Search

You may also like

D’DP trauert ëm hire Frënd a fréiere Minister Carlo Wagner (1953-2021)
Meenung Neiegkeeten

D’DP trauert ëm hire Frënd a fréiere Minister Carlo Wagner (1953-2021)

De Carlo Wagner krut d’Politik souzesoen an d’Wéi geluecht. Säi

Yumm Festival um Kierchbierg – Et gëtt kulinaresch!
Meenung Neiegkeeten

Yumm Festival um Kierchbierg – Et gëtt kulinaresch!

Beim Yumm Festival 2019 wäerten nach méi Foodtrucks am Concours

Foire Agricole 2021 – En hybriden Erfolleg
Meenung Neiegkeeten

Foire Agricole 2021 – En hybriden Erfolleg

Mat 8.124 physesche Visiteuren zu Ettelbréck, plus 30.000 Gäscht op

Dat gutt Wieder lackelt, an awer heescht et Nee! (Kommentar)

Dat gutt Wieder lackelt, an awer heescht et Nee! (Kommentar)

Datt et fir den Horesca-Secteur insgesamt, fir d‘Cafetieren awer am besonneschen, net zum beschte steet, ass allgemeng bekannt. Gewosst ass och, datt de Verband an – zumindest fir en net onerhieflechen Deel vu senge Memberen – wuertwiertlech de Kapp tëscht Hummer an Amboss huet, wat déi allgemeng schlecht Stëmmung am Secteur weider befeiert.

Op et den Drock vum Mouvement „Don‘t forget us“, zesumme mat de weidere meng klenge Maniffe war, oder d‘Ekipp vum François Koepp aus „eegener Iwwerzeegung“ ee Freideg bei der Regierung ugeklappt, an déi immédiat Ouverture vun den Terrasse gefuerdert huet? D‘Äntwert jiddefalls war „Nee!“, an et ass dovunner auszegoen, datt sech och keng aner erwaart ginn ass.

Wa mir eis elo och fir Ament dorobber gëeenegt kréien, datt zumindest d‘Terrassen den der Pandemie entspriechenden Ufuerderungen entspriechen, et wier an dëser Stonn net verkéiert de Bléck kuerz vum eegenen Nuebel ofzewennen. A kengem vun eisen Nopeschlänner huet et nach Unäherend esouvill Beweegungsfräiheet an d‘Lag spëtzt sech weider zou. D‘Zuelen si bekannt.

Aus der Situatiounsiwwersiicht, déi d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert presentéiert huet, sti mir eis a Punkto Gesondheetssystemauslaaschtung eenegermoosse gutt, et gëtt weider intensiv getest a mëttlerweil schéngt et och mat den Impfungen ze rullen. Jo et ass nach net alles perfekt an zu allem Iwwerfloss hu mir ee brittesche Variant. Dee setzt sech grad duerch an eege Reegelen op.

Jo et ass richteg, datt stännegt widderhuele vum „et ass ee Marathon“ (dixit: Gilles Baum, DP) ass eng ausgelutschte Kamell, an Joer ass ee laangen Dag. D‘Lescht Joer ëm dës Zäit hu mir vum bevirstoenden Etat de Kris bericht. An zanterhier, vun enger klenger Paus ofgesinn, hunn se zou, eis Bistroen, eis Restauranten… A leider muss et wuel och nach eng Zäitchen esou bleiwen.

Anersäits muss och de Mëttelstandsminister Lex Delles (DP) elo awer wierklech dofir Suerg droen, datt déi versprachen Entschiedegunge bei de Leit ukommen. Och d‘Proprietaire mussen sech mat hire Leit un en Dësch setzen an de Problem un der Wuerzel upaken. Virun Abrëll jiddefalls sollte mir vun der eegener „Terrass“ gebrauch maachen. Esou grouss d‘Loscht och ass, et ass ze fréi…

Illustratioun: pixabay

Related topics Covid19-Pandemie, Horesca-Secteur, Mëttelstandsminister, Regierung, Terrassen
Next post Previous post