Search

You may also like

money
Editorial: a wat wann et 2019 zur Finanzkris kënnt?
Kultur Neiegkeeten

Editorial: a wat wann et 2019 zur Finanzkris kënnt?

D‘Experte schéngen sech eens ze sinn: 2019 kënnt et zur

LISER: Eng Etüd iwwert d‘Evolutioun vun der Aarbecht
Kultur Neiegkeeten

LISER: Eng Etüd iwwert d‘Evolutioun vun der Aarbecht

Dat Lëtzebuerger Institut fir Sozio-Ekonomesch Fuerschung (LISER) huet sech am

D’USA sinn onzefridde mam „Partner“ Pakistan
Kultur Neiegkeeten

D’USA sinn onzefridde mam „Partner“ Pakistan

Um Donneschdeg huet Washington ugekënnegt, d’Iwwerweisung vun honnerte Milliounen u

Tarantula Distribution presentéiert „Das Vorspiel“: Vu musikaleschem Perfektionismus an onerfëllten Dreem

Tarantula Distribution presentéiert „Das Vorspiel“: Vu musikaleschem Perfektionismus an onerfëllten Dreem

Am September 2019 huet der Regisseurin Ina Weisse hiren Drama Das Vorspiel (L’Audition) seng Première um Toronto International Film Festival gefeiert. Ab dem 4. Mäerz kënnt d’Wierk iwwert onerfëllt Dreem vun enger talentéierter Solistin an hire Wonsch, eng aner Persoun grouss erauszebréngen, och zu Lëtzebuerg eraus.

Das Vorspiel

“Das Vorspiel” © Judith Kaufmann – Lupa-Film

Huet d’Anna ee gutt musikalescht Gespier gewisen, oder huet säi Bauchgefill et dach getäuscht? Bei der alljäerlecher Opnahmeprüfung setzt d’Museksproff sech fir den Alexander an a geet soumat géint d’Meenung vun den anere Proffen. War hir selwer d’Karriär als Solistin verweigert bliwwen, esou soll hien et elo fir si mat packen. Mat immenser Passioun fir d’Gei an Zouneigung fir de Bouf, wëll si hie fir d’Tëscheprüfungen am kommende Semester virbereeden.

Das Vorspiel

“Das Vorspiel”© Judith Kaufmann – Lupa-Film

Wärend si hir ganz Zäit dem jonke Kärel zouwennt, leit d’Famill ënnert der Absence vun der geléifter Fra a Mamm. Dem Anna säin eegene Jong kritt d’Mamm kaum nach ze gesinn, an och d’Bestietnis mam Philippe brécht lues awer sécher auserneen. Wärend déi ambitiéis Museksproff hire Kollege beweise wëll, wat fir ee grousst Talent si am Alex erkannt huet, gëtt d’Distanz tëscht hirer eegener Persoun an der Famill ëmmer méi grouss.

Gefollegt gëtt den Drama vun enger Affär mat engem Aarbechtskolleg, an ee komplett desastréise Bühnenoptrëtt, bei där dem Anna seng Nerve versoen. Wat si net packt, soll elo hire begaabte Schützling ëmsou besser hikréien. Mee kuerz ier hien sech beweisen dierf, geschitt een Ongléck.

De Film Das Vorspiel vum Ina Weisse gouf vu LUPA Film produzéiert, dauert 90 Minutten an ass ab 12 Joer. Zu Lëtzebuerg ass Tarantula zoustänneg fir d’Distributioun.

Related topics Das Vorspiel, Drama, Ina Weisse, Karriär, Kino, L'Audition, Lupa Film, Musék, Solistin, Tarantula, Utopia
Next post Previous post