Dat gréisste Verbriechen

Den Holocaust gëllt als dat gréisst mënschlecht Verbriechen. E weist, zu wat Haass, Rassismus an Diskriminéierung féiere kënnen: Milliounen Affer sinn quasi industriell a Vernichtungslager eliminéiert ginn an déi wéineg Zäitzeien leiden haut nach ënnert den Doten vun den Nationalsozialisten, déi hir antisemittesch Ideologie duerchsetze wollten.

Mam haitegen Holocauts-Gedenkdag gëtt un d’Befreiung vun den Iwwerliewenden vum KZ Auschwitz, awer och un déi vill Mënschen erënnert, déi an den Doudesfabricken hiert Liewe gelooss hunn.

Nodeems d’Zaldote vun der 60. Arméi vun der 1. Ukrainescher Front sech duerch dat besate Polen a Richtung Westen virgekämpft haten, konnte si de 27. Januar 1945 d’Paarte vum Aarbechts- a Vernichtungslager Auschwitz opmaachen. Dobäi huet sech der Rouder Arméi e schrecklecht Bild gebueden. Déi meescht Prisonéier waren éischter Geeschter wéi Mënschen.

Nach kuerz virun der Befreiung huet d’SS probéiert all Beweiser, déi op hir Doten hiweisen, ze zerstéieren. Esou goufen d’Krematorien an d’Loft gesprengt an Dokumenter verbrannt. Dës weideren sinn nach emol 600 Prisonéier erschoss an erschloe ginn, wa si dann net virdrun un Erschöpfung gestuerwe sinn.

„D’Verbrieche vun den Nazie waren esou ongeheierlech, datt just wéineg Mënschen sech virstelle konnten, datt d’Berichter net iwwerdriwwe sinn. Eréischt wou déi Alliéiert d’Konzentratiouns- a Vernichtungslager befreit hunn, huet d’Welt dat ganzt Ausmooss vum Verbriechen erkannt“, heescht et um Site vum Anne Frank Musée.

Eleng d’KZ Auschwitz zielt ëm 1,1 Millioune Mënschen, dorënner virun allem Judden, Polen, Roma a sowjetesch Krichsprisonéier. Wéi den Dr. Piotr M.A. Cywinski, Direkter vum Auschwitz Memorial betount huet, gouf hei den Héichpunkt vun der Shoah an dem Vëlkermord erreecht.

Zanter 2005 gëtt mat engem offizielle Commemoratiounsdag un d’Affer vum Holocaust erënnert. Scho virdrun hate Länner wéi Däitschland a Groussbritannien national Gedenkdeeg organiséiert, wärend an Israel säit 1951 um Jom haScho’a, dem Nationalfeierdag, un d’Affer vun der Shoah an de jüddesche Widderstand erënnert gëtt.

Besonnesch elo, wou sanitär Restriktiounen am Kader vun der weltwäiter Pandemie eiser aller Liewe beherrschen, gëtt déi aktuell Lag vu verschidde Gruppen mat den Zoustänn am Holocaust verglach. Domat gëtt zum engen dëst donkel Kapitel vun der Mënscheetsgeschicht verharmlost, zum aneren d’Affer verhöhnt.

D’Vera Grossman Kriegel, eng Holocaust-Iwwerliewend, déi als klengt Kand vum NS-Dokter Josef Mengele maltraitéiert gouf ënnersträicht, datt een haut Sprëtze kritt fir ze liewen. Wärend dem Holocaust goufen se verofreecht fir ze stierwen.

Dernières nouvelles