Search

You may also like

Regierungsrot: kuerz zesummegefaasst…
International Neiegkeeten Stories

Regierungsrot: kuerz zesummegefaasst…

Um Donneschdeg huet de Premier wéi gewinnt de Regierungsrot presidéiert,

Bestietnes fir jidderee och elo op Malta
International Neiegkeeten Stories

Bestietnes fir jidderee och elo op Malta

Malta mécht d’Bestietnes op. Et kënnt enger Revolutioun gläich. E

Den „Etat de Crise“ gëtt ëm dräi Méint verlängert
International Neiegkeeten Stories

Den „Etat de Crise“ gëtt ëm dräi Méint verlängert

Samschdeg 14 Auer um Krautmaart: All déi an der Chamber

Dänemark schéckt seng syresch Flüchtlingen heem

D‘Regierung huet aus Iwwerzeegung „Deeler“ vu Syrien als sécher erkläert, firwat de Statut vun de Flüchtlingen aus dem Biergerkrichsland opgehuewen ass

Dänemark schéckt seng syresch Flüchtlingen heem

Zanter Deeg ëmmer dat selwecht Bild: ee klenge Grupp vu Syrer zitt mat Plakater a Klappstill virun de Sëtz vum dänesche Parlament zu Kopenhagen. Si hunn nëmmen eng Fuerderung, an déi ass och eng Message „Stoppt d‘Ausweisungen no Syrien“.

De Grond fir de Protest vun dësen eigentlech éischter rouege Mënschen, läit an der Decisioun vun den däneschen Autoritéiten, Deeler vum Biergerkrichsland Syrien als Sécher ze erklären. Datt elo d‘Regierung de Baschar al-Assad fir en zolitten Drecksak an Autokrat hält, dësem esouguer däitlech ënnerstellt Gëftgas géint déi eege Leit agesat ze hunn, wäert d‘Entscheedung net beaflosst hunn.

An esou wéi déi Lëtzebuerger Regierung entscheet huet, datt Afghanistan ee séchert Land ass, wuel well hinnen déi prowestlech a progressiv agestallten Taliban esou sympathesch sinn, esou hunn eis dänesch Frënn beschloss, datt en Autokrat, déi tierkesch Zaldoten (inklusiv de vun Ankara gestäipte radikalislamesche Milizen) a ganz Allgemeng, ee Garant fir nohaltege Fridden an Opschwong sinn.

Asylpolitik

Elo kréien déi éischt Flüchtlingen angschtafléissende Courrier, domadder gëtt hinnen notifiéiert, datt hiert Land se brauch fir d‘Zukunft opzebauen, et keng Gefor méi huet a si esou keen Usproch op Asyl oder internationale Schutz hunn. A well Politik och ëmmer eppes Perfides an sech dréit, et gënnt ee sech jo soss näischt, solle virzuchsweis Fraen a Kanner „zeréckgeschéckt“ ginn.

Dat mécht, bezunn op déi dänesch aussepolitesch Bewäertung vu Syrien als Land, dem Wëssen datt Russland – eng vun de fortschrëttlechsten Demokratien – de Baschar al-Assad a seng Gesellen am Grëff huet, scho Sënn. An si leeschten, well jo nëmme Mënschen zeréckgeschéckt ginn, déi (nach) net zu militäreschen Zwecker kënnen agesat ginn, gewësser Moossen zum Fridden am Land bäi.

D‘EU-Asylpolitik muss besser ginn

An esou wéi eise Stengeforter Humanist Jean Asselborn, ass och déi dänesch Regierungscheffin, Mette Frederiksen offiziell eng Sozialdemokratin. Richteg ass och, datt sech dës Damm ëmmer ganz kloer am Kontext vun der Asylpolitik positionéiert huet. An dëser gehéiert et zur logescher Konsequenz, datt wie kee Schutz méi brauch, well d‘Gefor net méi besteet, muss nees heem goen.

Eigentlech net wierklech ee Statement deen een der Politikerin kann ëm d‘Ouere schloen, just datt hei eng ganz – wat wuel der Sozialdemokratie-Zwee-Punkt-Null muss geschëlt sinn – abstrus, bis carrement verbriecheresch Interpretatioun vu „Sécherheet“ virgeholl gëtt. Mee Politik mécht ee jo virrangeg National, an datt Sozialismus och „National“ ka sinn, ass geschichtlech referenzéiert.

Dat fir ze erklären, datt déi dänesch Regierung am léifste guer keng Asylanten a Flüchtlinge bei sech wëll hunn. Esou heescht et, datt am Parlament vill Beamten a Juristen, wuel ënnerstëtzt vun Humanisten, un enger Gesetzreform schaffen. Et soll méi schwéier ginn Asyl unzefroen, a virun allem soll et rechtlech Grondlag ginn, d‘Demandeure carrement aus der Unioun auszeweisen.

Amnesty International an Dänemark kann nëmme Staunen. Wärend d‘Regierung hir Bierger ganz kloer viru „Liewensgefor“ bei envisagéierte Reesen op Damaskus warnt, selwer beklot datt dem al-Assad seng Geheimpolice scho Mënschen déi „zeréckgefouert“ goufe gefoltert an ëmbruecht huet, ass Syrien fir Flüchtlingen, wann se weiblech oder ganz jonk sinn, jo guer net esou geféierlech.

Eng Virbildfunktioun fir Europa

Elo ass et natierlech méiglech, datt déi dänesch Regierung, déi nei humanistesch Ausriichtung vun der Europäescher Unioun, net deenen esou op Charmoffensiven ausgeluechte Regierungen, wéi déi polnesch an ungaresch, iwwerloosse wëll. Mee gutt, dës „nei Politik“ gëtt zimmlech däitlech vun der dänescher Populatioun gedroen, fir net ze soe gefuerdert. A wirtschaftlech mécht et och Sënn…

Ob elo déi wierklech all Risiken a méiglech Geforen ausschléissend asylpolitesch Decisioune vum Mette Frederiksen an dem dänesche Parlament, esou eppes wéi Virbildfunktioun bannent der EU kéint hunn? Eigentlech schonn, woubäi een de politeschen Opportunismus net ausser Siicht loossen dierf. Esou eng Politik ass nëmme méiglech, wann se vun de Bierger am Land matgedroe gëtt.

Asylpolitik

Nach sinn net all d‘Europäer (wuel och net all d‘Dänen) bereet sech vun Egoismus an Haass leeden ze loossen, firwat Réckféierunge vun Asylanten/Flüchtlingen an der Europäescher Unioun éischter punktuell a virzuchsweis diskret duerchgezu ginn. Wuel gi systematesch Gewalt an Drogen agesat, fir Mënschen ze verfrachten, datt geschitt da méiglechst ouni matdeelungsfreedeg Komplizen.

Op där aner Säit, esouvill Éierlechkeet soll scho sinn, wann d‘EU iwwert den Ëmwee vu senger Grenzschutzmiliz „Frontex“ ganz aktiv derzou bäidréit, datt Mënschen am Mëttelmier ersaufen, kann een déi wou ukomm sinn, och zréckschécken an hoffen datt déi nächst Nossschuel mam Problem ënnergeet. Eng zweet Chance bidden och d‘Lager, an d‘Gewaltbereetschaft am Balkan…

mat indymedia/cph

Foto: Zum 21. Mee ware schonn 380 syresch Flüchtlingen opgefuerdert gi fräiwëlleg an hir sécher Heemescht zeréckzegoen. Als Alternativ ass dëse Mënschen en Openthalt an engem Ausweisung-Lager an Aussicht gestallt ginn. Well Fraen a Kanner keen Déngscht un der Waff musse leeschten, sollen si den Terrain virbereeden an Hëllefen d‘Land nees opzebauen. © Anna Lekas Miller / HRD Denmark

Related topics Asylpolitik, Ausweisung, Dänemark, Mette Frederiksen, Réckféierung, Sécherheet, Sozialdemokratie, Syrien
Next post Previous post