Filmtipp: Das Leben ist schön

Am Joer 1939 maache Faschismus an Antisemitismus de Mënschen d’Liewe schwéier. Dausende vu Judde ginn a Konzentratiounslagere bruecht.

Et ass eng bedreelech Zäit – an awer dee Moment, wou de Guido sech an d’Dora verléift. Déi zwee ginn eng Koppel a kréien ee Kand.

D’Liewen ass schéin. Eigentlech. Mee Joren dono gëtt de Guido a säi Jong Giosue an ee KZ deportéiert. An obwuel d’Dora net muss, decidéiert hatt an den déidlechen Zuch ze klammen.

« Das Leben ist schön » ass ee Film iwwert den Holocaust – awer och iwwer Mënschlechkeet, Feigefill an Humor. A genee dofir gouf en deemools mat zuelräiche Präisser iwwerschott.

Fir säi Bouf Giosué virun deem Albdram ze schützen, mécht den Guido esou, ewéi wann et sech géing ëm een wochelaangt Spill handelen. Dozou géingen Horrorgeschichten erzielt ginn an d’SS-Männer d’Matspiller quälen. Wien sech dovunner net beandrocke léisst an dem Honger Meeschter bleift, kritt Punkten opgeschriwwen.

De Gewënner kritt nämlech ee Panzer …

Seng Participatiounsnummer huet de Guido sech antatowéiere gelooss, esou kann hien se net verléieren. An och wann hien owes, no den onmënschleche Strapazen an d’Barack zeréckkënnt – fir säi Jong huet hien ee Laachen iwwereg.

Nodeems d’Amerikaner kommen, gëtt d’Konzentratiounslager geraumt. De Guido schéckt säi Jong fort – sech verstoppen, hie soll erauskommen, wann alles roueg ass.

Ech hunn de Film schonn e puermol gesinn, e geet un d’Häerz. D’Emotioune gi mat engem duerch, mee dono? Et fillt ee sech lieweg. Dankbar. An et ass ee voller Hoffnung – datt sech esou eppes onmënschleches ewéi den Holocaust net méi widderhëlt.

Villäicht ass et un der Zäit, en nach eemol ze kucken …

Dernières nouvelles