Search

You may also like

Editorial: Just gutt gemengt oder stécht méi derhannert?
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Just gutt gemengt oder stécht méi derhannert?

Am Kontext vun der pandemescher Lag am Land, deet sech

Jonk, dynamesch an um Wee zum Erfolleg
Kultur Neiegkeeten

Jonk, dynamesch an um Wee zum Erfolleg

Wann et ëmmer geheescht huet: „An der Schoul léiert ee

Neie Stroossebelag fir d’Hammer Strooss
Kultur Neiegkeeten

Neie Stroossebelag fir d’Hammer Strooss

Vum 11. bis den 13. September kritt de Stroossebelag an

Danzschoulen an Nout

Wann d‘Politik och ouni Sënn a Verstand handelt, esou geschitt dat elo net ëmmer ganz bewosst

Danzschoulen an Nout

No iwwert engem Joer Pandemie unzehuelen, datt déi politesch Acteure wou d‘Entscheedungen huele mussen, wësse wat se maachen, huet méi mam Prinzip „Hoffnung“ wéi mat der Realitéit ze dinn. Bis heihinner huet keen eenzegt Covid19-Gesetz verständlech an novollzéibaren Inhalt mat sech bruecht, an dat féiert och weiderhin zu vill Problemer.

Iwwerall a fir alles huet et Virschrëften, ausser do wou „geschafft“ gëtt, well wann et an der Schoul 30 M² pro Schüler bréicht, oder op de Ministèren 30 M² pro Beamte bréicht a firwat net dann och am Zuch oder Bus 30 M² pro Voyageur, wier d‘Gejäiz grouss. Wann een awer enger Danzschoul pro Schüler 30 M² operleet, fir dierfe Coursen ze halen, fënnt dat zu Lëtzebuerg nees jiddereen normal.

Dat ass natierlech besonnesch fir déi sougenannt Privatschoulen zimmlech brutal, well déi seelen iwwer grouss Raimlechkeete verfügen. Firwat dës Danzschoulen elo net méi Plaz hunn, verstinn d‘Politiker net, wou et dach zu Lëtzebuerg gënschteg Raimlechkeeten am Iwwerfloss huet. Wann déi sech mat 150 M² zefridde ginn, esou muss dat jo wuel ee ganz perséinleche Choix sinn, oder?

Interessant och de Constat, datt d‘Danzcoursen am Stater Conservatoire, net ënnert déi genial well politesch wichteg Decisioun vun den 30 M² pro Dänzer falen. Am Conservatoire ginn dann och, aus Grënn, 10 M² pro Schüler duer. Fir 21 Privatschoulen e Grond vun Diskriminéierung ze schwätzen. An tatsächlech ginn dësen Danzschoule gewalteg d‘Schüler aus, Schléissungen net ausgeschloss…

Sport, Educatioun oder Kultur?

Esou beispillsweis déi vum Li Marteling viru véier Joerzéngte gegrënnten Danzschoul, mee och anerer wéi „Helen‘s Dance“ an der Stad, oder d‘Danzschoul Renée Niro zu Schuller. Keng Galaen 2020 a wuel och net 2021; Salairen, Cotisatiounen a Loyere mussen awer bezuelt ginn. Mee do gëtt et jo d‘Staatshëllefen? Ma esou wéi ee feststelle muss: eigentlech net wierklech, firwat dann och?

Wat an dësem Kontext och veriergeren dierf, ass de Fait datt an der Regierung déi lénk Hand net matkritt wat déi riets esou dreift. An esou ergëtt et sech beispillsweis, datt net emol d‘Beamte wësse wéi eng Reegel fir privat Danzschoulen unzewennen ass. Ass et déi vum Educatiounsministère, déi vum Mëttelstandsministère oder schlussendlech déi vum Sportsministère? Kee well drugoen…

Säitens der Regierung huet et dann elo geheescht, datt Danze keng Konscht a schonn emol guer net eng Wëssenschaft ass, mee éischter Gymnastik also folgerichteg eng sportlech Aktivitéit, firwat da wuel de Sportsministère zoustänneg sollt sinn. Hätt Danzen eppes mat Konscht oder Kultur ze dinn, a wier et eng „Ausbildung“, esou wéi dat vu Conservatoiren ugebuede gëtt, wier et eng aner Saach.

Illustratioun: © Naitian Wang / unsplash

Related topics Conservatoire, Danzen, Danzschoul, Konscht, Kultur, Sport
Next post Previous post