänemark.
Opmaacherbild: © Peta.org